Honda Civic

-
DE PLUS
- Gutt verschafft
- Clever Récksëtzer
- Korrekt Fuerleeschtungen
-
DE MINUS
- Ofrullgeräich
- Motor net grad modern
- Look leider verwässert
De Pascal Becker ass op der Sich nom Fortschrëtt. Wat kann den neie Civic besser wéi säi Virgänger? De futuristesche Look gouf op jidder Fall verwässert.
Siwe Joer sinn eng laang Zäit am Liewe vun engem Autosmodell. Esoulaang huet Honda gebraucht fir dem leschte Civic säin Nofolger z’entwéckelen. Et ass, soen d’Japaner, e komplett neien Auto, och wann et op den éischte Bléck éischter wéi e gréissere Facelift ausgesäit.
Deen ale war 2005 esou futuristesch, dass en och haut nach modern wierkt. Vläicht läit et dorun. D’Formesprooch ass jiddefalls déi selwecht bliwwen.

Op d’Versioun 2012 besser ausgesäit, doriwwer kann ee streiden. Wat awer sécher ass, dat ass dass d’Léift zum Detail fleete gaangen ass. E puer Beispiller. Deen alen hat Diergrëffer aus Metall, déi ausgesinn hu wéi eng Rakéit. Deen neien huet banale Plastik. Deen alen hat hannen exotesch dräieckeg Auspuffen. Deen neien huet alt erëm Plastik. Besser ass dat definitiv net.
Eppes Guddes hu se allerdéngs vum alen iwwerholl. Et ass de kannerliichte Klappmechanismus vun den hënneschte Sëtzer. D’Sëtzflächen loossen sech erop klappen, wat hannert de viischte Sëtzer erstaunlech vill Plaz fräi mécht fir grouss Géigestänn. Dat ass wierklech clever.
Den Intérieur ass propper a milimetergenee verschafft, dat kënnen se. Och den Hauch vu StarTrek mam zweestäckegen Tableau ass bliwwen. Mä mir hunn eis u säi Futurismus gewinnt. Et wier keen typeschen Honda, wann net alles liichtgängeg-präzis giff flutschen. Esouwäit esou gutt. Mä net wesentlech besser wéi deen alen.
Dat selwecht gëllt fir de Motor. 150 Päerd aus 2,2 Liter si fir e modernen Turbodiesel net grad berauschend. Aus deemselwechte Volume huele Konkurrente bis zu 50 Päerd méi eraus. Dass mir eis net falsch verstinn. De Civic geet wierklech gutt genuch. Iwwer d’Fuerleeschtunge gëtt et näischt ze meckeren. Mä och den ale ass scho gutt gaangen. Dat war net de Problem.
E war awer éischtens ze haart gefiedert, zweetens huet e bannendran zevill Kaméidi gemaach. Deen neien huet méi mell Fiedere krut, wat gréisstendeels eng Besserung ass. Op schlechte Stroossen wierkt en awer elo e bëssen ennerdämpft. A beim Kaméidi ass zwar eppes geschitt, mä hei si mir nach wäit vum rouegsten Turbodiesel a senger Klass.

De Civic trëtt näämlech un an engem Segment vu Streber. Konkurrenten, déi sech all eege Spezialitéiten erausgesicht hu wéi Finitioun, Confort, Motor, Stroosselag, Garantie etc. Den Honda läit iwwerall an der gudder Moyenne, mä en ass néierens de beschten. Säin Haaptargument, de futuristesche Look, huet déi nei Generatioun éischter verwässert.
Esouguer beim Präis läit de Civic resolut am ieweschte Mëttelfeld. Ab 23’000 Euro fir den Diesel.