
Am Juni 2022 hat e mexikanescht Geriicht no enger Klo vun Déiereschützer Stéierkämpf zu Mexiko-Stad provisoresch verbueden. Dës Decisioun huet den ieweschte Geriichtshaff awer de leschte Mount awer opgehuewen, ouni e grondleeënd Urteel ze huelen.
Esou koum et dann de leschte Sonndeg zum éischte Stéierkampf an der “Plaza del Toro” zanter annerhallwem Joer. Iwwer 41.000 Spectateure waren an der weltwäit gréisster Arena fir Stéierkämpf, fir renomméierten Toreroen nozekucken, wéi dës no stonnelaange Kämpf am Ganze sechs Stéieren ëmbruecht hunn.
Et ass eng Traditioun, bei där ee sech freet, wat déi zwou Säiten dovun hunn. Ob alle Fall si sech d’Déiereschützer, déi virum Stadion demonstréiert hunn, doriwwer eens, datt “Folter weder Konscht nach Kultur” ass, wéi op verschidde Plakater stoung. Fir si ass et kloer, datt dëst eng Traditioun ass, déi ofgeschaaft gehéiert. “Et ass wichteg, hei ze sinn, well si mat hirer Grausamkeet, hirer Déierequälerei, hirem Massaker weidermaache wäerten. Et dierf awer net weidergoen, dat musse mir hinne kloer maachen”, huet 62 Joer al Demonstrantin ënner Tréinen der Noriichtenagence AFP géigeniwwer gesot.
Mat engem geschaten Ëmsaz vu ronn 380 Milliounen Euro ass d’Branche vun de Stéierkämpf e grousse Secteur, dee fir Zéngdausenden Aarbechtsplazen a Mexiko suergt. Nieft den ekonomesche Suitten, déi e Verbuet vum Stéierkampf matsechbrénge géing, wëllen d’Partisane ganz kloer, déi joerhonnertenal Traditioun erhalen, déi zum Symbol vun der nationaler Identitéit gehéiert. Op de Reproche vun der Déierequälerei argumentéieren d’Frënn vun de Stéierkämpf, datt d’Kampfstéieren nëmmen eng kuerz Zäit an der Arena géinge leiden. Do virdru géing et de Stéieren, déi hiert ganzt Liewen aartgerecht am Fräiland verbréngen, souguer besser goe wéi deene meeschten Zuuchtdéieren.
Dat mexikanescht Geriicht, dat d’Kämpf am Juni 2022 verbueden hat, hat d’Decisioun deemools domat begrënnt, datt Stéierkämpf géint d’Recht vun der Bevëlkerung op eng gewaltfräi Ëmgéigend verstousse géingen. Donieft kënnt et och ëmmer nees zu Onglécker, bei deenen den Torero stierft oder wéi 2010 an der spuenescher Stad Tafalla, wou de Stéier op d’Tribün gestiermt ass an Dosende Mënsche blesséiert huet. Haaptargument vun Déiereschützer ass awer ganz kloer d’Déierequälerei, déi an den Arenae stattfënnt. Wärend de Shows ginn d’Stéiere vun den Toreroen ëmmer nees zum Ugräife provozéiert, wärend d’Déieren duerch Stéch an d’Genéck an an de Kierper geschwächt an esou lues zu engem grausamen Doud gefoltert géinge ginn.
Ob et legitim ass, Déiere bei qualvolle Spektakel ëmzebréngen, gëtt souwuel a Latäinamerika wéi an Europa diskutéiert. A Länner wéi Kolumbien an Ecuador goufen d’Kämpf scho komplett verbueden a Venezuela gouf en Deel vun de Stéierkämpf ofgeschaaft. A Spuenien, wou den Ursprong vum Stéierkampf läit, war d’Traditioun am November 2013 zum immaterielle Kulturgutt erkläert ginn a steet domat gesetzlech ënner Schutz. A Katalounien, déi ekonomesch stäerkst Regioun vu Spuenien, war 2012 e Gesetz a Kraaft getrueden, dat Stéierkämpf an der Regioun verbueden huet. D’Gesetz gouf allerdéngs am Oktober 2016 vum spuenesche Verfassungsgeriicht gekippt, well dëst géint Verfassung verstousse géing.
Souguer am Süde vu Frankräich gëtt et déi bluddeg Traditioun, allerdéngs ginn hei och “net-bluddeg” Stéierkämpf organiséiert, och wann dës net manner ëmstridde sinn. Bei dëse gi sechs oder aacht Stéieren noenee vu sechs Toreroen zesummen duerch d’Arena gejot. Tëscht den Haren ass eng Rosett festgemaach, déi mat engem Widderhoken ofgerappt soll ginn. Rennt de Stéier op den Torero duer, spréngt dësen op d’Bande, woubäi d’Déier an d’Mauer rennt a sech dobäi schwéier blesséiere kann. Eréischt wann d’Déier komplett um Enn ass, geet d’Paart nees op an de Stéier dierf aus der Arena eraus.