Lancia Thema

-
DE PLUS
- Gutt équipéiert
- Motor/Boîte
- Präis
-
DE MINUS
- Sëtzer ouni Säitenhalt
- Steif Fiederung
- Wäertverloscht?
De Pascal Becker als Archeolog. Hien huet um neie Lancia Thema gekraazt an huet ënnert dem Lack e Chrysler 300 C entdeckt.
An hiren éischte 60 Joer war dem Vincenzo Lancia seng Firma bekannt fir exquisit Ingénieurskonscht. An och dofir dass et schwiereg ass, domat Geld ze verdéngen. 1969 keeft Fiat Lancia. D’lescht Joer huet Fiat eng aner Mark iwwerholl, déi a finanzielle Schwieregkeete war. An dat bréngt eis bei den Thema vun haut.
Wien un de Lancia-Schëlter kraazt, fënnt drënner Chrysler. A wie méi déif grueft, stéisst nach op Mercedes. Dat hei ass e Chrysler 300C, komplett mat den irritanten Détailer wéi eng Mall, déi bausse kee Grëff huet.
Banne muss een allerdéngs soen, dass d’Lancia-Kur Wierkung gewisen huet. D’Ambiance ass gläich ëm e puer Kräck méi nobel ginn. Materialien si méi luxuriéis, d’Lieder perforéiert, d’Sëtzer net nëmme gehëtzt mä esouguer wierksam belëft. Et gëtt en neien Touchscreen-Display, Cupholer déi wiermen a killen, vill Plaz, och hannen. Esouwäit eng gelonge Renovatioun. Mat zwee Kritikpunkten!
D’Sëtzer vir bidden absolut kee Säitenhalt. An d’Lancia-Auer gesäit aus, wéi wann een se op der Fouer mam Kran aus der Virwëtztut gekroopt hätt. Schrecklech cheap!
Mä et muss ee soen, dass wann een en däitscht Premium-Fabrikat esou komplett wéi den Test-Thema équipéiere wéilt, da kritt een Tréinen an d’Aen. 48’000 Euro gesinn do scho bal präiswäert aus.
Et kritt een dofir och en decke Motor mat 240 Päerd. Dräi Liter, sechs Zylinder am V. Historesch korrekt. Lancia huet 1950 deen éischte serieméissege V6 op de Maart bruecht.
Cruise kann den Thema ganz gutt. De Motor ass dréimomentstaark a lafroueg. A confortméisseg stéiert et och weider net, dass d’Automatikboîte nëmme fënnef Gäng huet. Esouguer un der Pompel muss dat keen Nodeel sinn. Et kritt een den Thema relativ liicht mat manner wéi aacht Liter beweegt. Net schlecht fir esou en déckt Schëff.
Den Alter vun der Konstruktioun mierkt ee virun allem beim Chassis. De Fiederungsconfort kinnt méi geschmeideg sinn. Den Thema ass ferme. Dat ass e Feeler, well d’Direktioun liwwert souwisou net vill Réckmeldung. An duerch Kéiere broden passt nun emol net zu US-Genen. Do gëllen aner Qualitéiten. Den hanne gedriwwenen Thema kritt e gudde Burn dohi gebruzzelt. A wien sech Suergem ëm Wantertraktioun mécht, soll wëssen, dass eng Allradversioun ënnerwee ass.
Firwat Lancia awer de prakteschen a méi flotte Kombi net adoptéiert huet, bleift e Marketingrätsel. Bei Chrysler war dat dee Modeel, deen am beschte gezunn huet.