Fiat Panda

-
DE PLUS
- Agreabel ze fueren
- Geräichconfort
- Basispräis
-
DE MINUS
- ESP net serieméisseg
- Verbrauch & Variabilitéit
- Finitiounsdetailer (Faarf)
Italien kann op d’mannst zwou Saache ganz gutt. Mat Tomaten zauberen a kleng Autoe bauen, déi net langweileg sinn. De Fiat Panda am Test vum Pascal Becker.
Kleng Autoen ze bauen ass net einfach. Well fir fett Motoren a laang Équipementslëschte feelt et u Plaz a Budget. De Panda Generatioun 3 bleift wéi seng Virgänger en onprétentiéist Transportmëttel. Mat fënnef Dieren. Dat ass praktesch an an dëser Klass net selbstverständlech.
Et setzt een och hannen zimlech korrekt. An de schmuele Panda ass en éierleche 4-Sëtzer. Si hunn agesinn, dass eng fënnefte Plaz op der groer Kaart sënnlos wier. Eenzege klenge Confortdéfaut sinn haart Kappstützen. Masochiste kënne fir 100 Euro Optioun de Panda awer zum 5-Sëtzer mutéieren. Mir an d’Mënscherechtskomissioun vun der Chamber roden dovunner of.
De Panda III ass wéi säi Virgänger en Auto, wou een zimlech héich sëtzt. Wat anscheinend haut ganz gefrot ass. Ergonomesch gëtt et näischt ze meckeren. De Plastik ass zwar haart, mä wien e vun no ënnersicht, mierkt dass d’Italiener Sënn fir Humor hunn. Oder al gemuele Pandaschëlder recycléieren.
An der Topversioun Lounge huet een am Fong geholl all déi néideg Confortaccessoiren wéi Klima oder e gudde Radio. Wat an der Zooss awer feelt ass e wichtege Sécherheetsaccessoire. ESP kascht ronn 300 Euro extra. Dat misst net sinn.
Och d’Variabilitéit ass basic. Op et derwäert ass, 250 Euro extra an eng variabel Réckbänk ze stiechen, hänkt wuel vum Keefer of.

E Bléck ënnert de Capot weist, dass Fiat mat der Faarf spuert. Den Testauto war anscheinend aus enger Présérie. Mä ech sinn net sécher op dat duerno besser gedeckt gëtt.
D’Antrëttsmotorisatioun huet véier Zylinder an 1200 Kubik. Kee Schnickschnack wéi Turbo oder 16 Ventiller. Just 69 Päerd. Mol kucken... Autobunn meeschtert de Panda guer net schlecht. D’Fuerleeschtunge gi gutt duer fir matzeschwammen. Virun allem de Geräichconfort iwwerrascht. De Fiat ass roueg bannendran an esou erfreelech laangstreckentauglech. An och wann déi blank Zifferen net beandrockend sinn: de Panda mécht Spaass beim Fueren well et en harmonescht Ganzt ass. Déi fënnef Gäng loossen sech liicht schalten an hir Ofstufung ass clever gewielt fir dat bescht aus dem Motor ze huelen.
Et ass och gutt, drun erënnert ze ginn, dass kleng schmuel Autoen de Stressfaktor erofsetzen,w ell se iwwerall gutt laanscht kommen a liicht ze parke sinn. Dovunner huet een eppes.
D’Suspensioun ass ferme, mä net zevill haart an d’Steierung e gutt Stéck méi präzis wéi beim Virgänger. De Panda ass zwar ëmmer Member vun den Anonymen Ënnersteierer, mä en ass um gudde Wee fir vun der Sucht lasszekommen. Wat eis zum Kapitel Duuscht bréngt...
An zu enger philosophescher Fro. Ass Verzicht automatesch spuersam? De Panda verzicht op Leeschtung. Wat een awer deementspriechend am Verbrauch erëmfënnt. Ëm déi sechs Liter si sécher keen Drama. Mä mat deemselwechte Volumen loossen sech och vill méi staark a méi grouss TDIen beweegen.
Mä d’Spritrechnung ass nëmmen en Deel vun de Käschten an den Auto ass nun mol sympathesch. En Antrëttspräis vun 9’400 Euro kann als spuersam duerchgoen. Ob d’Équipementer vun der Lounge-Versioun 2’000 Euro mi wäert sinn, ass Iech iwwerlooss. An e Verhandlungsgespréich mat Ärer Garage wäert.