Tulsa brilléiert duerch eng ganz Rei architektonesch interessant Gebaier am Art Deco Stil. Also séier weider Richtung Westen...

Mëttlerweil mierkt een, dass een dem Texas méi no kënnt: sporadesch dauchen Uelegtierm- a Pompele laanscht d'Strooss op. Vun elo u gëtt een och erëm mat méi Attraktioune verwinnt: deem eelste Gebai vun Oklahoma (enger rouder, ronner, Scheier), engem Café, an deem den Zuch fiert, engem (vun ongeféier enger Dosen um ganze Wee) Route-66-Musée a souguer engem „Space and Flight Museum“. Kuerz virun der texanescher Grenz läit Erick, eng typesch Western-Stad, wéi sou viller op der Route 66 e bëssen erofkommen, mä ëmmer nach voller authenteschem Charme. Erick ass virun allem bekannt als d'“Hillbillie Capital of the World“, säit den Harley an d'Annabelle hei hiert Onwiesen dreiwen: „Insanity at it's finest“, wéi si et nennen. Wien d'Chance huet, an se trefft, däerf sech op een Erliefnes freeën, wat e sou séier net vergësst. Wann ee sech dann traut sech vun hinne mat heem invitéieren ze loossen …

Déi éischt Statioun laanscht d'Route 66 am Texas ass Schamrock, „the irish City“. A Wierklechkeet ass den Zentrum vu Schamrock haut kaum méi wéi eng Kräizung mat enger ikonescher Tankstell. Schief eriwwer läit dem Big Vernon säi Restaurant, an deem et mat déi gréisste Steaks an der Géigend gëtt. Mä do gewinnt ee sech drun, well et stemmt: „Everything is bigger in Texas !“ Wien iwweregens d'Schëld verpasst hätt, kritt och sou séier mat, dass en an Texas ass: op der Strooss gesäit ee bal nach just Pick-Ups.

D'Road 66 gëtt elo zum „Way to Amarillo“, wéi et sou schéin am Tony Christie sengem Lidd heescht. Dëst Stéck vun der Road 66 ass stëbseg an a schlechtem Zoustand. Mä grat dat mécht hire Charme. Amarillo huet zwar eng flott Downtown – méi präzis wär wuel ze soen: eng flott historesch Haaptstrooss – mä soss sinn do nëmmen 2 Saachen ze gesinn, déi et derwäert sinn, ee klenge Stopp anzeplangen. Déi éischt huet mat Päerd ze dinn, déi zweet mat Kaalwer. Dat éischt ass den American Quarter Horse Museum and Hall of Fame, wou ee gewuer gëtt, dass déi traditionell Quarter Mile, déi haut nach bei Drag-Races gebraucht gëtt, op fréier Päerdscoursen zréckgeet. Dat zweet ass d'Big Texan Ranch, wou jiddereen, deen et fäerdeg bréngt, säi Steak bannent enger Stonn ze iessen, deen net ze bezuele brauch. Dee Steak huet allerdéngs 72oz, also eppes ëm 2 Kilo...

Weider a Richtung Westen, bei der Uertschaft Groom, ass eppes laanscht d'Route 66 net ze iwwersinn: dat mat 58 Meter gréisste fräistoend Kräiz an der westlecher Hemisphäre. Wien et nach net matkrut hat: Welcome to the Bible-Belt! Nach e bësse weider d'Strooss erof, fënnt sech dann déi aner Attraktioun vu Groom: dee (weltbekannten) „leaning Watertower“. Pisa fir Hillbillies.

Eng vun deene charakteristeschsten „Roadside Attactions“ laanscht d'Route 66 ass d'Cadillac Ranch. 1974 goufen hei vu Leit vun Ant Farm, enger Kënschtlergrupp vu San Francisco, 10 Cadillac'en (Modeller vun 1948 bis 1963) mam Capot no fir an de Buedem agegruewen. Virun e puer Joer gouf d'Konschtwierk e puer honnert Meter geréckelt, fir elo an engem Maisfeld ze stoen. Et ass erstaunlech, wéi gutt déi Autoen no all deene Joren nach erhale sinn, och wa Verschiddener wuel just vun den honnerte Couche Faarf a Graffiti zesummegehale ginn, mat deenen all Mënsch, dee laanscht kennt, se dekoréieren däerf. D'Cadillac Ranch gesäit mat deem Geschéck zwar all puer Méint anescht aus – an dach symboliséiert se d'Kontinuitéit vum amerikaneschen Dram wéi wuel kaum een anert Konschtwierk.

Mëttlerweil gëtt et dann och eng Beetle Ranch: eng schlecht Kopie vun der Cadillac Ranch mat VW Käferen...

Weider op der 66 sinn et dann nach just e puer Miles bis op Vega, eng Epave vun engem Duerf, dat eigentlech just aus engem Grond verdéngt huet op der Kaart ze stoen: hei steet de Midway Café, den (inoffiziellen) Mëttelpunkt vun der Route 66. D'Halschent vum Wee ass gepackt. E puer Miles weider waart schonn New Mexico.