An der Ried zur Lag vun der Natioun ass bekräftegt ginn dat Lëtzebuerg bis 2030 un der Reduzéierung vun den Zäregasemissiounen ëm 55% par rapport zu 1990 festhält. Dat Zil wär ambitiéis, awer net just theoretesch. Zitat : „Et ass e reellt a fir eis och realistescht Zil“.

No den Zuele vun EUROSTAT (Stand 2018) misste mer dofir bis 2030 eis aktuell Emissiounen nach ongeféier hallwéieren, d.h. dat mer an de nächsten 10 Joer eis Emissiounen järlech ëm 5% bis 6% drécke missten, wärend mer déi lescht 30 Joer am Duerchschnëtt järlech just e puer Promill gepackt hunn.

D’Aufgab ass also gewalteg. Do mécht et Sënn am Virfeld graff ofzeschätzen wéi plausibel déi aktuell Strategie ass.

De japaneschen Ekonomist Yoichi Kaya stellt an engem Modell, deen och vum IPCC genotzt gëtt, d’Evolutioun vun den Zäregasemissiounen duer als e Produkt vu 4 Facteuren : d'Populatioun, de PIB pro Awunner, den Energieverbrauch am Verhältnes zum PIB, an den CO2-Gehalt vum Energieverbrauch. Déi zwee lescht Indicateuren stellen zesummen déi sougenannt Kuelestoffintensitéit vun eiser Wirtschaft duer. Dëse Modell gëtt haaptsächlech agesat fir d’Evolutioun vun de globalen Zäregasemissiounen ofzeschätzen, mä rezent Etüden hu gewisen dat de Modell och fir eenzel Länner d’Evolutioun adequat beschreiwe kann, an d’Zuele vun EUROSTAT tëschent 2010 an 2018 bestätegen dat och fir Lëtzebuerg.

D‘Kuelestoffintensitéit vun eiser Wirtschaft weist no den Zuele vun EUROSTAT säit 2010 eng järlech Reduzéierung vun duerchschnëttlech 4,9%. Am Gesamtresultat gouf dës Reduzéierung awer nees zu engem groussen Deel duerch eise Wuesstem kompenséiert. Wann d‘Kuelestoffintensitéit am selwechte Mooss weider ofhuele géing ewéi déi Jore virdrun, dann ergëtt sech fir dësen Indicateur bis 2030 eng Reduzéierung vu ronn 45%. Hei zeechne sech an de nächsten 10 Joer keng technologesch Quantespréng of :  als best practice fir d‘Dekarboniséierung gëtt an der Ried zur Lag vun der Natioun déi onvermeidlech Wandenergie genannt, déi awer haut vum technesche Prinzip hier ausgereizt ass, an elo schonn enorm Problemer huet bei der Integratioun souwuel um Terrain, wéi och an d'Stroumnetz, an och an de Stroummaart.

Narrativ versus Fakten : d‘Wandenergie huet haut mat 281 Gigawattstonnen (ILR Stand 2019) en Undeel am Energieverbrauch vu fënnef Promill a reduzéiert domat eis Zäregasemissiounen theoretesch ëm 8 Promill. All eenzel Wandanlag huet domat e Potenzial vun engem Zéngtel Promill Undeel beim Energieverbrauch a beim Klimaschutz. De Klimaplang projezéiert fir 2030 eng Wandstroumproduktioun vun 674 Gigawattstonnen, d.h. ronn 1,3% vun eisem Energieverbrauch. Bei allem politesche Lobbyismus bleift d’Wandenergie also just e Klimaplacebo mat nogewisenen vollekswirtschaftlechen an ëmweltschiedleche Niewewierkungen.

Wéi kréie mer elo am Zesummespill mat der Evolutioun vum PIB a vun der Populatioun eis Emissiounen bis zum Horizont 2030 hallwéiert ?

No verschiddenen Zenarien vum Statec wiisst eis Populatioun bis 2030 ëm duerchschnëttlech 2% pro Joer. Wann eise PIB pro Awunner bis 2030 och ëm duerchschnëttlech 2% pro Joer wuesse géing, da kréiche mer am beschriwwene Modell eis Zäregasemissiounen am Ganze just ëm knapp e Véierel reduzéiert par rapport zu 1990.

Fir d'Klimazil vu minus 55% awer nach ze erreechen, misst reng rechneresch de PIB pro Awunner bis 2030 ëm ronn 30% reduzéiert ginn. Ass dat e „reellt a realistescht Zil" ? Dat wier vun elo un all Joer eng Kontraktioun vun eiser Ekonomie vu ronn 3%. Wat dat an eisem aktuelle Wirtschaftssystem heescht a wéi eng sozial Konsequenzen domat verbonne sinn, si mer dëst Joer mat der Corona-Kris gewuer ginn, a wäerte mer och nach déi nächst Joren ze spiere kréien.

Déi beschriwwen demografesch, ekonomesch an energetesch Indicateure si natierlech och deelweis unenee gebonnen.

Géif eise PIB elo effektiv zeréckgeschrauft, da wäert och eis Populatioun manner séier wuessen. Dat wier jo dann duebel gutt fir d’CO2 Emissiounen. Global gesinn wier dës Iwwerleeung awer e wéineg ze kuerz gegraff, well an enger Gesellschaft déi duerch eng forcéiert ekonomesch Kontraktioun progressiv veraarmt, stinn och manner Mëttelen zur Verfügung fir déi kolossal Investissementer ze stemmen déi noutwendeg sinn fir d’Kuelestoffintensitéit vun der Ekonomie a sämtleche Secteuren ze reduzéieren. Dat wier dee Moment also nees schlecht fir d’CO2 Emissiounen !

Et kann een elo de selwechte Raisonnement fir d’EU27 maachen, an och do gesäit een, dat mer reng rechneresch eng järlech Decroissance vun 2% bis 3% bräichten, iwwerdeems d’Europaparlament de 6. Oktober fir nach e méi ambitiéist Zil an engem Amendement gestëmmt huet, an zwar minus 60% !

Oppe Fro un d'Regierung mat hoffentlech enger Äntwert fir all déi Leit déi wéi ech och elo vläicht de rouden, bloen oder grénge Fuedem verluer hunn :  wéi eng Perspektiv krute mer schlussendlech an der Ried zur Lag vun der Natioun presentéiert ? Déi vun enger wirtschaftlecher Relance mat plangwirtschaftlech gefërderte Klimaplaceboen, oder drifte mer mat engem verbindleche Klimaschutzgesetz of an eng autoritär wirtschaftlech Kontraktioun mat Steieren, Verbueter a sozialem Misär ? PIB oder CO2 ?