Route 66 (4/6): Mexico

New Mexico, d'Land vun den Indianer a vum Tex Mex, nennt sech selwer „Land of Enchantment“. Kulturell huet d'66 hei wäit méi ze bidden.
Fir d'éischt awer recommandéiert et sech, scho kuerz hannert der Grenz vun New Mexico vun der Route 66 erofzefueren, a sech unzekucken, wat et mat Roswell an den Aliens op sech huet. Fir et direkt ze soen: net immens vill. D'Stad schéngt haaptsächlech vun der Landwirtschaft, a fir de Rescht exklusiv vun deene Verréckten ze liewen, déi just dowéinst hei laanscht kommen, well 1947 an der Géigend soll een UFO erofgefall sinn. D'Arméi behaapt bis haut et wär just ee Wiederballon gewiescht, an och een Tour duerch den Ufo Musée an den International Ufo Research Center kann ee kaum vum Géigendeel iwwerzeegen. Dass et op der Haaptstrooss fir de Rescht nach just Souvenirsbutteker mat Alien-Geschir zu ausserierdesche Präisser gëtt, brauch een do wuel net ze präziséieren. Also vive erëm zréck op d'66! Um Wee dohinner läit Santa Rosa, an iergendwou tëscht deenen 2 Uertschafte fënnt sech dem Billy the Kid säi Graf. Net wäit ewech gëtt et och ee Billy the Kid Musée, eng skuril Mëschung tëscht engem Musée wéi mir se kennen, an engem Floumaart. Eng Lektioun léiert een do op jidder Fall: dem gudde (?) Billy säi Liewe war kuerz, an net immens flott. Eng Legend ass en nawell.
Santa Rosa gehéiert zu deene Stied, bei deenen ee sech freet, wat all déi Leit, déi do wunnen, eigentlech maachen... wann se net grat an d'Blue Hole schwamme ginn. Dëst Waasserlach ass an der ganzer Géigend eng Attraktioun an en Unzéiungspunkt fir Taucher, well et net nëmmen immens blo, mä virun allem immens déif ass: gutt 81 Fouss, dat si ronn 25m. Eng flott Geleeënheet der lokaler Jugend hir multiple Tätowéierungen ze bewonneren.
Um Wee an d'Bierger féiert d'66 un engem vun de sëllechen 66 Muséeë laanscht; an deem heite gi virun allem restauréiert Oldtimer an Hotrods ausgestallt. Frënn a Kenner vun dësen Autoen dierften déi puer Dollar Entrée net bereien.
Dann endlech, no enger éischter laanger Biergetapp, kennt d'66 an der Haaptstaat vun New Mexico un: Santa Fe.
Santa Fe ass déi éischt Stad op der Route 66, déi … net ausgesäit wéi eng amerikanesch Stad. La Villa Real de la Santa Fé de San Francisco de Asís, wéi se mam kompletten Numm heescht, gouf am spéiden 16. Jorhonnert vun de Spuenier gegrënnt, an huet sech zënterdeem op d'mannst optesch net vill verännert. Op kaum enger aner Plaz fënnt sech sou eng een harmonescht, historesch intakt Stadbild: souguer déi méi nei Gebaier ronderëm d'Piazza si komplett am traditionellen Adobe-Stil gehal. Santa Fe zielt iwwer 200 Konschtgalerien, bal genee sou vill Kreemchebutteker, an natierlech onzieleg richteg gutt Restaurant'en. Ausserdeem kann een an enger Kapell eng Wendeltrap bewonneren, déi der Legend no den hellege Jousef, wann net souguer de Jesus, selwer gebaut hätt.
Bleiwe mer nach kuerz bei der (kathoulescher) Relioun a beim Glawen: eng gutt hallef Stonn nërdlech vu Santa Fe, läit de Santuario de Chimayo, ënnert de Gleewegen als „Lourdes vun Nordamerika“ bekannt. Mat Lourdes huet dës éischter kleng an artisanal, dofir awer ëmsou méi authentesch Pilgerstätt éischter wéineg ze dinn. Chimayo ass berühmt fir säin „Holy Dirt“, den hellege Sand: wie sech domatter krank Plazen um Kierper areift, ka geheelt ginn. Souguer Ongleeweger kenne sech der spezieller Atmosphär vum Santuario kaum entzéien. Dëse klengen Ofstiecher vun der Route 66 ass deemno op jidder Fall ze recommandéieren. Wie sech fir déi méi rezent Geschicht interesséiert, mécht, wann en da schon an där Géigend ass, ee klengen Tour duerch Los Alamos, wou d'Atombomm entwéckelt gouf.
Zréck op der 66 geet et op Albuquerque, déi ekonomesch Haaptstad vun New Mexico. Wéi bei sou ville mëttelgrousse Stied um Wee gëllt leider och hei: rien à signaler. Weider geet d'Rees duerch Indianer Reservater (déi si guer net frou wann ee fotograféiert), iwwert de legendäre Rio Grande (en ass wierklech „grande“), a schliisslech iwwert de „Continental Divide“, déi Linn, déi sech queesch duerch de Kontinent zitt, a vun där aus d'Waasser op där enger Säit an de Pazifik, an op där aner Säit an den Atlantik leeft.
Déi läscht Statioun virum Arizona ass dat klengt, sympathescht Stiedche Gallup. Ee klenge Stop hei ass schonn alleng derwäert wéinst dem legendären - a stylistesch eemolegen - El Rancho. Dësen Hotel war an der gudder aler Zäit een traditionellen Tëschestopp fir Stars wéi Ronald Reagon, Katherine Hepburn oder Kirk Douglas, wann déi mam Auto ënnerwee vun der Ostküst op Hollywood waren. Déi eenzeg grouss Strooss déi Zäit: d'Route 66!