• DE PLUS

    • Fuerleeschtungen & Bremsen
    • Polyvalenz & Confort
    • Finitioun
  • DE MINUS

    • Präis
    • "Manuelle" Modus vun der PDK
    • Klengen Tank (65 l)

Et ginn net vill Autoen, déi de Pascal Becker mat heem huele giff. Dem neien 911 wier eng Plaz an der Becker-Garage sécher - wann de Präis net wier...

Entwéckler an der Autosindustrie hunn et allgemeng net einfach. Mä en neie Porsche 911 ze zeechnen ass e bësse wéi Äisskulpture mat gefruerenem Nitrogylzerin. Gefor lauert iwwerall. Traditionalisten hätten d’Ikone am léiwsten ënnert eng Kéisklack. Moderniste lästeren, dass no engem halwe Jorhonnert d’Konzept esou lues ausgelutscht ass.

Si irren sech allebéid. Kräfteg. Deen neien ass nach ëmmer onverwiesselbar en 911. Mä en huet méi e laange Radstand, méi Plaz bannendran, an ass méi staark an anengems méi spuersam. Fortschrëtt.

Esouguer d’Finitioun huet nach e Krack zougeluecht. Ech kenne Coffreforten, déi méi schlecht verschafft sinn. Et gëtt allerdéngs zimlech vill Knäppercher. Un dat muss ee sech gewinnen. An déi meescht muss een extra bezuelen. Den Testauto hat fir 27’000 Euro Optiounen. Plus nach eng Kéier 100 Risen fir de Carrera S, un deem se hänken. Bëlleg war den 911 nach ni.

Mä ënnert Sportsdiven hat de Porsche nach ëmmer eppes, wat den anere gefeelt huet. En ass net nëmmen zolidd. En ass alldagstauglech. Vir gëtt et eng Mall, an hannert déi viischt Sëtzer passt och vill Gepäck. Virun allem ass den 911 erfreelech kompakt bliwwen. An engem Zäitalter, wou nei Modeller ausernee ginn, wéi en amerikanesche Burgerkonsument passt den 911 nach ëmmer wéi ugegoss.

Esou klenge 400 Päerd. Eng schéin ronn Zuel. Déi Päerd bréngen et fäerdeg, d’Tachonol op iwwer 300 ze béien. A wien presséiert ass, ka schonn no véier Sekonne säin éischte Protokoll op der Landstrooss kasséieren. Mat 100.

Mä dat erwaart ee vun engem 911. D’Iwwerraschung kënnt an der Polyvalanz. Deen neien 911 huet beim Fiederungsconfort massiv gewonnen, esouguer op den 20-Zoll-Felgen.

Bei dësem 911 kann een d’Fuerwierk op Sport stellen ouni duerno Rendez-Vous mam Ostheopath ze huelen. Am Zesummespill mat der robotiséierter PDK-Boîte ass  dat hei elo e richtege Reesauto, deen och “relax” ouni Frust meeschtert, en Auto, mat deem een all Dag normal fuere kann.

RTL

Am Drive-Modus schalt d’Boîte douce wéi eng Confort-Automatik. A si hëlleft mat hirem laange 7. Gang Spritspueren. Et kann een ënnert 10 Liter kommen. Mat 400 Päerd.

Natierlech kann de Porsche och anescht. An do misst ech emol en haart Wiertche mat de Software-Entwéckler schwätzen. D’Boîte mécht hiren Job mechanesch perfekt. Mä d’Knäppercher fir manuell anzegräifen, sinn net intuitiv programméiert an d’Elektronik ka sech einfach net un Uerderen halen. Esouguer op Sportplus mat alle Schalter op manuell praktizéiert d’Boîte e Kick-Down an esoubal de Motor den Dréizuelbegrenzer erreecht, schalt se Gang erop. Och wann een dat net wollt. Manuell Kontroll gesäit anescht aus.

Wien all Woch um Ring hängt, ass mat der manueller Boîte besser bedéngt. Fir all déi aner awer lount et sech trotzdem 3’400 Euro an d’PDK z’investéieren.

Ring-Artiste wäerte feststellen, dass deen neien 911 vill manner ënnersteiert a méi laang neutral bleift wéi deen alen. An dass d’Bremsen nach ëmmer eng Klass fir sech sinn. Wann de Porsche den Anker gehäit, huet ee besser net ze no hannendrun ze sinn.

Puriste wäerte bedaueren, dass d’Servo elo elektresch an net méi hydraulesch ass, mam Resultat, dass d’Steierung e bësse méi diskret kommunizéiert. Mä ech mengen net, dass een dowéinst mat dësem Auto giff onglécklech ginn. Ech hätt en direkt mat heem geholl.

Porsche 911 Carrera S
Et ginn net vill Autoen, déi de Pascal Becker mat heem huele giff. Dem neien 911 wier eng Plaz an der Becker-Garage sécher - wann de Präis net wier...