BMW 120d

-
DE PLUS
- Stark&Spuersam
- Handling
- Automatik
-
DE MINUS
- Plaz hannen
- Spormodus vun der Boite
- Vill Optiounen néideg
Et ass eng Première. Déi éischte Kéier, dass de Pascal Becker den Testauto kusst.
Déi éischt Lies am Automag ass ausnamsweis rout. Rout ass gutt, fir d’Biller. BMW’en komme soss a sobere Grotéin. Nieft der Faarw huet den neien 1er zwou weider Qualitéiten, déi mäin Testerhäerz erwiermen. En ass nach ëmmer hanne gedriwwen. An en ass net, wéi esouvill modern Autoen, onnéideg an d’Héischt gewuess. Ahhh!
Den alen hat zwee Schwaachpunkten. Zimlech enttäuschend Plastiksqualitéit bannendran an eng Réckbänk, déi ee mat Olivenuelech huet mussen apinselen, fir wéinstens zwou Sardinnen eranzekréien.
Mat der Finitioun ass et vill besser ginn. An och den Transport vun erwuessene Mënschen hannen ass elo méiglech, och wa se sech nach e bësse musse bécken fir eranzekommen.
De Gurt an der Mëtt ass allerdéngs teutoneschen Humor. Hei kann nëmmen eng Persoun ouni Been sëtzen. Fir et iwwerspëtzt ze formuléieren: an den alen hunn hanne just kleng Gaardenzwergen eragepasst. Elo kann ee wéinstens Zwergen am XL-Format mathuelen.
Vir sëtzt een exzellent, an dat ass jo wuel dat wichtegst.
Dat hei ass en 120d, mat 184 Päerd dee momentan stäerksten neien 1er. A mat 26’650 Euro Basispräis deen deiersten. Wéivill Dir elo a Lack, Lieder a Leckerlien wëllt drunhänken, hänkt vun Ärem Portemonni of. Wann Äre Banquier scho griichesch mat Iech schwätzt an der wierklech, wierklech musst spueren, da sollt der Iech dach zwou Optioune gënnen.
Déi éischt ass d’8-Gang-Automatik fir 2’100 Euro. Et ass net nëmme wéinst dem Confortgewënn am Stop-and-Go-Verkéier. Si mécht den 1er och méi spuersam. Am Eco-Pro-Modus schalt se ganz fréi erop. An de Motor huet déi dréimomentstaark breet Schëllere fir dass et gutt virugeet. Et freet ee sech am Fong firwat den Eco-Modus net ganz einfach den “default setting” ass. Bei legalen Autobunnvitesse fält ee labber ënner 6 Liter. Mat engem Auto, dee bal 230 rennt. Fir Sprit ze spueren, muss et also net onbedéngt eng ënnermotoriséiert Ökogurk sinn.
D’Boîte kann och Sport. Bis op ee Punkt. Zwar léisst se do de Motor méi héich dréinen, mä och am manuelle Modus ignoréiert se d’Uerdere vum Chauffer a schalt onerwënscht um Dréizuellimit erop. Dat kann engem de Stréch versaueren.
Mä bon, dat si Saachen, déi eréischt wichteg gi bei Vitessen, déi an de Gruef oder an de Prisong féieren. An dat bréngt mech bei déi zweet wënschenswäert Optioun: déi variabel Sportsteierung fir 440 Euro. Et kinnt een elo Hoer splécken a fannen, dass se um Limit dee lescht Prozent Gefill eraussuckelt. Mä am Géigenzuch mécht se aus dem 1er e richteg handleche Karting. An dovun huet ee méi am Alldag.

Handlech, séier, spuersam, esouguer de Fiederungs- a Geräichconfort ass gutt. Schued also, dass dëse gelongenen 1er esou eppes wéi e leschte Mohikaner ass. Déi nächste Generatioun soll vir gedriwwe ginn a sech e Chassis mam Mini deelen. An hoffentlech net méi héich ginn.