Well d'Mark Maxus deene mannsten dierft e Begrëff sinn, ware mir op e Presse-Event an hunn eis do mol ugekuckt, wat Maxus sou ze bidden huet.

Kennt dir d’Mark Maxus? Wann der net onbedéngt Utilitäre fuert, dann éischter net. Maxus ass e chineesesche Constructeur fir Camionnetten a Pick-ups an neierdéngs och elo zu Esch vertrueden. De Paul Origer war fir eis dohinner kucken a konnt en Deel vun der Maxus-Gamm probéieren.

Automag: Maxus-Gamme

Bei de chineesesche Marken ass et net esou einfach fir den Iwwerbléck ze halen. Klär eis emol iwwer Maxus op, wgl.

Ma gär. D’Mark Maxus gehéiert zum grousse Grupp SAIC, der Shanghai Automotive Industry Corporation, déi an den 80er Jore mat VW zesummegeschafft an ënnert aneren de Santana a Lizenz gebaut huet. 2007 gouf dunn de Constructeur Nanjing Automobile iwwerholl, deen d’Rechter un der Mark MG hat. 3 Joer méi spéit iwwerhëlt SAIC déi brittesch Camionette-Mark LDV, déi da spéider op quasi alle Marchéen zu Maxus gouf. An den Importateur Astara aus der Belsch suergt dofir dat déi Mark och bei eis kann ugebuede ginn.

RTL

© Paul Origer

Wéi eng Modeller proposéiert Maxus dann zu Lëtzebuerg?
Den Haapt-Schwéierpunkt läit, wéi scho gesot, op de Camionnetten. Maxus proposéiert déi an alle Gréissten ënnert dem Numm Deliver fir d’Verbrennerversiounen oder eDeliver mat Elektroundriff. Esou hate mer zu Esch d’Versiounen 3, 5, 7 an 9 fir ze fueren. Dat ass awer nach net alles, Maxus huet sech och am Beräich vun de Pick-ups etabléiert a proposéiert mam T60 Max a mam eTerron 9 zwee Modeller.

RTL

© Paul Origer

Normal Autoen gëtt et bei Maxus dann éischter net?
Dat war e bëssen d’Iwwerraschung – bei engem Event zu Girsterklaus d'lescht Joer gouf de kompakten a relativ erschwéngleche SUV eUniq6 an de luxuriéise MiniVan Mifa9 virgestallt – zu Esch war awer kee vu béiden ausgestallt.

Du bass mat deene Gefierer jo e bëssen ënnerwee gewiescht – wat war dann däin Androck?
Bon, mir konzentréieren eis am Automag elo net esou op den Utilitaire-Beräich, trotzdeem fannen ech et ëmmer nees interessant, mat klengen a grousse Camionnettë ronderëm ze fueren. D’Gefierer vu Maxus fale schonn emol duerch hir relativ luxuriéis Equipementer wéi Klima oder Navi op.

RTL

© Paul Origer

Relativ brauchbar schéngen och d’Elektroversiounen ze sinn. Schonn dee klengsten eDeliver 3 soll iwwer 380 km packen. Doriwwer eraus lackelt Maxus mat gënschtege Präisser a laange Garantien. Och déi méi grouss Modeller gefale mat pfiffegem Design oder relativ gudder Veraarbechtung. Och d’Verbrenner, wéi den Deliver 7 mat Dieselundriff huet mat genuch Wuppes, komfortabele Sëtzer an üppegem Equipement iwwerrascht.

RTL

© Paul Origer

Et gëtt awer och Defauten, haaptsächlech mat der Plaz fir de Chauffer. Hei ass besonnesch den eDeliver 5 bei mir duerchgefall. Och wann ech mat 2 Meter net der Norm entspriechen, mee bei Ford oder VW kann ech awer normal an enger Camionnette vun dëser Gréisst sëtzen.

RTL

© Paul Origer

Normal Persouneween gouf et beim Event zu Esch jo keng, e bëssen an déi Richtung geet Maxus mat hire Pick-ups?
Dat stëmmt, besonnesch wann ee schwéier Unhänger oder Caravannen ze zéien huet, dann ass een z.B. mam T60 Max gutt zerwéiert. 215 Diesel-Päerd, 500 Nm Dréimoment, eng serieméisseg 8-Gang-Automatik a bis zu 3,5 Tonnen, déi un de Krop dierfen. Et geet awer och komplett elektresch a luxuriéis. Den eTerron 9 mat 2 Elektromotoren ass net nëmme vun de Moossen, mee och vun der Leeschtung hir de Summum vun der Pick-up-Gamm. 5,8 Sekonne brauch hien op 100 an ass bannen ausstafféiert wéi ee Luxus-Loft.

RTL

© Paul Origer