Déi siwefach Sportlerin vum Joer Christine Majerus verréit, wéi haart a geféierlech de Vëlossport ass.

Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel geet et ëm den éischten Kontrakt, awer och d'Zäit tëscht de Courssen, déi net glamouréis ass a wou et och emol am Bus eran drëpst.

D'Christine erënnert drun, wéi se vun engem Auto ugestouss ginn ass a firwat se schlussendlech näischt mat Ëmwelt an Natur gemaach huet an elo ganz am Déngscht vun der Arméi steet. Et geet ëm eng witzeg Doppingkontroll, gutt Iessen, schéin Kleeder an d'Party am Katar.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am "Café des artistes" wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.