Mam Christian Schmit (Text) a Lotty Welfring (Fotoen) ënnerwee op den holläneschen Antillen. (01.01.2011 – 13.01.2011).

ABC, jo effektiv esou ginn d’hollänesch Antillen, eng 50km virun der Küst vu Venezuela, resp. Kolumbien dacks vermaart. Den A steet fir Aruba, de B fir Bonaire an den C fir Curaçao.

Di dräi Inselen si ganz iwwersiichtlech, esou dass Island-Hoping, wëll soen di dräi Inselen während enger Vakanz besichen duerchaus Sënn mécht, an dat net zulescht well si just eng hallef Stonn Fliger vunëneen ewech leien, a jidereng hiren eegene Charme huet.

Eng Fährbverbindung existéiert net. Insel Air an Dutch Antilles Express fléien e puer mol am Dag tëscht den Inselen hin an hir.

Bonaire, 39 op 8 km grouss mat senger klenger Haaptstaad Kralendijk, behaapt vun sech « Diver’s paradise » ze sin. Daat stemmt, mee och Schnorchler wi mir kommen voll op hir Käschten. Vu verschiddenen Terassen kann een d’Fësch am glaskloere Waasser mam bloussen Aa erblecksen.

Graad emol 14 000 Awunner gin et hei, di meescht an der Staad, d’Insel ass nemmen denn besiedelt, a vun Massentourismus keng Spuer. Op ganz Bonaire geet et ganz gemitlech. Alles e Gank méi lues.

Ze kucken geett et nach d’Salinen am Süden, de Washington Slagbaai Nationalpark, dee baal en Drëttel vun der Insel anhellt, a sech bis op di rau a well Ostküst erstreckt, enger Hellewull Kaktussen. Besonnesch beléiwte Fotomotiv sin awer och di rosa Flamingoen, Pelikanen, a natirlech Echsen an alle Gréissten a Reeboufaarwen.

RTL

Aruba, hire Motto „one happy island“ ass mat sengen 270km2 ähnlech grouss wéi Bonaire. Hei ass schon méi lass. Haaptsächlech d’Amerikaner leen sech hei gären an d’Sonn, well Aruba huet définitiv di beschte Stränn, wann nett esuguer di bescht an der Karibik. Oder si versichen hirt Gléck am Casino. D’Glécksspill lackelt awer och a villen Hotelen.

RTL

De Casino steet no bei der Uferpromenad zu Oranjestaad, do leen och bal all Dag di grouss Croisièrescheffer un, a well d’Insel Tax free ass, gett dann och geshopt bis d’Visakaart a Frenchelen ass.

Aanerer gin tauchen, maachen en Tour iwer d’Insel, mee och Deep Sea Fishing ass ganz beléiwt.

Op Aruba gett et di meeschten Hotelen. All international Chaînen sin hei vertrueden. Niewt dem Tourismus a Gambling suergt eng Raffinerie am Süden vun der Insel, fir Arbechtsplaazen an Devisen.

Curaçao, ass 60km laang an 11km breet, di gréisst vun deenen drai. Eise Vëlosprofien, de Schleckbridder ass Curaçao bekannt, si sinn dach regelméisseg bei der Amstel Curaçao Race um Départ.

Hei wunnen ëmmerhin schonn iwer 150 000 Leit. An och hei bestet d’Vegetatioun bal nëmmen aus exotesche Kaktussen. Felder a Wissen gin et keng. Genee wéi op deenen zwou aaneren Inselen kennt d’Uebst a Geméis bal all aus dem noen Venezuela.

Zu Willemstad, der Haaptstaad vun Curaçao gëtt esuguer e "Floating Market".

Di dräi Inselen an der Karibik sinn a sech onofhängeg an hunn hirt eegent Parlament, mat

RTL

awer och engem Représentant am hollänesche Parlament zu Den Haag. D’affaires étrangères, Douane an Défense sin an hollänescher Hand, an duerch di emmer nach enk Attachen mat Holland huet dann och all ABC Insulaner en hollänesche Pass.

