Den Daniel Tesch bréngt een a Verbindung mat sengem Posten als Direkter vum ACL.

Manner bekannt ass, dass hien och 8 Joer fir d'Arbed a Brasilien geschafft huet a sech elo als Restaurateur en Numm gemaach huet. Am "Café des artistes" zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten, firwat hien deemools als Direkter huet mussen zrécktrieden a firwat et mat senger klenger Revolutioun an der Taxisbranche näischt gouf. Mir héieren, dass seng Fra bei "Fade to Grey" déi weiblech Stëmm war, hie verréit firwat seng Karriär am Rugby eng kuerz war a gi gewuer, dass de Maître Vogel geleeëntlech mat Waasserfläschen no him geheit huet.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am "Café des artistes" wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.