Audi Q3

-
DE PLUS
- Confort
- Undriff (2.0 TDI Stronic)
- Look & Finitioun
-
DE MINUS
- Präispolitik Optiounen
- Kee Variabilitéitswonner
An eisem Reportage iwwert d'Audi Q3 Trans China Tour stounge Land am Leit am Mëtteplunkt. De Serge Pauly liwwert hei den détailléierten Test vum Auto no.
A China war alles besser. D’Sonn huet geschéngt an eisen Auto deemools war knallorange. Zu Lëtzebuerg dogéint ass et gro, den Testauto inclus. Des Faarf iwweregens heescht Monsoon-Gro. En Omen fir d’Wieder bei eisem Test...
Wat den ekologeschen Drock méi grouss gëtt, wat des ganz Boulevard-Cruiser ëmmer méi kleng ausfalen. De Q7 huet nach iwwer 5 Meter. Mam Q3 si mir elo bei 4m38 ukomm, 25 Zentimeter manner wéi de Q5.
A propos: domatter wiere mir och bei der ästhetescher Virlag. De Q3 ass de verkléngerte Copy-Paste vum Q5. Dat gesäit net schlecht aus, mä eng gewëssen Design-Eegestännegkeet wier och kee Feeler...
En Audi erkennt ee mat verbonnenen Aen. D’Finitioun ass state-of-the-art. Den Tableau ass net nëmmen iwwersiichtlech, mä jiddwer Knäppchen, jiddwer Surface, och d’Sëtzer, dat alles fillt sech einfach no Premium un. Och hanne setzt een net schlecht, esouguer Erwuessener hunn nach genuch Plaz. Nëmmen d’Féiss sinn an hirer Beweegungsfräiheet e bëssen agëengt. En Detail...
Mä de Q3 ass kee Variabilitéitswonner. Eng Réckbänk, déi ee verréckele kann, sicht een hei emsoss.
Déi véier Réng loossen sech vill Leit vill kaschten. Sécher: de Q3 ass besser verschafft a bitt méi Prestige wéi säi Cousin VW Tiguan. Mä net nëmmen de Basispräis ass méi héich. Mir hunn och d’Präisser vun den Optiounen matenee verglach. Bei Audi kascht d’Metallics-Faarf beispillsweis 300 Euro méi wéi bei VW. Aner Optiounen, déi beim Tiguan gratis sinn, muss ee bei Audi extra bezuelen: déi hënnescht Parksensoren, den Isofix, elektresch a gehetzte Réckspigelen, d’Loftdrock-Iwwerwaachung... Mir hunn eng eenzeg Optioun fonnt, déi bei Audi méi bëlleg ass: de Cruise-Control. Eng komesch Präispolitik.
Eise Q3 mam stäerksten Zwee-Liter-Diesel, Allrad an Automatik kascht Basis 35’000 Euro. Den Auto war gutt, mä net iwwerdriwwen équipéiert. Mécht ënnert dem Stréch 47'000 Euro. Mä genuch iwwert d’Präisser lamentéiert.
Mir haten d’Cruisen ugeschwat. Et ass dat, wat den Audi Q3 am beschte kann. En ass ganz confortabel ausgeluecht. De Geräich- an Ofrullconfort ass besser wéi beim Tiguan. D’Fuerwierk ass net schlecht, mä en A3 ass a Kéieren einfach méi agil.
E Pluspunkt gëtt et fir den Undriff. Den Diesel mat 177 Päerd ass akustesch iwwerraschend diskret a lafroueg. Spuersam souwisou. Och d’Stronic-Boite, serieméisseg bei dësem Motor, harmonéiert gutt.
De Q3 ass jo e Kompakt-SUV. Ouni elo klaustrophobesch Zoustänn ze kréien, mierkt een awer beim Raumgefill, dass de Q3 e gutt Stéck méi kleng wéi de Q5 ass.

Ee Schicksal hunn d’Q-Modeller vun Audi all gemeinsam. Si gesi bal ni Bulli, ausser wa virwëtzeg a verspillte Journalisten se an d’Fanger kréien. Audi verzicht hei op e speziellen Offroad-Package, mä schonn de ganz normale quattro geet fir de Gros vun den Alldags-Situatioune largement duer.
Wann ee sech de Q3 leeschte WELLT, mécht een net ganz vill falsch domatter. Et ass eng gelongen Interpretatioun vum Thema Kompakt-SUV. Ob een esou en héichgeluechte Boulevard-Cruiser wierklech brauch, dat muss jidderee mat sech selwer ausmaachen.