• DE PLUS

    • Motor- a Fuerleeschtungen
    • Alldagstauglech
    • Handlech
  • DE MINUS

    • Traktioun schwaach & nervös um Limit
    • Turbomotor hänkt net messerschaarf um Gas
    • Net bëlleg & trotzdem bal ausverkaaft

Dat hei geschitt, wann ee kleng Autoen mat Stérioide spille léisst. Si ginn ausernee wéi e Bodybuilder. De Pascal Becker huet de BMW 1 M Coupé probéiert.

Aus engem harmlosen 1er Coupé gëtt en 1M. „M“ wéi Motorsport. Mat Karosserie-Schwellungen un de véier Ecken. Déi deck Gummiwalzen hänken un den Achsen aus engem M3, déi iergendwéi ugepasst goufen.

Ënnert dem Capot geet dësem M nei Weeër. Klassesch M’en hunn d’Leeschtung iwwert d’Dréizuel geholl. Deen heite setzt op Turbo. Gläich zwee, fir sécher ze sinn. Dat huet Vir- an Nodeeler, mä dorobber komme ir nach zeréck.

Dësen M-Auto huet och en Intérieur mat Sëtzer an engem Cup-Holder. Ech soen dat just, fir komplett ze sinn. Well wann dat Är Haaptsuerg ass, da sidd der am falsche Film.

Am falschen Test sidd Dir souwisou. Eigentlech wollte mir mam 1M Gummi verbrennen. Breet fueren. Mir haten e Circuit gebucht. Mir hunn eis gefreet. Dunn ass den Thermometer an de Keller gefall. An dofir schwätze mir amplaz iwwer Päerd elo emol iwwer Villercher. Eng Schmuebel huet zwar nëmme  en halwe Gramm Gehir. Mä dat geet deem Béischt duer, fir ze verstoen, dass een dëst Land tëscht November a Mäerz verloosse soll. An net eng 340-Päerd-Heckschleider am Schnéi testen...

Den Testauto hat Wanterpneuen an e Spärdifferential. A gehëtzte Sëtzer. Et kann een mat engem 1M normal fueren. En ass ferm, mä net ze haart gefiedert. E mécht net allzevill Kaméidi. E kann, mat engem virsiichtege Gasfouss, ënner 11 Liter beweegt ginn.

De Motor ass eng Granat. 340 Päerd a virun allem en Tsunami vun Dréimoment spullen dësen Auto a manner wéi fënnef Sekonne vun 0 op 100. Heiansdo kann et awer och 5 Minutten daueren. Traktioun ass wierklech net net dem 1M säi stäerkste Punkt. Komme mir elo zum Thema Turbo. Den 3-Liter-6-Zylinder huet der zwee. Zwee klenger reagéieren näämlech méi vive wéi een decken. Den 1M huet domatt scho bei nidderegen Dréizuelen ganz kräfteg Muskelen. Dat ass am Alldag e kloere Virdeel. An et mécht aus der ESP-Luucht en Dauerblinker.

Wien dat stéiert, kann op den Off-Knäppchen drécken. Am M-Dynamikmodus erlaabt d’Elektronik dann dezent Rutschen, mä hënnert d’Rieder nach ëmmer um Duerchdréinen. Wien de Knäppchen méi laang gedréckt hält, schalt all Sécherheetsnetzer aus an dann huet ee wierklech besser op Zack ze sinn. De kuerze Radstand mécht aus dem 1M en nervösen Drifter. Mat senger direkter Steierung dierft dat kee Problem sinn, esoulaang een e Minimum vu Grip huet. An den Testkonditiounen ass awer kee richtegt Vertrauen opkomm.

Ënnert anerem och well den Turbomotor net mat der gewënschter Präzisioun um Gas hänkt. Hei bräicht een eng Gilette an et kritt een eng Aaxt.

RTL

Op dréchener Strooss mat Summerpneuen passt dat alles héchstwahrscheinlech vill besser zesummen. Aleng déi explosiv Fuerleeschtungen erkläre schonn e gudden Deel vun de knapp 50’000 Euro, déi BMW gären hätt. D’Kapitel Chassis konnt net richteg erfuerscht ginn. Et war wéi gesot de falschen Test, mä net de falschen Auto. Den 1M dierf am Summer gären erëm kommen. Ausverkaaft oder net...

BMW 1 M Coupé
Dat hei geschitt, wann ee kleng Autoen mat Stérioide spille léisst. Si ginn ausernee wéi e Bodybuilder. De Pascal Becker huet de BMW 1 M Coupé probéiert.