Peugeot 208

-
DE PLUS
- Chic Finitioun
- Confort & Stroosselag
- Klengt Steierrad
-
DE MINUS
- Kappfräiheet hannen
- Net bëlleg
- 92PS-Diesel iwwerflësseg
Fir Peugeot ass den 208 net nëmmen den 207-Nofolger, mä e soll och an der Traditioun vum legendären 205 stoen. De Pascal Becker huet de Peugeot 208 getest.
Am Dschungel vun de klengen Autoe gouf et emol eng Kéier e Léif mat enger grousser Nummer. De Peugeot 205. Et war en Auto, deen esou gelonge war, dass seng Nofolger iergendwéi ëmmer e bëssen enttäuscht hunn.
Den 208 wëllt deen Däiwelskrees briechen. Déi markant Aluminiumsbijouen hannen op der C-Seil sinn eng kloer visuell Hommage un de grousse 5. A Peugeot huet endlech opgehal, sengen Autoen eng iwwerlaang an iwwerstylte Plastiksschnëss opzesetzen. Den 208 huet kuerz Karosserieiwwerhäng. Dat ass gutt.
Bannendra gouf et eng Revolutioun. Adieu déi vill kleng an oniwwersiichtlech Knäppercher. Amplaz gëtt et en iPad-ähnlechen Touchscreen fir déi meeschte Saachen ze verwalten. Dat gesäit net nëmmen nobel aus, et funktionéiert och gutt. Bravo!
D’Finitioun huet och e wichtege Schrack no vir gemaach. Allerdéngs nom Wonderbra-Prinzip. Iwwert der Ceinture villes wat d’Aen unzitt, an esou kuckt een ënnen erëm net esou genee. Hei setzt bëllege Plastik. Mä dat maachen se alleguer. Jidderee muss spueren.
Gewiicht zum Beispill. Den 208 huet ongeféier d’Gewiicht vun engem wuelgenierte Passagéier ofgespeckt. An en ass e bësse méi kompakt ginn. Dat ass gutt fir d’Fuerleeschtungen, de Verbrauch an den CO2-Ausstouss.
Eisen Testauto hat, mat 92 Päerd deen zweetstäerksten Diesel. Deeselwechte Motor kritt ee mat 115 Päerd, quasi identeschem Verbrauch a just engem Gramm méi CO2-Ausstouss. Emol méi kann ee sech froen, firwat een eng ofgeschwächte Variant entwéckelt, ausser fir dem Client kenne méi Geld fir de staarken aus der Täsch ze zéien.
Dovun ofgesinn ass een awer esou scho ganz adäquat motoriséiert. Den 208 geet gutt an ass agréabel roueg bannendran. Och d’Fiederung uet de gelongene Kompromëss vu guddem Confort a präziser Stroosselag erëmfonnt. D’Virgänger waren heiansdo e bëssen zevill a Richtung sportlech Häerz ofgedrifft.
Den Original-205 hat e wonnerbaren Handling. Mä am rosa Nostalgie-Spigel soll een d’Tendenz, hannerzech duerch d’Heck ze goen wann en ongeübte Chauffer an enger schëtzeger Kéier abrupt vum Gas gaangen ass, net vergiessen.

Den 208 huet natierlech ESP, Capriole ginn et hei keng ze fäerten. An dach mécht d’Stroosselag Spaass. Et gëtt Grip a Präzisioun, an de Fun-Facteur huet virun allem mat der gréisst vun enger kritescher Komponent ze dinn. D’Steierrad ass mat nëmme 35cm Duerchméisser eent vun deene klengsten, wat ech an de leschte Joeren am Grapp hat. An dat ass eng super Iddi. Et kennt ee méi liicht eran an eraus, den Auto fillt sech direkt méi handlech un, d’Instrumenter si kloer am Bléckfeld. Et kann ee sech froen, firwat anerer dat net kopéieren.
Stéchwuert anerer. Zënter dem 205 ass d’Konkurrenz an dësem Segment enorm gewuess. Deemools gouf et zum Beispill nach keng Koreaner. Haut ass alles méi schwiereg ginn. Mam Präis spillt Peugeot awer net. Och wann d’Lëscht bei knapp 12’000 Euro ugeet, schruppt eng gutt équipéiert Topversioun iwwert d’20’000-Grenz. Net bëlleg.
Den 208 bréngt awer schonn emol eppes ganz wichteges: en eegestännege Mix aus Fuerspaass, Chic a Confort. Wat elo fir dem 205 säin Troun nach feelt, ass e wierdege GTI. Mir si gespaant.