St. Louis. D'Haaptstad vum Missouri. Bekannt ronderëm d'Welt fir seng Brauereien a seng „Gateway Arch“.

Vill méi ass do och net ze gesinn, ausser ee klenge renovéierte Quartier laanscht d'Waasser, dat aalt Geriichtsgebai, d'Gare, d'Basilika, an d'Statue vum Hellege Louis um Päerd. Ëmmerhi war d'Stad am 18te Jorhonnert vun de Fransouse gegrënnt ginn, déi allerdéngs schonn e puer Joer drop, 1804, déi brilliant Idee haten, den Amerikaner se, mat der kompletter deemoleger Louisiane, weider ze verkafen. D'Amerikaner free sech bis haut wéi d'Kichelcher iwwer dat gutt Geschäft, wat se deemools gemaach hunn. Ëmmerhin huet deen Deal et den USA ënnert dem President Jefferson iwwerhaapt eréischt erlaabt, no Westen ze expandéieren. D'Gateway Arch heescht dofir och offiziell „Jefferson National Expansion Memorial“. Ee grousse Musée, deen dësen Deel vun der Geschicht vun den USA ënnert d'Lupp hëlt, verstoppt sech ënnert de Féiss vum Bou. Mat enger Zort 60er-Joren-Science-Fiction-Film-Gondel-Lift, kann een d'Been vum Bou eropfueren, fir vun enger Héicht vun 192 Meter aus, op där enger Säit, iwwer d'Stad an eran an de Baseball Stadium, an op där aner Säit, iwwert de Mississippi bis eran an den Illinois ze kucken.

Déi aner grouss Attraktioun vu St. Louis, ass d'Annheuser-Busch Brauerei. Vun engem Däitsche gegrënnt, gehéiert se haut eise belsche Frënn vun AB Inbev. Wien “d'Brewmaster-Tour“ bucht, däerf och hannert d'Kulisse kucke goen, a sech erkläre loossen, wéi e puer vun deene beléifsten amerikanesche Béierzorte gebraut (nach haut no den däitsche Prinzipien), verpaakt a verschéckt ginn. Wien duerno ëmmer nach behaapt amerikanesche Béier wär just faarwegt Waasser, ass einfach ze frou mat bëllege Klischeeën...

D'66 leeft riicht duerch St. Louis, an da weider an d'Land eran, eng Géigend déi vun der Landwirtschaft geprägt ass, mat klengen Dierfer a groussen Häff. Net wäit vu Stanton leien d'Meramec Caverns, déi scho Kilometere virdru vun enormen „Billboards“ laanscht d'Strooss ugekënnegt ginn. Dës Höhlen, déi op alle Fall eng Visite wäert sinn, hu sech een Numm gemaach, well an der Zäit de legendäre Gangster Jessie James sech an hinne virun der Police verstoppt hätt. Net wäit vun de Caverns gëtt et dofir och ee pittoreske Jessie James Musée.

Nach e Stéck weider d'Strooss erof läit dann och scho Springfield. Wéi gesot, eng Plaz op där et wierklech kee Grond gëtt stoen ze bleiwen, ausser et sicht ee grad eng Toilett oder en Hotel. Hanner Springfield geet et genee sou faszinant weider. Iergendwann ass een am Kansas, ouni et richteg matkritt ze hunn. Vun alle Bundesstaaten ass Kansas deen, mat deem klengste Wupp Route 66. Zu allem Iwwerfloss ass dat dann och nach ee vun deenen, deen am mannste gutt an der Rei ass. D'Attraktioune laanscht ze Wee sinn et allerdéngs derwäert, sech duerchrëselen ze loossen : d'Precious Moments Kapell, dee gréissten Totem op der Welt, ee Schongbaam a natierlech de weltbekannten (kee Witz) bloe Wal. Mëttlerweil ass een dann och aus dem Kansas eraus an am Oklahoma ënnerwee. Déi nächst gréisser Stad um Wee ass Tulsa.