• DE PLUS

    • Bannendesign
    • Finitioun
    • Équipement
  • DE MINUS

    • Oniwwersiichtlech
    • Vill ze haart (THP200)
    • Nët esou bëlleg

Nom Volltreffer DS3 huet Citroën mat DS4 an DS5 nogeluecht. Den DS5 gesäit net schlecht aus, mä de Pascal Becker huet och praktesch Nodeeler entdeckt.

Eng gutt Iddi gëtt ëmmer ausgeschluecht. Mam DS3 hat Citroën e Volltreffer. Eng Recette, wou Design, Fuerspaass, eng Prise Luxus an de richtege Präis opginn. Den DS3 verkeeft sech wéi waarm Croissanten.

Dofir krut den DS3 grouss Bridder: den DS4 an hei elo den DS5, dee sech als esou eppes wéi en hippe Luxusmodell vun der C5-Gamme gesäit.

Et muss een d’Fransouse dofir félicitéieren, dass se en eegestännege Wee ginn, amplaz wéi soss ze probéieren, däitsch Premiumkonkurrenten ze kopéieren. Sou gesäit de „french touch“ aus: eng echt Alternativ zum kalen däitsche Luxus. Sëtzer, déi ausgesi, wéi wa se Bauchmuskelen hätten, extrem confortabel, gehëtzt a fir de Chauffer mat Massagefunktioun.

Wien en däitscht Fabrikat esou wéilt ausrüste wéi en DS5 an der Topversioun kritt Tréinen an d’Aen. D’Fransouse liwwere “la totale” serieméisseg an net iwwer onzieleg deier Optiounen. Dat ganzt verpaakt an engem Intérieur, deen net nëmme erfrëschend anescht ass, mä och nach gutt verschafft wierkt.

RTL

Mä et ass wéi engem grousse Banquet: et muss een dat Ganzt och verdauen. Déi Businessjet-Atmosphäre ass wuel ganz flott. Mä den DS5 huet och méi Knäppercher wéi en Jumbo. Mir hunn der net manner wéi 83 gezielt, verdeelt iwwer Mëttelkonsole, Daach, vir, hannert, um a ronderëm d’Steierrad. Si sinn iwwerall an doru muss ee sech gewinnen.

Fligeren sinn och net bekannt fir hir Iwwersiichtlechkeet. Op 10’000 Meter spréngt engem seelen e Cycliste aus enger Säitestrooss virun de Capot. Den DS5 huet op all Säit zwee déck Fenstermontanten an an der Mëtt e fette Réckspigel mat Reesensor. Dësen Auto huet méi doudeg Wénkele wéi dem Dracula seng Krypta, a wuel dee lächerlechsten Zwerge-Wischer, dee jee op eng Heckscheif geplanzt gouf. Iert ee mierkt, dass deen Auto hannendru blo Luuchten um Daach huet, sinn op d’mannst sechs Punkte fort.

An der zweeter Rei ass et wuel net enk fir Schëlleren a Knéien, mä d’Féiss passe knapp ënnert d’Sëtzer an ab 1m80 geet de Kontakt mam Plafong intim.

Firwat Citroën mengt, dass eng Mall kee Grëff brauch, ass e Rätsel. Entweder bannen e Knapp drécken... oder d’Tëleecommande. Beim Dréine vun engem Test, wou een all dräi Minutte Saache muss eran- an eraushuelen, nervt dat onmoosseg. Wien eemol d’Woch akafe geet, fënnt dat wuel manner schlëmm.

Deen interessantesten DS5 ass en Diesel-Hybrid mat Allrad. Eisen Testauto war leider den Top-Bensinner. Näischt géint de 1600er Turbo. Mat 200 Päerd geet e wierklech gutt. Mä et ass e GTI-Motor, kuerz a knackeg iwwersat. De Verbrauch, 9½ Liter op 100, muss ee sech errechnen. De Bordcomputer vum DS5 weist esoteresch just wéi wäit ee mat engem Liter kënnt. 99,9% vun de Lëtzebuerger wäerten en Diesel kafen.

Mä et gëtt Zäit fir iwwert dem DS5 säin Haaptproblem ze schwätzen. Seng Suspensioun liwwert zevill Informatiounen iwwert Lächer, Knuppe, Rillen... Si ass ganz einfach zappeleg an haart. Dat passt absolut net bei e grousse Luxusauto.

A wann et eng Firma gëtt, déi bewisen huet, dass se weess, wéi ee Premium-Suspensiounsconfort baut, da Citroën. Dee Marketingfuzzi, deen dem DS5 ongesonde Sport verschriwwen huet, gehéiert hydropneumatesch gefoltert.

E Basis-DS5 kascht iwwer 29’000 Euro, den Testauto koum op iwwer 37’000, do kann ee scho kriddeleg ginn. En décke Schotz méi Rahm an d’Suspensioun, e spuersamen Diesel an da schmaacht dem DS5 säi schéinen Intérieur eréischt richteg gutt.

Citroën DS5
Nom Volltreffer DS3 huet Citroën mat DS4 an DS5 nogeluecht. Den DS5 gesäit net schlecht aus, mä de Pascal Becker huet och praktesch Nodeeler entdeckt.