• DE PLUS

    • Globale Confort
    • Stroosselag
    • Sëtzer
  • DE MINUS

    • Variabilitéit
    • Präis & Optiounen
    • Look net fir jiddfereen

Déi nei Mercedes B-Klass ass kee B-Mercedes méi. Finitioun, Confort a Stroosselag gefalen dem Pascal Becker. D'Mercedes-Präispolitik dogéint manner.

Wann ee seng Autoe mat Buschtawen deeft, ginn et onerwënschten Ënnertéin.  “B” zum Beispill ass kee glamouréise Charakter a steet dacks fir zweete Choix. Den éischte Mercedes B huet deementspriechend keng onstierflech Erënnerungen hannerlooss.

Beim neien ass de Buschtaf bliwwen, grad ewéi déi generell Form. Mä soss, glécklecherweis, ass alles anescht. Den duebele Buedem zum Beispill, deen déi al net nëmme gakeg mä och deier am Bau gemaach huet. Och de Fisher-Price-Intérieur ass fort, ersat duerch de berouegende Familljelook. Hei setz een an engem Mercedes, net an engem B-Mercedes. Nuance.

D’Sëtzer gesinn elo net onbedéngt speziell aus, mä mäi muskuléise Kierperbau ënnerstëtzen se perfekt. Et sinn déi bescht, op deenen ech dëst Joer sutz. An et sinn déi banal Serienartikel.

Wéi üblech bei Testmaschinnen hat och eise B eng gréisser Optiounsorgie hanneru sech. Fir 13’000 Euro. Dat misst eigentlech net sinn, well e Basis-B huet déi Saachen, déi ee wierklech brauch schonn u Bord. Déi 760 Euro fir déi fett Stereoanlag géif ech eventuell erausréckelen, de Recht ass Affaire de Gout.

Wann een dann awer muss 190 Euro spenden, fir hannen den Ielebou gestäipt ze kréien, héiert de Spaass op. Fir dee Präis kirtt ee bei Ikea schonn e ganze Canapé.

Wien da säin Klipann mat diversen Expetit a Björk wëll verlueden, fënnt, dass d’Variabilitéit sech op e Minimum reduzéiert. Réck ëmklappen, dat war et schonn. An de Buedem ass dann net riicht, penibel wann ee schwéier Saache wëll era rutschen. Dat kënnen aner Pampersbomber besser.

Et gëtt de B fir de Moment a véier Motorvarianten. Eise B200 ass dee stäerksten Diesel. En huet deeselwechten 1800er Turbodiesel wéi de B180. Mat 136 Päerd amplaz 109. De Leeschtungssprong gëtt virun allem duerch d’Asprëtze vun 2’200 Extra-Euro an d’Kees vu Mercedes erreecht. Dat an e puer Millibar méi Turbodrock. Well d’Verbrauchswäerter identesch sinn, freet ee sech firwat de schwaache Motor iwwerhaapt gebaut gëtt.

RTL

Et sief. De B bréngt de Chauffer séier op seng Säit. En ass roueg bannendran, e fiedert gutt, d’Commande si liichtgängeg an awer präzis. E kann entspanen.

Et gëtt bei dësem Auto awer och eng B-Säit op der Plak. Eng Hip-Hop-Versioun souzesoen. Kéieren hu beim ale Modell éischter eng Grimass provozéiert. Beim neie B maachen se richteg Spaass. E Verdéngschtv um optionelle Sportpaket. Dat si 1’500 Euro, déi net schlecht ugeluecht sinn.

En ass wierklech iwwerraschend handlech a präzis an ënnersteiert eréischt spéit. Dat nennt ee kloere Fortschrëtt.

Déi duebel Begabung fënnt een och bei der Ofstufung vun der Boîte erëm. D’Gäng 1 bis 4 sinn zoustänneg fir d’Dynamik an deementspriechend kuerz iwwersat, d’Stufe 5 a 6 hëllefe spueren. De laange 6. Gang garantéiert niddereg Dréizuelen och bei héichen Autobunnsvitessen an de Motor huet genuch Dréimoment fir dat ze stemmen.

Präislech fänkt de B bei 25’000 Euro un, 27’500 fir e B 200 CDI. Virun Optiounen. Dat ass net bëlleg, mä des Kéier bezilt een net nëmme fir de Stär. Déi nei B-Klass ass wierklech agréabel ze fueren. An iwwert d’Ästhetik brauch een hannert dem Steierrad net ze streiden.

Autotest
Déi nei Mercedes B-Klass ass kee B-Mercedes méi. Finitioun, Confort a Stroosselag gefalen dem Pascal Becker. D'Mercedes-Präispolitik dogéint manner.