Route 66 (5/6): Arizona

Direkt nieft der Route 66 leien 2 Nationalparken, déi duerchaus eng Visite (vill méi en Drive-Through) wäert sinn: de Painted Desert an d'Petrified Forest.
A béide Fäll ass den Numm wiertlech ze huelen. Am Painted Desert gesinn d'Bierger an de Buedem wierklech aus, wéi wann ee mat engem risege Pinsel iwwerdimensional faarweg horizontal Sträifen dropgemoolt hätt. Ausserdeem fënnt een hei eenzel Fielsen, wou virun éiweg laanger Zäit déi amerikanesch Urawunner Petroglyphen dropgepinselt hunn. D'Konscht vum Graffiti um amerikanesche Kontinent huet deemno wäit méi eng laang Geschicht, wéi een allgemeng unhuele kéint. Op den éischte Bléck ass d'Petrified Forest eng Wüst, net vill anescht wéi de Painted Desert. Mee iwwerall laanscht d'Strooss leie Bamstämm. Op den zweete Bléck stellt ee fest: et si Steng. Verstengert Beem!
Zréck op der Route 66 a Richtung Westen, dauchen op eemol grouss Billboards laanscht d'Strooss op, op deenen een Hues gewise gëtt, an niewendrun steet eng Zuel: „nach just XX miles“. Ee richtege Countdown, deen se do nieft der Strooss opgebaut hunn, bis een op eemol virdru steet: „Here it is!“ - the world famous Jackrabbit Trading Post. Wat an der Zäit eng wichteg Handelsstatioun war, eng Tankstell, a läscht Plaz virun der Wüst fir de Ravitaillement ze maachen, ass haut kaum méi, wéi Souvenirsbutteker. Trotz allem bleift d'Plaz eng Institutioun laanscht d'66.
Déi nächst Stad op der Route 66 ass Winslow. Zanter den Eagles hirem Welthit „Take it easy“, sinn Dausende Leit hei passéiert, fir deen Eck ze fannen, deem am Lidd zitéiert gëtt („I'm standing on a corner / In Winslow, Arizona / And such a fine sight to see“). Iergendwann ass et de Leit vu Winslow ze lästeg ginn, oder awer, si hunn eng Chance gesinn e puer Su ze verdéngen, an engem Stiedchen an deem soss net méi vill leeft an hunn deen Eck, deen et eigentlech just am Lidd gëtt, einfach mol dohinnergebaut. Gesäit flott aus, huet awer ee komeschen Disneyland-Bäigeschmaach.
Westlech vu Winslow läit Two Guns, eng Ghosttown, déi fréier mol eng Zort Amusement Park war. Haut herrscht hei eng gespensteg Atmosphär. Raten, Coyoten an e puer Schlaange sinn (hoffentlech) déi eenzeg Bewunner vun de Ruinen. Et ass eng vun deene Plaze laanscht d'66, op deenen ee versteet, wéi Dréibuchauteuren op d'Idee fir hir Zombie- an Horrorfilmer komme kënnen. Net wäit hannert Two Guns läit Two Arrows, eng fréier Raststätt, där et am Laf vun de Joeren net besser ergaangen ass, wéi Two Guns. Déi zwee grouss Feiler, déi der Plaz hiren Numm ginn hunn, stinn allerdéngs nach ëmmer.
Der Route 66 geet et an dëser Géigend net besser: iwwer laang Strecken ass nach just ee stëbsege Feldwee iwwereg. De Verkéier leeft haut haaptsächlech iwwer déi 4-spuereg I-40. Bei der Uertschaft Williams läit Bearizona, deen eenzege Safari-Park an der Géigend, an deem et virun allem lokal Déieren ze kucke gëtt, Wëllef, Bison'en, Ieselen…a wéi den Numm et scho seet: Bieren.
Ee Stéck weider d'Strooss erof kënnt een op Seligmann (dohanne gëtt dat „Zelick-Mähn“ ausgeschwat), wou et e puer flott restauréiert historesch Gebaier, dorënner dee sympathesche Route66 Motel ze bewonnere gëtt. Wien Honger huet, däerf den „Road Kill Café“ net verpassen. Dëse Restaurant ass uechter d'ganz Géigend bekannt fir säi Slogan „You kill it, we grill it !“
Hanner Seligmann leien d'Grand Canyon Caverns. Am Laf vun de Joer waren déi och scho mol als Dinosaur Caverns bekannt, woufir dann och nach eng ganz Partie Beton's Dinoën duerch d'Géigend stinn. Hiren aktuellen Numm hunn dës Höhlen, déi zu deene gréissten an Nordamerika zielen, well si duerch ënnerierdesch Kanäl effektiv mam Grand Canyon - ca. 50 Miles méi wäit - verbonne sinn. Während dem kale Krich waren d'Caverns als Loftschutzbunker am Fall vun engem atomaren Ugrëff ausgebaut ginn; d'Noutratiounen Iessen a Waasser lageren haut nach an enger vun den Halen. Des Caverns sinn donieft bekannt fir dat eenzegt ënnerierdescht Motelzëmmer vun der Welt, an deem wéi et schéngt regelméisseg jonk Koppelen hiren Honeymoon verbréngen.
No Kingman verwandelt d'Route 66 sech lo lues a lues an eng Biergstrooss, wéi een se vläit éischter an der Schwäiz erwaarde géif. D'Temperature klammen am Summer hei op gutt iwwer 100° F / 40° C. Matten an de Bierger läit dat fréiert Goldgriewer-Duerf Oatman. Haut liewen hei wëll Burritos (Ieselen, déi fréier an de Minnen zum Asaz koumen), a mëll Geschäftsleit, déi hir Sue mam Tourismus verdéngen. Hannert Oatman kann een da scho bal Kalifornien hannert de Koppe gesinn.