• DE PLUS

    • Elektromodus
    • Stroosselag
    • Confort
  • DE MINUS

    • Präis
    • Elektresch Autonomie
    • Verbrauch Laangsträck

Virun engem Mount ware mir an der Fabrik. An elo kenne mir endlech eis Krallen an en Testauto setzen. De Pascal probéiert den Opel Ampera.

Den Opel Ampera ass „made in USA“. An e wielt e Mëttelwee tëscht rengem Batterie-Auto a konventionellem Hybrid. Den Ampera soll déi Leit iwwerzeegen, déi Angscht hunn, mat enger platter Batterie hänken ze bleiwen. „Range Anxiety“ heescht dat. An et bremst d’Akzeptanz vum Elektroauto. Den Ampera huet säin eegene Generator u Bord. E 1400er Bensinner spréngt un, wann d’Batterie eidel ass. A well een deen op all Tankstell fiddere kann, fiert een esou wäit wéi ee wëllt.

An et fiert ee chic. Ästhetesch ass dat hei scho bal en Elektrocoupé. Véier Leit hu gutt Plaz. D’Plastiker sinn zwar net grad esou soft, wéi een dat bei modernen Opele gewinnt ass, mä dat ass en Detail. Grad wéi déi éischter héich Luedkant vun der Mall. Mä eis interesséiert haaptsächlech, op dee ganze Konzept funktionnéiert.

Moies viru menger Hausdier. Batterie voll gelueden. 41 Kilometer elektresch Autonomie. Dat ass net vill. Fairerweis muss ee soen, dass d’Konditioune esou schlecht wéi nëmme méiglech waren. Heizung, Luuchten a Wischer si permanent am Asaz. Mat besserem Wieder misste gutt 10 bis 15 Kilometer méi dra sinn.

D’Fueren ass ganz agréabel. 150 Elektropäerd a fetten Dréimoment ab dem éischte Milimeter Gaspedal maachen den Ampera flénk. A well e ronderëm d’Batterie entwéckelt gouf, spiert een där hiert Gewiicht net negativ. D’Stroosselag ass wierklech gutt – wéi en normalen Auto.

Dem Ampera säi Computer ass och éierlech. Wann en 41 Kilometer versprécht, da stëmmt dat. Wien elo d’Chance huet, op der Schaff eng Parkplaz mat Stécker ze hunn, ass fäin eraus. Den Ampera suckelt d’Elektronen aus all normaler Dous. Véier Stonne fir eng voll Charge.

RTL

Wat een duerno domat mécht, dat iwwerléisst den Auto sengem Chauffer. Am Fuermodus “Maintenir” hält den Ampera d’Batterie voll gelueden a leeft op Bensin. Clever, wann een elektresch duerch d’Stad wëllt summen, ouni de Späicher op der Autobunn eidel ze suckelen. Esou kann ee sec u Foussgänger eruschläichen.

Mä iergendwéini ass d’Batterie eidel. An da geet en anert Kapitel an der Ampera-Geschicht op. Da bleiwe just 86 Bensinspäerd. Si ginn duer, fir virun ze kommen. Akustesch ass et awer e Kontrast mam diskreten Elektroundriff. Och amt der Spuersamkeet geet et duerno biergof.

Déi éischt 40 Elektrokilometer sinn e Genoss. A wat een duerno awer méi wäit fiert, wat den Duerchschnëttsverbrauch ëmmer méi klëmmt. Wien den Ampera reng mat Bensin bedreift, sollt ëm déi 7 Liter op 100 aplangen. Relax gefuer. Richteg spuersam ass dësen Auto nëmmen, wann een den Undeel un Elektrokilometer héich hält. Wien all 50 Kilometer un de Stecker kann, fiert bëlleg. Déi aner wäerte beim Präis vu ronn 45’000 Euro houschten.

5’000 Euro CARe-Prime hëllefen, dat ze schlécken. D’Konzept vum polyvalenten Elektroauto, deen ni hänke bleift, ass wierklech interessant, ënner Stroum ass dat hei e flotten Auto. Mat méi enger décker Batterie wier en esouguer iwwerzeegend.

Opel Ampera
Virun engem Mount ware mir an der Fabrik. An elo kenne mir endlech eis Krallen an en Testauto setzen. De Pascal probéiert den Opel Ampera.