• DE PLUS

    • Look
    • Finitioun & Équipement
    • Agreabel ze fueren
  • DE MINUS

    • Dréimomentschwaache Motor
    • Plaz fir de Kapp hannen
    • Schlecht Geliichts

Déi extravagant Karosserie vum Veloster versprécht eng Sportlechkeet, déi Motor a Commanden net onbedéngt halen.

E Coupé ass wéi en Dessert. En huet wuel en Nährwäert, mä e soll virun allem Pleséier maachen. Mainstream-Marken hunn de Coupé eréischt an de leschte Joeren erëm entdeckt. Hyundai hat en ni vergiess, d’Koreaner haten ëmmer e Coupé am Programm.

De Veloster baut also op Traditioun. Wann d’Aa als éischt keeft, huet dësen Auto keng schlecht Kaarten, den Design ass gelongen an eegestänneg, ma enger Prise Homage un de Renault Mégane, besonnesch vun hannen.

Un der Finitioun gëtt et näischt auszesetzen, keen ze bëllege Plastik, propper verschafft, all déi gängeg Spillsaachen, vun Navi bis USB-iPod-Agang. Gutt Sëtzer, kloer Ergonomie.

Just: firwat ginn et hei dräi Knäppercher fir elektresch Fënsteren? Äntwert: de Veloster ass en aysmetresche Véier-Dierer. Op der Chaufferssäit gëtt et eng Dier, an et muss een de Réck vum Sëtz ëmklappen fir an déi zweet Rei ze klammen. Op der Beifahrersäit awer huet de Veloster eng hënnescht Dier, gutt verstoppt an am Design integréiert. Dat ass op den éischte Bléck praktesch a luewenswäert. Hannen huet een akzeptabel Plaz fir d’Been. Mä et happert fir e wichtegen Accessoire. Dës schlecht raséiert Straussenee ass mäi Kapp. An deen ass e puer Zentimeter ze héich. Leit iwwer 1m75 riskéieren hannen den Tommel.

Fir op der praktescher Säit ze bleiwen: d’Mall ass grouss genuch, mä d’Luedkant héich. Hei muss ee stemmen.

Soss verlaangt den Ëmgang mam Veloster awer keng besonnesch Muskelkraaft. En huet eng gewësse fernöstlech Liichtegkeet an de Commanden, déi mécht, dass een och um Enn vun engem laangen Testdag net gebrach ass. Dat ass dee positiven Aspekt.

Déi liichtgängeg Steierung ass ganz direkt, de Veloster doduerch handlech. Mä et feelt u Réckmeldung, u Gefill fir wou d’Grenze sinn. Och de Chassis ass éischter un enger iwwerflächlecher Relatioun interesséiert. Kompetent an agréabel am Alldag, mä déi déif Sofistikatioun vun engem Mégane RS brauch een hei net ze sichen.

RTL

Dat sinn elo vläicht Aspekter, déi d’Clienten déi just e flotten Auto wëllen net interesséieren. Eppes wat och si direkt wäerte mierken: et feelt dem Veloster massiv un Dréimoment. Den dynamesche Look erwächt ganz einfach Erwaardungen, déi de klenge 1600er ënnert dem Capot net erfëlle kann. Et muss ee permanent schalten an zeréckschalten, fir dass et viru geet. De Motor ass zwar dréifreedeg, a mat 140 Päerd um Pabeier wuel staark genuch. Mä an de Reprisen gëtt ee vun all Spuerdiesel ofgezunn.

D’Konkurrente Scirocco, Mégane an Astra GTC bidde fir ähnlech Geld kleng Motore mat Turbo un, déi bedeitend méi Alldagsmuskele hunn. De Veloster kritt ee momentan just mat engem Motor an zwou Équipementsniveauen. Déi bëllegst kascht 20’500 Euro, eisen Testauto hat de FullMonty mat zwee Optiounspack, fir net wäit vu 27’000. Dofir gëtt et esouwuel en 2-Liter-Scirocco wéi e Mégane RS. Déi sinn da vläicht nach e bësse plakeg, mä hunn dofir richteg Feier ënnert dem Capot.

Fir beim Dessert vum Ufank ze bleiwen. De Veloster ass wéi eng gelonge Vanillesglace, déi jidderengem schmaacht... mä wou ee misst Chocolat, Friichten oder Alkohol dobäi mëschen, fir dass doraus eng richteg Delikatess gëtt. Eng duebel Portioun Dréimoment wier e gudden Ufank, de Recht stëmmt.