• DE PLUS

    • Finitioun
    • Komfort, Setzer, Ergonomie
    • Sympathesche Motor
  • DE MINUS

    • ze laang Iwwersetzung
    • Sëtzverstellung, nëmmen 1 Fënsterschalter
    • Héchstwahrscheinlech vill Optiounen

Den up! (mat Ausrufzeechen) ass mat 3m50 deen neie klengste VW. De Pascal Becker huet en zu Roum probéiert. Dat ass couragéiert an Hardcore.

Roum. D'Wéi vun der westlecher Zivilisatioun. Eng wonnerbar Stad. De Problem, wéi beim Asterix sinn d’Reimer. Si hu villäicht de moderne Stroossebau erfonnt, mä am urbane Verkéier sinn hir Enkelen déi rengste Vandalen, Barbaren, Ostrogothen.

E Stadtauto zu Roum virzestellen, dat ass Hardcore a couragéiert.

Dat hei ass also den VW up! Mat Ausrufzeechen. An engem Intérieur deen erfrëschend peppeg geroden ass. D’Gothe vu Wolfsburg hu Faarf entdeckt an hire Sënn fir impeccabel verschafften Intérieure trotzdeem behal. Op 3m 50 ass dat hei villeicht dee klengste VW mee e wierkt net wi e Bellegartikel. Bis op 2 Detailer.

Et gëtt nëmmen ee Schalter fir d’electresch Fenster vum Beifahrer, de Chauffeur huet keen. An all Kéier wann een hannendra klemmt oder eppes op d’Reckbenk well leen brauch een zwou Hänn fir de viichte Setz rem anzestellen well et keng Memory-Schaltung get. Dat nervt.

Wolfsburg schengt och eng immens fridlech Staadt ze sin, mat extrem breede Parkplatzen. Den UP hat nämlech guer keng Protectioun op der Seit. Teitsche virprogramméiert.

Mee genug gemeckert. Do wu den UP definitiv dee beschte vun all de klengen ass, ass am Setzcomfort. Net nemme vir mee suguer hannen setzt een langstreckentauglech. An et bleiwt suguer nach dezent Platz fir Gepäck.

Reimesch Stroossen goufen zenter dem Tiberius weider nemmi ernéiert, um wellege Pavé kennt su eppes wi e Bunga-Bunga Fuergefill, wat dem Silvio secher gefällt. Dem UP seng Fiederung jiddefalls schleckt dat alles wi e groussen, an ouni klabberen bannendran. Och d’Iwersichtlechkeet ass gut mee an der urbaner Arena ass den Up net grad su flenk wi kinnt sin.

Seng Boite ass immens lang iwersaat. Wie bei 40 am zweeten ofschlappt fir sech seier anzereien huet net vill reserv ennert dem Fouss. An do helleft et och net dass den zweete gut bis 90 ass.

RTL

Bon, parken ass mat engem klenge kurzen Auto natirlech kee Problem. Emsuméi well een den up! och mat Parksensore krit. Di meescht Informatioune gin op engem optionnelle Navi-infotainment Schirm ugewisen. Den Display gefällt mee de Navi hat heiansdo Schwieregkeeten am chaoteschen Einbahnsystem.

Dëst 76 Euro Gespreich hat awer en aneren Ausléiser. Mir wollte kucke wie Passanten op den up!-Chic réagéiren. An enger Foussgängerzone.

Zeréck bei eisen feierrouden up!. Letzebourg huet jo keng Grousstied di engem klengen Auto e fulltime job kinnten offréiren. Bei eis brauchen och di kleng Polyvalenz. An dat kann de klenge VW.

Geräisch an Offrullkomfort wiren och eng Klasse driwer net déplacéiert. De klengen 3-Zylinder schnurrt diskret, e muss allerdengs ausgequetscht gin fir un all di 75 Paerd ze kommen. Schold ass wi gesot di ze lang Iwersetzung. Si garantéiert villeicht um Pabeier e Normverbrauch vu 4,7 Liter, an der Praxis awer zwengt se een d’Gäng voll auszedréinen. Wat net gut fir den Duuscht ass. Opmanst huet en fir den inevitable Stau Start/Stop an e gudde Radio...mat schlechter Musek.

Op engem klenge Steck moldawescher Autobunn huet den up! 170 gepackt. A war dobei stabel a roueg. Wi e groussen. D’Stroosselag ass gut.

Weivill de Spass soll kaschten steet nach net genee fest. Den UP kennt erréischt fir de festival an eis Garagen a bis dohin ass just gewosst dass d’Basisversioun enner 10 000 Euro soll leien. Fir en Auto dee sech och ausserhalb vun der Stadt wuelfillt schengt dat fair.