RTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Fernand Guelf

De Fernand Guelf ass bekannt als Gastronom. An der Zäit als Chef vum Melusina, iwwer d'Brasserie Mansfeld bei elo d'Brasserie Kirchberg.
Bei him trëfft den däitsche Sproch 'Wer nichts wird, wird Wirt' net zou, well de Fernand Mathias Guelf ass och Philosoph a Schrëftsteller an huet nieft Philosophie och däitsch Literatur a Geschicht studéiert. Hien zielt dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten iwwer säi Papp dee 'Sheriff zu Waasserbëlleg' war, seng Zäit zu Iechternach an der Bullett a säin éischte Streik. Mir gi gewuer firwat hien no 25 Joer keng méi umécht, dass hien den Alain Delon aus der Eifel genannt gouf a firwat seng Karriär bei RTL sou abrupt op en Enn goung.
Piano: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren
Wann der am "Café des artistes" wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.