• De PLUS

    • Optrëtt
    • Flott Gimmicks am Interieur
    • Wierkt robust
    • Individuell konfiguréierbar
  • De MINUS

    • Finitioun nach net op der Héicht
    • Mécht just Sënn, wann een och an den Terrain domadder fiert

Dir sidd op der Sich no engem Offroader, mat kantege Formen, engem ausgeräiften Undriffspackage an engem Hauch vun Exotik?

Am Automag komme mer haut op en Auto ze schwätzen, dee quasi just entstanen ass, well eng aner Mark decidéiert huet, e gewëssene Modell net méi ze bauen. D’Inspiratioun koum vu Land Rover, fir genee ze sinn, dem Defender. Dee gëtt zanter Januer 2016 net méi gebaut. Wéi dat Lach am Stroossebild elo gefëllt soll ginn, erzielt eis den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun.

Den Jim Ratcliffe ass e grousse Fan vum Land Rover Defender, vu senger Form, senge Fäegkeeten am Terrain, an dem Faite, dass en iwwer Joerzéngten d’Referenz a senger Klass war. Wéi d’Produktioun vu Land Rover agestallt gouf, huet de CEO vun der Produktiounsfirma INEOS decidéiert, eng eegen Interpretatioun vum Defender op de Marché ze bréngen.

RTL

Domadder war d’Iddi vum «Grenadier” gebuer. Honnerte Milliounen Euro goufen zanter 2017 an de Projet vun Ineos Automotive gestach, et gouf eng Partnerschaft mat BMW bekannt gemaach, Magna Steyr ass Konstruktiounspartner ginn, am Juli 2020 gouf den Design vum Grenadier eng éischte Kéier virgestallt. Produzéiert gëtt iwwregens am fréiere Mercedes-Wierk zu Hambach a Frankräich, knapp annerhallef Stonn vu Lëtzebuerg fort.

Ufank Juli 2021 huet een de Bannendesign eng éischte Kéier gesinn a Mëtt Juli ass den Ineos Grenadier dunn um Goodwood Festival of Speed eng éischte Kéier dem Public gewise ginn. 
Bannent engem zimmlech kuerzen Zäitraum gouf deemno e komplett neien Auto gebaut vun enger Firma, déi nei am Automobilsecteur ass.

Massiven Optrëtt

Vu baussen ass en einfach nëmmen impressionant... kanteg, grouss, mat Offroadpneuen, jäizt en einfach nëmmen dono eraus an den Terrain ze dierfen. Do ass et och, wou e sech am wuelste spiert. Feldweeër mat Knuppen a Lächer, Bëschweeër, do fillt e sech doheem, wéi ech selwer hunn dierfe feststellen. Op den normale Stroossen oder op der Autobunn falen d’Ofrullgeräischer vun de Pneuen dach negativ op a wierklech Spaass mécht en do och net. D'Fuergefill ass do éischter onpräzis an indirekt.

RTL

Motoren a Boîte kommen aus dem Haus BMW, 3 Liter Bensinner oder Diesel. Ech hat den Diesel mat knapp 250 PS a 550NM Dréimoment a Kombinatioun mat der 8-Gang Automatik. Dat funktionéiert perfekt. Wann ee sech fir de Bensinner entscheet, kritt een 286 PS, dofir awer 100 Newtonmeter manner Dréimoment.

De Grenadier ka glänze wann een den Asphalt verléisst an e Steng a Bulli ënnert dem Gummi spiert. Wann een d’Ënnersetzung wëll dra maachen, fir nach méi Traktioun ze generéieren, da muss een dat dach mat Nodrock maachen. Et heescht net zimperlech mat deem Schalthiewel ëmzegoen. Egal op Lächer, Bamwuerzelen oder eng Waasserduerchfaart... mam Grenadier muss een näischt fäerten. Buedemfräiheet huet een och masseg an et muss ee sou bal nach net fäerten naass Féiss ze kréien. D'Usaugung ka via Schnorchel och op d'Daachkant verluecht ginn, sou dass de Motor kee Waasser usuckelt, wann ee sollt duerch eng Baach fueren.

