• Camaro

    • Design
    • Präis
    • Fuerleeschtungen
  • Camaro

    • Onsportleche Chassis
    • Verbrauch
    • Kappfräiheet
  • Mustang

    • Fuerleeschtungen
    • Sound & Chassispotential
    • Tuning méiglech (néideg?)
  • Mustang

    • Schrecklech Bremsen
    • Präis & Verbrauch
    • All-Weather-Pneuen

De Chevrolet Camaro an de Ford Mustang sinn Amerikaner duerch an duerch. De Pascal Becker an de Serge Pauly vergläichen déi zwee Musclecars.

Amerika huet net vill automobil Ikonen. Nieft der Corvette sinn dat hei déi zwou wichtegst. Et sinn ironescherweis Autoen, déi an der Iddi scho bal kommunistesch sinn: vill Power fir de klenge Mann.

Ford baut zënter 1964 Mustangen. En einfache Chassis an d’Méiglechkeet à la carte säin Auto zesummenzestelle mat villen Optiounen. An am léifste mat fette V8-Motoren. Chevrolet bréngt de Camaro dräi Joer méi spéit. Als Äntwert op de Mustang. D’Musclecars si gebuer.

E knappt halleft Joerhonnert an e puer Pëtrollskrise méi spéit sinn se nach ëmmer do. Knapp véier Sëtzer allebéid. Retro Jukebox-Intérieuren. Finitioun wuel net däitsch, mä fir de Präis OK. Virun allem erfrëschend kloer amerikanesch a wäit vum eurojapaneschen Eenheetsbräi.

A si klenge saugutt. Mat 6.2 Liter huet de Camaro deen déckste Motor, mä dem Mustang säi 5.0 dréint méi héich an huet méi Bass. 420 Päerd fir de Mustang, 405 fir de Camaro. Wien bereet ass, selwer ze schalte kritt beim Chevrolet 27 Päerd méi.

Mä hei an der Lëtzebuerger Wallstreet brauch een déi net. Mat enger automatescher Boîte an engem Bierg vun Dréimoment ass ee King bei der rouder Luucht. De Camaro kinnt e gudde Stadauto sinn, wann en e bësse méi kleng wier. Parkplaze fannen, ass net einfach.

Am mnauelle Mustang ass de Serge am gaange säi Fitness-Programm duerchzezéien. D’Schaltung ass wuel liichtgängeg, mä d’Kupplung verlaangt Muskelen. De Serge ass och deen éischte Mann, dee fënnt, dass säin ze laang wier... Dem Mustang säi risege Capot ass net terribel iwwersiichtlech. Fir d’Stad ass dat dee falschen Auto.

Mir flüchten, Richtung Wildwest. Ganz wäit kënnt een allerdéngs net, ier een erëm tanke muss. Manner wéi 400 Kilometer. 14 bis 15 Liter markéieren déi ënnescht Grenz vum raisonnabele Fueren ouni Frust. No uewen, jo do hellt ee besser e perséinleche Rendez-vous mam saudi-arabeschen Uelegminister. Spuersam ass keen. De Mustang ass just e bësse manner duuschtereg wéi de Camaro. Päerd wëlle gefiddert ginn.

Um Pabeier huet de Camaro wuel dat modernstent Fuerkwier, mä e Sportler ass et net. Kéiere maache kee Spaass, d’Boîte schalt hektesch hin an hir. Fléissend Cruisen, do fillt en sech wuel. Fuerdynamesch ass de Mustang méi präzis wéi de Camaro, en huet eendeiteg de bessere Chassis. Wien awer elo mengt, e kinnt sech mat engem banale GTI uleeën, deen huet besser Ersatzënnerwäsch dobäi.

D’Bremse si beispillsweis definitif ënnermotoriséiert, besonnesch beim Mustang. 70% vun de Mustangen, déi zu Lëtzebuerg verkaaft ginn, hunn dofir d’Optioun Brembo-Bremsen. Si sollt obligatoresch sinn. Mustang-Keefer bestellen och zu 90% direkt e Fuerwierkskit. Deen ass wuel gutt, mä mir sinn net hei fir serieméisseg Äppel mat gedopte Biren ze vergläichen.

Dofir hu mir eis eppes anescht ausgeduecht: den 0-90-0. Wien beschleunegt a bremst op der kierzster Streck.

De Camaro ass benodeelegt duerch seng automatesch Boîte. Do hëllefen déi besser Pneuen net vill. Bleift als Geheimwaff den Head-Up-Display. Ech kann d’Aen op der Stroossen halen an direkt bei 90 bremsen. De Marker ass gesat, um Serge! Mat enger manueller Boîte kann hien beim Uferen direkt déi ganz Kavallerie mobiliséieren. Bremsen an All-Season-Pneuen spillen hei keng esou grouss Roll. Ech hoffe just, dass hien d’90km/h um Meilentacho net fënnt. Et kann een hoffen. De Mustang gewënnt den 0-90-0, amerikanesche Schampes fir de Gewënner.

Zäit fir iwwert Dollaren ze schwätzen. An den USA sinn dat hei präiswäert Autoen. Ëm déi 28’000 Euro. Leider kommen iwwert den Atlantik etlech Fraisen dobäi.

Mat 38’500 Euro ass de Camaro dee bëllegsten. Keen anere bitt esouvill labber Leeschtung fir esouwéineg Geld. Wien haaptsächlech d’Landschaft am Cinemascope wëllt genéissen, läit hei richteg. De Mustang ass méi deier. Iwwer 45’000 Euro. An e jäizt duerno getunt ze ginn. Och dofir gëtt et eng Clientèle, déi mat näischt anescht glécklech giff ginn.

Um Enn ass et eng Affaire de Gout. D’Designwäertung geet fir eis kloer un de Camaro, banne wéi baussen. Et ass och dee bessere Cruiser. Fuerdynamesch huet de Mustang kloer d’Nues vir. Allebéid liwwere vill Leeschtung fir wéineg Geld. Et si virun allem keng langweileg Autoen. An dat ass haut rar ginn.

Chevrolet Camaro & Ford Mustang
De Chevrolet Camaro an de Ford Mustang sinn Amerikaner duerch an duerch. De Pascal Becker an de Serge Pauly vergläichen déi zwee Musclecars.