• DE PLUS

    • Design & Finitioun
    • Confort & Plaz
    • Stroosselag
  • DE MINUS

    • Präis
    • vill Optiounen
    • Motor-Boîte net Premium

Den Evoque ass kloer de Fils vun der Madame Range a vum Här Rover. E Baby-Range, deen ee groussen Hoken huet: dem Pascal Becker seng Pai geet net duer.

Meeschtens maachen se eis de Mond wässereg mat Conceptcars. An da bauen se eng beige Schungkëscht. Net RangeRover! Den Evoque ass esou am Buttek wéi deemools op der Bühn. An et muss een den Designer félicitéiere fir déi modern Interpretatioun vun der Familljen-DNA. Dat hei ass kloer de Fils vun der Madame Range a vum Här Rover. A fir déi, déi et net bekäppen, steet iwwerall “RangeRover”. Vir, hannen, ënnen, uewen, baussen, bannen. Mir hunn der 18 gezielt. Dat nennt ee Branding.

Déck RangeRover ginn an England gäre vu professionelle Fussballspiller gefuer. A fir sécher ze sinn, dass och e klengen an d’Garage kennt, hunn se d’Madame gefrot. D’Victoria Beckham war Consultant fir de Bannendesign. Deen eegestänneg, gutt verschafft an et gi vill Knäppercher.

Den décke Schaltknäppche kennt aus engem Jaguar, d’Lieder vu gléckleche Kéi an dat wat sëlwereg blénkt ass Aluminium, kee Plastik. Et ass Premium, de Premium vun enger deierer Vodka-Bar.

An der Faarfkombinatioun vun eisem Testauto huet een zwar e bëssen den Androck an enger Dame Blanche ze sëtzen, mä et huet ee gutt Plaz, déi wichteg Kierperdeeler si confortabel ënnerbruecht, d’Mall ass korrekt. Ënnert dem wäisse Lieder ass dat hei e gutt duerchduechten Auto.

Mä et ass definitiv kee bëllegen Auto. Et gëtt wuel eng Antrëttsversioun, nëmme vir gedriwwen, fir 32’000 Euro. Wien allerdéngs wéi mir bei eisem Testauto de Full Monty bestellt, läit kloer nërdlech vu 60’000. De manner prakteschen Dräidierer, genannt Coupé, verlaangt nach e puer Honnerter méi. Do sinn d’Erwaardungen héich.

An der Fuerdynamik ginn se net enttäuscht. Den Evoque fiert sech richteg gutt. Mat enger Fiederung, déi villes schléckt an enger Stroosselag, déi een engem Softroader guer net zoutraue géif. Flenk, mat vill Grip. D’Steierung ass direkt, mä net besonnesch kommunikatiounsfreedeg. Dat hei ass nun emol awer kee GTI.

Well RangeRover drop steet, ass dofir eng Portioun Offroad-Fähegkeet mat dran. Mä et ass wéi mat enger Vuittons-Posch. Domat kinnt een theoretesch Päerdsmëscht transportéieren, mä déi wéinegst Propriétaire wäerte vun där Flexibilitéit Gebrauch maachen. Esou wäert och den Evoque de gréissten Deel vu senger Karrière op Asphalt spillen. Mam Allrad als Wanterjoker.

Et brauch een net ze jäizen fir gehéiert ze ginn. Dat ass de Slogan vun enger Pub fir den Evoque. Esoulaang een et gemittlech ugoen léisst, stëmmt dat och. D’Automatik passt bei den Auto, mä kascht 2’300 Euro extra. Fir sechs Gäng. D’Konkurrenz bitt der schonn emol aacht.

Et wier vermiessen iwwer 190 Päerd ze bekloen. Si ginn ouni Zweiwel duer. Et ass den Audi, deen net bei de Video passt. Den 2.2 TD4 bleift nëmmen diskret, wann een en net fuedert. Iwwerhuelmanöver mat Kickdown bréngen eng Geräischkuliss, déi guer net Premium ass. Fir iwwer 50 Riesen erwaarden ech e 6-Zylinder wéi bei der Konkurrenz. Déi brauchen och net méi wéi déi 10 Liter, déi den Evoque sech hannert den Auspuff kippt.

RTL

Mä fir d’Gewëssen ze berouegen. Fir all Evoque planzt RangeRover genuch Beem fir 75’000 Kilometer CO2 Ausstouss ze kompenséieren.

Den Evoque gëtt e Moudaccessoire, fir Immobilienagenten a blond Affekotefraen, déi eng gelonge Scheedung hanneru sech hunn. Ënnert dem Blingbling stécht awer och Substanz. Et ass e gudden Auto. Dass ech en ze deier fannen, seet da vläicht grad esouvill iwwert meng Pei wéi iwwert d’Präispolitik vu RangeRover.