Audi A3

-
DE PLUS
- Finitioun
- Flott ze fueren
- Équipementsméiglechkeeten
-
DE MINUS
- Elektresch Handbrems nervt
- Bensinner net esou spuersam
- Präis?
Wat huet den neien Audi A3 mat enger Photokopiesmaschinn an engem modulare Querbaukasten ze dinn? De Pascal Becker huet dat zu Palma erausfonnt.
Dat hei ass deen neien Audi A3, och wann en op den éischte Bléck sengem Virgänger gläicht. En Auto, dee fir Audi esou wichteg ass, dass se beim Design keng Experimenter wollten agoen a wéi gewinnt d’Photokopiesmaschinn ugekuerbelt hunn. Ass dat e Feeler? Net onbedéngt...
Den A3 destilléiert e Soupçon vun A1 Elementer mat décke Stécker A4 an A6. An dat ass d’Stäerkt vun dësem Auto. Obwuel A3 drop steet, fënnt ee bannen d’Materialqualitéit an d’Équipementsméiglechkeeten, déi an d’Luxusklass passen.
Mir soen et dacks, an et bleift wouer. Audi baut momentan déi bescht verschafften Intérieuren a leet beim A3 esouguer nach eng Kiischt drop. Et ginn all déi Elementer, déi d’Sprooch vum “Cool” flüsteren. À propos Navi. Audi rechent mat ambitiéise Reesender. Den Display ass quasi intergalaktesch. An et kann een, eenzegaarteg an dëser Klass, seng Mëllechstrooss manuell erakrotzelen. Dat funktionéiert esouguer. Linguistesch kritt dëse Virseriemodell allerdéngs eng Datz am Franséischen. Op däitsch fënnt een d’polnesch Grenz direkt, d’Uerdere si glaskloer an e bleift wahrscheinlech kuerz viru Moskau stoen.
Als 3-Dierer ass dat hei natierlech kee Familjebus. Mä d’Plaz hannen, wann een da bis erageklommen ass, ass absolut korrekt. An de Sportback kënnt jo nach esou sécher wéi d’Amen am Gebiet.

An elo kennt de Moment, wou ech Iech vum “Modulare Querbaukaste” muss schwätzen. Et ass d’Plattform, déi sech ënnert der A3-Karosserie verstoppt. Si ass fonkelnei, 80 Kilo méi liicht a liwwert deemnächst d’Fundament fir eng ganz Rei Modeller vum Golf VII iwwert de Skoda Octavia bis zu engem zukünftege Passat. Si soen, den A3 hätt doduerch un Appetit fir Kéiere gewonn. Et ginn am Hannerland vu Palma e puer Stroosse wou een dat kinnt iwwerpréiwen.
D’Stroosselag huet sech effektiv e puer wichteg Kräck a Richtung Fun déplacéiert. De Virgänger hat als eenzegt Géigegëft fir Ënnersteieren de Grip vun de viischte Pneuen. Deen neien ass méi subtil, déi hënnescht Rieder renkelen zum Deel mat, an d’Resultat ass iwwerzeegend. Den A3 mécht ganz einfach Spaass. An et brauch een emol net alles op Dynamik ze polen. Wien d’Knäppercher op “auto” léisst, kritt nach gudde Confort dobäi.
Dee stäkerste Motor ass fir den Ufank den 1.8 TFSI mat 180 Päerd. Grad dat richtegt fir Passstroossen, wou awer déi um Pabeier versprache Spuersamkeet fleete geet. Turbobensinner, déi gebeetscht ginn, saufen. Basta!
Statistesch wäert souwiesou den 2-Liter-TDI d’Majoritéit vun de Commanden ausmaachen. Deen ass nei, huet 150 Päerd a soll manner verbrauchen.

Traditionell bei engem Audi-Test kommen ech zur Conclusioun, dass den Auto mir wuel gutt gefält, mä de Präis mech houschten deet an d’Oppräispolitik allerhand ass. Hei kann ech just soen, dass den A3 gelongen ass... an d’Präisser fir Lëtzebuerg nach net feststinn...