RTL

De Banneraum huet e bleiwenden Androck hannerlooss

Fir eranzeklammen, brauch ee mat sou kuerze Been wéi ech se hunn, scho bal d’Steierrad fir sech drun unzehalen, fir sech eranzezéien. Wann een awer bis sëtzt, gëtt een iwwerwälteg vun de ville Knäppercher an Astellméiglechkeeten, déi ee gebuede kritt. Wéi an engem Fligercockpit fillt ee sech, mat Kippschalter egal wou een hikuckt, och do wou soss den Daachhimmel ass. Hei ginn et zum Beispill och nach Schalter fir zousätzlech Luuchten, déi een um Daach montéiere kann.

RTL

Donieft huet een dann zwou Daach-Lucken, déi een opklappe kann. Hei heescht et awer op d’Fangeren oppassen. Ech ka garantéieren, dass ee sech déi éischte Kéier d’Patten aklemmt, wann een d’Daach-Luck nees wëll zoumaachen.

RTL

Virun Aen huet ee keen Display ma just eng hellewull u klenge Symboler, den Haaptecran mam Infotainment ass iwwerdeem an der Mëttelkonsol.

Dass de Grenadier kee Modell ass, deen et schonn an der xter Generatioun gëtt, a wou schonn all d’Kannerkränkten entdeckt a verbessert goufen, dat mierkt een dann awer schonn.

D’Klimaanlag huet e bësse gemaach wat se wollt an d’Réckfaarkamera war net wierklech op der Héicht, vun deem, wat een haut sou kennt. De Parksensor reagéiert spéit, deemno heescht et virsiichteg ze si beim aparken... well Plaz brauch de Grenadier masseg.

RTL

Oppasse sollt ee bei den Dieren, do hat bei mir direkt e puer mol de Knäppche vum Schlass geklemmt, sou dass beim Fueren esouguer eng Kéier d’Bäifuererdier opgaangen ass. Do war ech nawell erféiert. Do misst een nach emol noajustéieren, respektiv eng Kéier gutt schmieren.

RTL

Eppes wat och aner Marken nach ëmmer net hikréie bei neie Modeller, ass d’Integratioun vun Android Auto oder Apple Carplay via Bluetooth. Och am Grenadier brauch een den USB-Kabel dofir. Ech hoffen dat ännert bei engem nächsten Update.

RTL

Wéi wäit ee mat engem Tank kënnt, dat sollt ee mat der Zäit erausfannen. D’Tankunzeig war nach net ganz geeicht mengen ech. Nodeems ech ¼ vum Tank verbraucht hat, stoungen 330km um Tacho, awer just nach eng Recht-Reechwäit vun 345km. Do geet mathematesch eppes net op. Ech hat op alle Fall um Enn vu mengem Test 530km erof an den Tank war nach net eidel.

Plaz an der Mall huet ee masseg an och grouss Géigestänn wéi e Schaf kritt een easy transportéiert, wéi ech selwer ausprobéiert hunn. D’Mallen-Dier ass dann och zweegedeelt, quasi an 1/3 an 2/3. De schmuelen Deel kritt een op, fir z.B. just kleng Saachen eran oder erauszehuelen. De méi groussen Deel, un deem och dat schwéiert Ersatzrad hänkt, muss een also net ëmmer mat opmaachen.

Lëschtege Gimmick war e grousse roude Knäppchen um Steierrad mat engem Vëlo drop gemoolt, wou dobäi stoung «Toot». Dat ass eng Tut fir Cyclisten oder Foussgänger ze warnen, dass se hënneren. Déi kléngt e bësse méi dezent, wéi déi richteg Tut vum Auto, sou dass d’Leit net direkt vu Schreck vum Vëlo falen.

RTL

Fazit

Et ass definitiv e Gefier fir zum Beispill Fierschter, Bëschaarbechter, Jeeër, Baueren oder soss Leit, déi dacks an den Terrain mussen. Do huet e seng Stäerkten a kann optrompen. Respektiv fir Leit, déi richteg Aventuriere sinn an och gär emol mat hirem Gefier eraus an d’Natur fueren an do z.B. campen. 
Optesch ass et en Highlight am Stroossebild an et däerf ee gespaant sinn, wat nach vun Ineos Automotive kënnt. Präislech geet et lass bei 76.000 Euro. No uewen ass masseg Loft, well den Optiounskatalog fir all méiglech Offroad-Gimmicks ass quasi onendlech. Do kann ee sech richteg austoben!

RTL