Ee beléiftent Ausfluchsziel fir d'Leit aus dem Arizona an aus dem Oste vu Kalifornien ass de Lake Havasu, eng knapp Stonn südlech vun der Route 66.

Wien net grat Waassersport well maachen, kann do allerdéngs net wierklech vill ufänken, ausser vläit nach d'London Bridge bewonneren, déi ëm 1970 Stee fir Steen an der britescher Haaptstad ofgebaut, an hei zu Havasu rëm opgebaut gouf. Et gënnt ee sech jo soss näischt.

Déi aner Säit vum Colorado läit Needles, déi éischt Uertschaft op dem kaliforneschen Deel vun der Route 66. Et ass een eigentlech séier doduerch, well et hei net vill Besonnesches ze gesi gëtt. Alles an allem eng gutt Plaz fir ze tanken, well duerno kënnt laang Zäit nëmme Wüst. De Mojave Desert. Matzen dran, zu Newberry Springs, läit eng vun deene berühmtesten Attraktiounen op der 66 a Kalifornien: de Bagdad Café. Dëse skurile Stop huet am Laf vun de Joren eng TV Serie, an e puer Filmer, dorënner „Out of Rosenheim“ inspiréiert.

Déi éischt méi gréisser Uertschaft um Wee ass Barstow, wou et eigentlech nëmmen eppes ze kucke gëtt: d'Casa del Desierto, eng fréier Gare mat integréiertem Hotel. Ee wierklech flott historescht Gebai, wat an dësem Ëmfeld e bësse wéi eng Fata Morgana wierkt. Déi nächst Statioun ass San Bernadino, d'Haaptstad vum County, mam selwechten Numm. Eng typesch amerikanesch Provënzstad, mat e puer interessanten historesche Gebaier. Wien en ausgefalenen Hotel an der Géigend sicht, kann op de Wigwam Motel zeréckgräifen, deem säin Numm natierlech Programm ass: hei gëtt am Indianerzelt geschlof. An engem Groussen aus Betong awer...

D'Géigend ronderëm d'Route 66 ass lo ëmmer méi dicht bewunnt, een Duerf hänkt sech un dat anert, bis ee sech iergendwann an der Banlieue vu Los Angeles eremfënnt. Iwwer Pasadena geet et op de Santa Monica Boulevard, wéi d'Route 66 vun elo un heescht. Vun hei u brauch een nach just der Strooss nozefueren, bis een endlech um Santa Monica Peer, an domat um Pazifik steet.

D'Rees ass eriwwer.