Ët ass eng Fräschheet an weiengem Numm, ënnert weiengen Sloganten an mat weiengen Argumenter dir iech erlaabt Léit opzestëppelen sech am Sënn vun der Allgemengheet géint eis gemeinsam an demokratesch Wäerter ze protestéieren.

Dir mëssbraucht den Ausdrock « Marche blanche » vir är Zwecker. Déi war an hierem Ursprong fir en ganz aaneren trauregen Evenement an der Belge gegrënnt gin. Dat ass eng Beleidegung vis à vis den Opfer an den Hannerbliwwenen déi Victime vun sexueller Gewalt waren a sinn.

«  Marche blanche est le nom d'un mouvement de protestation des parents des victimes né à la suite de l'affaire Dutroux en Belgique et à la suite de l'arrestation de plusieurs pédophiles. »

Dir begrënnt är Démarche mat dem Vierworf, Zitat; Haut verstinn mir dat d’Impfung als Virwand gegéngt huet fir e permant Kontrollinstrument (typ QR Code) opzebauen, fir aner net-eethesch an net-medezinesch Interesse ze déngen, vun deenen der e puer schon laang virun der Pandemie- enner anerem - vun der Europäescher Kommissioun virgesinn waren!?

Haut verstitt Dir? Ween sidd Dir? Sidd Dir e puer Bierger (eng Minoritéit) déi sech einfach Suergen maachen? Op Basis vun weiengem fachlechem Wessen? Oder wat wëll dir iwwerhaapt?  Wou bléiwen Är Argumenter, Är Beweiser fir esou schwéier Akusatiounen géintiwer eisem Staat, der EU an ganz vill renomméierten Fuerscher a Medezinner déi hirer Säits Argumenter wei och Beweiser vun a iwwert Pandemie virbréngen.

Dir kënnt dat nët!

Dir sidd déi déi versichen eis Gesellschaft ze splecken mat Sloganen wei; Mir wëllen fräi an souverän sinn, mir probéieren d’Divisioun vun der Gesellschaft ze stoppen, mir si verantwortlech Mënschen…….

Dir refuséiert déi aktuell sanitär Trennung an déi programméiert Zerstéierung vu Wirtschaft, Gesellschaft a Famill?

Mat Ärem Handelen fuerdert dir genau dës Punkten, dir verhënnert se net!

Dir, eng Minoritéit, fuerdert eis Kanner net ze impfen. Mat wéi engem Recht? Ma dir kennt secher sin dass eng grouss Majoritéit an eisem Land net esou denkt an hier Kanner impfen leist. Hunn déi all Onrecht?

Dir schwätzt vum Blutt eiser Virfahren! Nach liewen der jo e puer aus där schlëmmer Zäit déi am leschte Krich fir eis Fräiheet, Rechter an demokratesch Wäerter gekämpft a gelidden hunn. Dir kënt Sie gäre froen wat Sie dovun halen vun Iech an Ären Argumentatiounen zitéiert a mëssbraucht ze ginn. Ech mengen net dass déi Léit mat iech d’accord sinn.

Dir kënnt just stëppelen a mat Ären falschen Akusatiounen Onroue an Onsecherhheet an der Bevëlkerung stëften. An dat alles anonym!

Mir sinn fräi Bierger an eisem Land a brauchen eis keng Suergen iwwer eis Regierung ze maachen dass sie eis eis Fräiheet ewech huele wäert.

Mee grad fir des Fräiheet och weider kënnen ze liewen musse mir elo all solidaresch handelen fir eis an och eisen Matmënschen al oder jonk ze hëllefen des Kris ze iwwerstoen. Esou war et nach ëmmer an der Geschicht, déi eng hëllefen deenen aneren, an zesummen si mir staark.  En egoistescht Denken mat verschwörereschen Theorien dréiht näischt zu enger Léisung bei.

Ech géif mir wënschen dass dir des Diskussioun an Zukunft mat fondéiert Argumenter féiert an endlech aus Ärem Anonymat eraus kommt. Dat gehéiert och zu enger demokratescher Gesellschaft dass een sech weist an sech net verstoppt wann een seng Akusatiounen a Doleancen ervirbréngt.

Mat beschte Gréiss

Christian Schmidt