Renault Twizy

-
DE PLUS
- Witzeg ze fueren
- Akzeptable Präis
- Besser Sécherheet wéi e Scooter
-
DE MINUS
- Keng Fënsteren
- Keng Plaz fir Gepäck
- Nëmmen 80 km/h
Dir kënnt elo laachen. Oder schmunzelen. Dat ass normal, den Twizy huet esou eng Wierkung. De Pascal Becker huet den Elektro-Zweesëtzer op Ibiza probéiert.
Wat ass en Twizy? Wann ee Renault gleeft, d’Äntwert op déi urban Mobilitéit vun der Zukunft. Wann een op d’gro Kaart kuckt, ass et esou eppes wéi en elektresche Quad.
Den Tour vum Twizy ass séier gemaach. En huet véier Rieder. E Wischer. E Steierrad. Een Airbag – wat gutt ass. Zwou witzeg Dieren, déi extra kaschten a keng Fënsteren hunn – wat manner gutt ass. De Chaufferssëtz huet och e Lach fir Waasser oflafen ze loossen. Inkontinent Propriétaire freeën sech. Et gëtt zimlech wéineg Plaz fir Kreemchen, a keng Mall.
Ëmmerhi gëtt et eppes ze gesinn, wann en eventuelle Passagéier eng Minijupe unhätt. Et kann een dreemen...
Zum Beispill vu besserem Wiederschutz. Ouni Fënsteren zitt et am Twizy wéi an enger Uewepäif. Ech wéilt net domat am Reen am Stau stoen.
Vum Duerchzuch elo emol ofgesinn, mécht den Twizy méi Spaass wéi mickreg 13 Kilowatt dat elo kinnten erwaarde loossen. Dat si 17 Päerd fir ronn eng hallef Tonn. Well Elektromotore generéis mam Dréimoment ëmginn, kënnt en Twizy bei der rouder Luucht gutt vum Fleck. Bei 80 ass awer Schluss. An do kann een all Register zéien, sech am Wandschied eruschläichen, Bierger erofstierzen... Méi wéi 86 um Tacho erlaabt d’Elektronik einfach net. Si bremst. Wien fiert scho mat 80? Iwwerhuelen ass esou net einfach.
Et ass schued, well den Twizy sech guer net esou kippeleg ufillt wéi en ausgesäit. Duerch d’Batterie ass de Schwéierpunkt déif, dat hei ass e klenge Go-Kart.
Permanent op Vollgas ënnerwee, packt een iwwer 50 km/h. Wie méi lues fiert, kënnt méi wäit. D’Autonomie fir Stadverkéier ass realistesch. An den Twizy no nëmmen dräi an enger halwer Stonn erëm vollgelueden.

Wat mécht een dann elo mat engem Twizy? Dat hänkt dovunner of, wat erlaabt ass. Well den Twizy kleng an elektresch ass, hu mir dierfen duerch d’Alstad vun Ibiza fueren. D’Gemeng erlaabt dat. Déi politesch Lobbyaarbecht vu Renault wäert e wichtegen Deel vum Succès vum Twizy bestëmmen. Esou e Gefier mécht nëmme Sënn, wann et och dierf, wat et kann.
E gutt Beispill ass tëscht Autoen parken. Den Twizy kann dat. Et spuert vill Plaz. Wann een dofir awer ee gepecht kritt, mécht d’Konzept manner Sënn.
En Twizy huet eng Rei vu motorradspezifischen Nodeeler. Et muss een sech gutt undoen. Et kann een näischt draleie loossen. An et kann ee sech emol net am Stau tëscht den Auto duerschlängelen. Dofir ass en ze breet.
D’Crash-Sécherheet ass dogéint kloer besser wéi beim Zweerad. An en Twizy ass kannerliicht ze fueren. Et gëtt esouguer eng gedrosselt Versioun fir mam 50-Kubik-Führerschäin.
Déi staatlech CARe-Prime ofgerechent, kascht e Basis-Twizy 6’300 Euro. Fir e witzegen Elektromobil ass dat net onbedéngt iwwerdriwwen. En Twizy keeft een aus Spaass, fir opzefalen, aus Freed un der émissiounsfräier Mobilitéit. Net onbedéngt fir Geld ze spueren.
D’Batterie keeft een net, déi lount een. Fir 50 Euro de Mount. Mat engem Joereskilometrage vu 7’500 Euro ergëtt 8 Euro reng Batteriekäschten op 100 Kilometer. Esouvill wéi 5,7 Liter Bensinn.
Renault seet, den Twizy wier eppes neies, keen direkten Ersatz fir Auto oder Scooter. Vläicht stëmmt dat och. Ech hunn e flott fonnt. Mä ech fäerten, dass fir seng speziell Talenter d’Land ze grouss an d’Stad nach ze kleng ass...