Wéi een Effet hat d'Pandemie op d'Cybersécherheet an d'Cyberkriminalitéit?

© Yolande Roller SecurityMadeInLu
D'Cyberkriminalitéit klëmmt, dat net an absolutten Zuelen, ma virun allem, wat de Succès vun den Attacken an och de Schued, deen doduerch entsteet, ugeet.
Dat ass awer keen Effet vun der Pandemie eleng, ma e Constat, deen een iwwer déi 2-3 Joer scho gemaach huet. D'Pandemie hat just een "effet accélérateur" a Punkto Digitalisatioun.
Op eemol huet alles musse vun doheem aus am Télétravail fonctionéieren, deementspriechend gouf d'Digitalisatioun an och d'Cybersécherheet wärend der Pandemie e gutt Stéck virubruecht, erkläert de Pascal Steichen CEO vun der staatlecher Agence "Security Made in Lëtzebuerg".
"Fir eis huet sech dat scho bemierkbar gemaach an dem Sënn, dass mer vill méi Ufroe krute wéi normalerweis. Fréier, also virun 2-3 Joer, war et éischter den ëmgedréinte Wee. Dat heescht, dass mir am Fong scho gesinn hunn, dass do ee Problem entstanen ass an hunn dann d'Firma kontaktéiert, dass do ee vun hire Serveuren net richteg fonctionéiert. An dat huet sech duerch d'Pandemie schonn ëmgedréint, well d'Vue op d'Informatik vill méi intensiv war a vill méi grouss."
Een anere Constat, deen d'Experte vun "Security Made in Lëtzebuerg" och schonn zanter 2-3 Joer maachen an dee sech wärend der Pandemie nach verstäerkt huet, ass, dass verschidde Persounen oder Employéë ganz geziilt mat Attacke viséiert gi wéinst hirer Funktioun.
"Zum Beispill ganz oft gi Leit aus de Finanz-Departementer oder Ressources-Humaines-Departementer vu Firmen ugeziilt, well déi relativ vill Accès op d'Entreprise hunn oder well se Accès och hunn op Suen a sou weider. Dat heescht, fir déi iwwer éischter esou Tricken oder technesch nennt een dat "social engineering" drun ze kréien, dass se iergendwou drop klicken oder eppes installéieren an esou dem Kriminellen esou d'Dier opmaachen."
Déi grouss Majoritéit vun de Cyberattacken, ronn 70 Prozent, geschitt ëmmer nach iwwer den sougenannten "Phishing" - also eng Attack iwwer Email.
"De Begrëff Phishing kënnt vum Thema "Password-Phising". Dat heescht, dass een e Passwuert fëscht an domat och den Accès kritt. Et geet drëms, dass een als Persoun getäuscht gëtt an deem Kriminellen Accès op säi System gëtt, sief et de Privat, sief et dee vun der Firma. An iwwer dee Wee, lues a lues schafft e sech do weider bis en eppes fënnt, wat wierklech, also wou e Geld kann domat maachen."
Nieft dem Phishing ginn et och Attacke mat Virussen an sougenannten "Malware" oder d'Ausnotze vu Software-Schwaachstellen. Ëmmer méi Leit hätten awer mëttlerweil och e Bewosstsinn entwéckelt fir Cyberkriminalitéit a géinge besser oppassen. Trotzdeem misst een nach vill sensibiliséieren, sou de Pascal Steichen, de CEO vun "Security Made in Lëtzebuerg", deen dann ënner anerem drun erënnert, ëmmer seng Software um neiste Stand ze halen an och ee Back-Up vu sengen Informatiounen ze maachen.
Am Joer registréiert "Security Made in Lëtzebuerg" iwwregens eng 1.000 méi seriö Incidenten, bei deene si musse mat der Firma interagéieren an Zäit investéieren. Phishing-Fäll chiffréiere sech am Joer ëm déi 10.000, déi géingen awer gréisstendeels automatesch traitéiert ginn. Do géing et just drëms goen, dass een dovunner gewuer gëtt, fir déi Informatiounen och un een internationale System virunzeginn, fir dass och aner Systemer sech kënnen do virdru schützen.