Zanter der Plënner vun der "Luxlait association agricole" 2009 an déi nei Gebailechkeeten um Rouscht, steet d'Gebai zu Ierpeldeng un der Sauer eidel.

D'Geschicht vun der Luxlait geet zeréck op d'Joer 1894. Deemools gouf eng Privatgesellschaft ënnert dem Numm "Central-Molkerei" gegrënnt. Aus der Molkerei ass am Laf vun der Zäit eng A.G. ginn an den Numm gouf an "Zentralmolkerei" geännert.

D'Aktivitéite vun der Molkerei sinn du staark wärend dem 2. Weltkrich geklommen, dat wéinst der Zwangsëmgestaltung vun der Lëtzebuerger Mëllechwirtschaft. D'Quantitéit u Mëllech am Dag ass vun 2.000 Liter um Enn vun den 30er Joren, op 40.000 Liter um Enn vum 2. Weltkrich geklommen.

© Domingos Oliveira

Déi géigewäerteg juristesch Form vun der Agrargenossenschaft gouf am Joer 1946 ugeholl a vun dësem Zäitpunkt u gouf d'Gesellschaft ënnert dem Numm "Molkereisgenossenschaft Luxemburg – Laiterie de Luxembourg” bekannt.

Am Joer 1948 gouf et 180 lokal Molkereien zu Lëtzebuerg. Dës Zuel ass allerdéngs relativ séier méi kléng ginn an 12 Joer méi spéit goufen et just nach 5 Molkereien, déi Mëllech vu Lëtzebuerger Bauere verschafft hunn.

D'Neigestaltung vum Lëtzebuerger Mëllechsecteur koum dunn den 2. Oktober 1978, mat der Fusioun vun den 3 leschte Lëtzebuerger Molkereisgenossenschaften "Celula", "Laduno" a "Luxlait", ënnert dem Numm LUXLAIT association agricole, op en Enn.

© Domingos Oliveira

Zanter der Plënner vun der "Luxlait association agricole" 2009 an déi nei Gebailechkeeten um Rouscht, steet d'Gebai zu Ierpeldeng un der Sauer eidel.

Op Basis vun de Pläng, déi fir d'Nordstad virgesi sinn, huet d'Firma Luxlait um Terrain vun der Laduno zu Ierpeldeng bei der Sauer e Concours organiséiert. Hei konnten sech "WW+ architektur + management sàrl" (LU)," Tatiana Fabeck Architecte" (LU) an "Terra Nova Landschaftsarchitektur" (DE) duerchsetzen.

E komplett neie Stadquartier mat gemëschte Funktioune soll hei entstoen. Niewent engem 3-4 Stärenhotel mat méi wéi 100 Zëmmer, sou wéi Wellness- a Fitness-Beräicher, ass och e grousse Kongresszenter geplangt. Ma et sollen awer och nach verschidde Restauranten, eng Bowling-Bunn an eng Disko entstoen. Fir déi Leit, déi an dësem Véierel wäerte schaffen, sollen dann och kleng Geschäfter hir Dieren opmaachen.

Den Domingos Oliveira huet sech fir seng Serie "verstoppte Plazen" op Spuresich gemaach.

Iwwer dës Serie

An dëser Serie huet RTL Iech Impressioune vu bekannte Plaze bruecht, déi et geschwënn net méi gëtt, well si ofgerappt ginn oder soss "verstoppt" sinn. Hei en Iwwerbléck mat all de Fotogalerien.

Fir déi 17. Deeler vun der Serie ass den Domingos Oliveira e puer Dausend Kilometer duerch Lëtzebuerg gefuer, iwwer 60 Stonnen un Aarbecht huet et gebraucht, fir d'Fotoen ze verschaffen.

RTL ass weiderhin op der Sich no "Verstoppe Plazen", déi an dëser Serie kéinte Plaz fannen.

E grousse Merci un alleguer d'Leit, déi hiren Deel zur Serie "Verstoppte Plazen" bäigedroen hunn.