Kia Rio

-
DE PLUS
- Look & Équipement
- Finitioun
- Garantie
-
DE MINUS
- Ofrullgeräicher & haart Fiederung
- Präis
- Motorleeschtung (Diesel)
Et kritt een net ëmmer wat ee wëll. Mä heiansdo get et duer, dat ze kréien, wat ee brauch.
Mir testen Autoe mat Power. 8 Zylinder. Sportcoupéen. Autoe mat Sexappeal. Deier Autoen. An heiansdo, just heiansdo sténknormal Autoen. Et kritt een net ëmmer wat ee wëll, séngt den Jagger. Mä heiansdo geet et duer, dat ze kréien, wat ee brauch.
De Kia Rio mécht, wat ee vun engem Auto erwaart. An déi nei Generatioun ass emol guer net ellen. Bei all Generatiounssprong ginn d’Koreaner besser. Design, Finitioun, Motore, Plaz... alles korrekt. Klassestandard. Kee Grond fir ze meckeren, esoulaang een net an d’Ecke kucke geet.
Si verlaangen 333 Euro extra fir Metallic, mä d’Faarf geet mol net duer fir Mallebuedem ze decken a Vernis fënnt een nëmmen do wou d’A direkt hifält. Dat ass schappeg. Kia ass doran awer net méi schlëmm wéi anerer, dat muss ee fairerweis soen.
Komm mir fueren emol. Gutt Sëtzpositioun, liicht Commanden, déck Fënstermontanten déi d’Siicht a Lénkskéiere stéieren... Mä soss, guer net désagréabel. De Confort ass net schlecht a wa se d’Ofrullgeräicher e bësse besser gedämpft hätten, wier dat hei en extrem rouegen Auto. Well de Motor gëtt sech iwwerraschend diskret.
De klengen 3-Zylinder-Diesel gëtt sech Méi mat senge 75 Päerd. All Kéiers, wann een ofschlappt, gëtt en engem e Läffelchen Dréimoment fir dass een net den Androck kritt, op der Strooss ze erhingeren. E geet gutt genuch fir frustfräi ënnerwee ze sinn, a fir e klengen 1100er ass esouguer de sechste Gang iwwerraschend polyvalent.
D’Verbrauchswonner aus dem Prospekt bleift awer aus. 5 Liter an eng Drëps, defensiv gefuer. Dat packt menger Fra hire 6 Joer alen TDI och. Mat 25 Päerd méi an engem Gang manner. Wat emol méi beweist, dass d’Leeschtungsreduktioun iergendwéi kontraproduktiv gëtt, well schwaach Motore sech permanent ustrenge mussen. Eise Rio war allerdéngs och fuschnei. Mat e puer Dausend Kilometer op der Auer geet de Verbrauch gewéinlech erof.

En halwe Liter méi oder manner wäert awer net méi vill vun der ekonomescher Equatioun änneren. Déi Zäiten, wou Kia haaptsächlech bëlleg war, sinn doud. Seng Argumenter si Finitioun, Équipement a Garantie. Wësst Dir, wat Dir den 31. Oktober 2018 maacht? Wuel kaum, dat ass esou laang an der Zukunft. Mä et ass deen Dag, wou d’Garantie vum Testauto ofleeft. 7 Joer. Op dat allerdéngs duergeet, fir de Präis ze justifiéieren, ass eng aner Fro.
Eisen Testauto koum näämlech mat Optiounen op 18’000 Euro. Dat ass schonn e Pak Holz fir en 1100er mat nëmme 75 Päerd. E Polo Highline mat 105 Cocoen steet mat 17’000 am Katalog. De Rio wëll also mat de grousse Muppe pisse goen. Mä fir elo mol kee Blat virun d’Kamera ze huelen, e kritt d’Patt net grad héich genuch gehuewen. Ausser Équipement a Garantie kann een näischt besser wéi d’Konkurrenz. A bei Motoren, Stroosselag a Confort hunn anerer besser Argumenter.