Ganz agréabel ass och d’Klima mat enger relativ konstanter Temperatur em déi 29 Grad, a wéineg Loftfichtegkeet.

Iwregens leien d’ABC Staaten nett am Hurrikan-Rank, a bleiwen esou vun Stuermschied verschount. Eigentlech kann een d’ganzt Joer dohin, mee an de Méint September bis Dezember fällt dee meeschte Reen.

Kuerz an ganz kräfteg Schaueren sin an de Karibikstaaten jo eigentlech emmer dran, an vun deenen sin och mir geduscht gin.

Via Amsterdam sin et d’Volen déi a Südamerika fléien, déi eng Escale op den Antillen aleen, an esou kann een a gudd 9 Stonnen dem Wanter de Reck dréinen, a Schnéilandschaft mat Sandstrand a Palmen tauschen.

Gutt Wieder an agréabel Temperaturen si sécher een Argument fir dohin, mee d’Ennerwaasserwelt ganz kloer en aanert.

Onkomplizéiert, direkt vun dem Beach aus kann een als Taucher oder Schnorchler ganz séier op Du an Du mat exotesche Fësch sin.

En excellent ausgeschelderten Marine-Park op Bonaire weist engem de Wee bei di beschte Plazen.

Eng Partie Schëffswracken ronderem suergen bei Taucher fir weider Attraktivitéit.

RTL

Op den holläneschen Antillen gin et keng gefteg Déieren a Planzen, ausser engem Sonnebrand kann iech nett vill geschéien, well och d’Kriminalitéit ass quasi inexistent an Impfungen gi keng recommandéiert.

Vill kaphollänesch Haiser erënneren nach un di Zait wéi d’Inselen nach hollänesch Kolonie war. Di schéinst stin sonner Zweifel zu Willemstad. De Fort Amsterdam ass e gudd Beispill a kuckeswert.

RTL

Oder et relaxt ee gemittlech op enger Terrass, drenkt e Blue Curaçao Cocktail, Nationalgedrenks, a kuckt den Insulaner no.

Eng Attraktioun ass d’Queen Emma Ponton Breck, déi d’Staddeeler Otrobanda an Punda matenee verbennt. Jo a wann duerch St. Annabaai e Scheff vum Hafen op d’Mier well, da gett di Breck ganz einfach eriwergeschwenkt, an dann muss den Tourist oder Einheimeschen mat der gratis Fähr iwwergesaat gin.

Mee och ausserhalb vun der Stad gett et mat der Aloe Vera Plantation, enger Straussefarm, an natirlech där Curaçao Liqueur Disillery, wou den originaal Blue Curaçao sain Ursprong huet, eppes ze erliewen. Jo a well d’Insel jo nett grouss ass, bleiwt trotz dem City Trip Ausflug emmer nach Zait fir sech am Mier ofzekillen, an spéider op der Sunsetlounge dee Sunset nett ze verpassen.

Di hollänesch Antillen entdeckt een am beschten mat engem Locatiounsauto, well den ëffentlechen Transport léisst ze wenschen iwreg, ausser vlaicht op Aruba.

Op den ABC Inselen gett hollänesch, englesch a spuenesch geschwat, a natirlech hiren Dialekt „Papiemento“.

Och wann Aruba Bonaire a Curaçao Attachen zu Holland hun, et gett nett mam Euro, mee niewt hirer Währung mam Dollar bezuelt.

Op den Dësch kennt vill frësche Fësch aus dem Mier, d’Kichen ass karibesch mat vill europäeschem Afloss.

RTL

Je no Stand vum Dollar emfend een d’Liewen méi oder manner deier wéi an Europa.

ABC, di hollänesch Antillen an der Karibik, eng Rees wert, an ideaal fir den europäesche Wanter mat engem Break ze verkierzen.

Méi Impressiounen an Informatiounen gin et op www.tourismbonaire.com, www.aruba.com, an www.curacao.com