Nissan Leaf

-
DE PLUS
- Agreabel ze fueren
- Gutt équipéiert
- Autonomie OK fir den Alldag...
-
DE MINUS
- ... mä ëmmer nach staark temperaturofhängeg
- Wäertverloscht/Batterie onegekläert
- Parkplaz mat Steckdous néideg
De Pascal Becker huet den Nissan Leaf net wéi e Prototyp mä wéi e ganz normalen Auto getest. Ouni Kabeltrommel an ouni prévisibel Verlängerungswitzer.
Um Ufank hu mir Elektroautoe behandelt wéi Prototypen. Mir ware frou, wann se iwwerhaapt gerullt sinn. Duerno hu mir vill Kabelen a Steckere gefilmt a prévisibel Verlängerungswitzer gerappt. Et gëtt esou lues Zäit, se ze testen wéi en normalen Auto.
Den Nissan Leaf ass dofir en ideale Kandidat. Ugefaange bei senger Gréisst. E Leaf ass näämlech keen Alibi-Stadmobil, mä e vollwäertege 5-Sëtzer. D’Raumgefill ass gutt. E Steierrad, dat sech nëmmen an der Neigung verstelle léisst, scho manner.
Hannen huet ee gutt Plaz. Et sëtzt een zwar e bëssen déif, mä soss OK. Esou frëndlech, deen hellen Intérieur hei op de Biller ausgesäit: en ass extrem knaschtempfindlech. Leit mat Kanner an aneren Déieren, sollten dat bedenken.
D’Mall ass net riseg. Batterien brauche jo iergendwou Plaz. Mä fir d’Akafen am Alldag geet et duer. Op déi grouss Rees fiert ee mam Leaf souwisou net. De serieméissegen Navi weist engem den Aktiounsradius mat deem wat nach an der Batterie dran ass. Ënnert optimale Konditioune soll e Leaf iwwer 160 Kilometer packen. Mä d’Konditioune si seelen optimal.
Et ass zum Beispill kal. Hei gesitt Dir den Afloss vun der Heizung op d’Autonomie. Aua! Mä trotzdem. Esouguer ënnert de schlechste Konditioune soll e vollgeluedene Leaf normal beweegt honnert Kilometer packen. Méi fueren déi meescht vun eis souwisou net pro Dag.

Un enger normaler Steckdous brauch de Leaf iwwer aacht Stonnen fir sech mat Saaft ze fëllen. Et gëtt ënnert sengem Capot awer en zweete Stecker fir e Schnellladegerät. An enger halwer Stonn bréngt dat d’Batterie op 80 Prozent. D’Saach huet zwee Hoken. Déi Luedstatioune sinn esou rar wéi Héngerzänn. An et ass schlecht fir d’Liewensdauer vun der Batterie
An dat sollt Iech interesséieren. Anescht wéi beim Renault Fluence ass d’Batterie beim Leaf näämlech net geleast. Nissan gëtt fënnef Joer Garantie. Duerno ass et dem Propriétaire säi Problem.
E Propriétaire huet bis dohin awer genuch Grënn sech ze freeën. De Leaf ass voll équipéiert. A virun allem: Elektrofueren ass flott. Et huet en Hauch vu Science-Fiction. Mat handfesten Argumenter. Elektromotore liwweren direkt maximalen Dréimoment. De Leaf fillt sech also vill méi vive un wéi ee vu sengen 109 Päerd géif erwaarden. Et brauch een och net ze schalten, wat am Stau en décke Bonus ass. A virun allem ass de Leaf en extrem rouegen Auto.

Ausser Wand- an Ofrullgeräicher héiert een net vill. De Geräichconfort ass bal Luxusklass. Wat e kontraproduktiven Nieweneffekt huet. Et ass een dacks méi séier ënnerwee, wéi ee mengt, well de Kaméidi feelt.
De Leaf mécht bei 145 Schluss. Dat schount d’Batterie a Führerschäin. Op en och de Portemonni schount, ass keng esou einfach Fro. Et kritt ee 5’000 Euro Prime. Da kascht den Auto nach ronn 30’000 Euro. Plus eng Parkplaz mat Stecker.
Verglach mat engem Diesel ass Tanke spottbëlleg. Och den Entretien ass méi gënschteg. D’Inconnuen an der Käschtenéquatioun sinn d’Liewensdauer vun der Batterie an de Wäertverloscht. Vu sengen Automobile Qualitéiten hir ass de Leaf iwwerzeegend a seng Autonomie grouss genuch fir e realistesch als Zweetauto anzesetzen. Wéi de Stroum an d’Steckdous kennt, ass eng aner Debatt fir en aneren Dag.