Mazda CX5

-
DE PLUS
- Motor staark a spuersam
- Clever Automatik
- Fuerleeschtungen & Stroosselag
-
DE MINUS
- Zum Deel bëllege Plastik
- Designmix bannendran
- Ofrullgeräicher
Mazda huet sech mat sengem Kompakt-SUV Zäit gelooss. De Pascal Becker wollt wëssen, op den CX5 elo direkt Uschloss un déi bescht aus der Kategorie fënnt.
Insekte kann ee mat villes lackelen. Hunneg. Oder einfach nëmmen eng schéi blo Faarf. Fir den Automobilist an de Showroom ze lackelen, geet et haut bal net méi ouni Softroader. Koreanesch Marke sinn domat grouss ginn.
Mazda huet sech Zäit gelooss. Mä Zäit fir et richteg ze maachen. Den CX5 wëllt direkt Uschloss un déi bescht vun der Kategorie fannen. D’Basis-Hausaufgabe si bekannt. De Keefer wëllt héich setzen. Den Auto soll Plaz bidden, wa méiglech eng grouss Mall hunn a praktesch am Ëmgang sinn. Missioun erfëllt!
De Keefer wëllt gutt setzen an insistéiert op Spillgezei wéi Navi, Bluetooth, Klima an eng Kamera fir d’Personal am A ze halen. Den CX5 huet alles, wat ee brauch. Just kee kohärente Bannendesign. Déi eng Équipe huet d’Compteure gemaach. Eng aner den Navi. An eng drëtt d’Commande vun der Belëftung. A keen huet mat deem anere geschwat. Et ginn dräi verschidde Faarw vu Bellichtung a plazeweis ass de Plastik bëlleg.
Mazda huet d’Sue léiwer an aner Saache gestach. Den CX5 kënnt zum Beispill mam Smart-City-Brake-System. Bei Stadvitesse bis 30km/h bremst den Auto vum selwe wann de Chauffer ofgelenkt wier an en Obstakel net mat Zäiten erkannt hätt. Wie gewinnt ass, direkt unzefuere, wann d‘Barrière vum Parking ofgeet, gëtt heiansdo onerwaart erëm agebremst, well den Aarm vun der Barrière laanscht de Sensor huscht. Mä u sech ass et e gudde, sënnvolle System.
Den CX5 ass och dat éischt Aushängeschëld fir eppes, wat Mazda “Skyactive Technology” nennt. Hannert dem Marketing-Bla stécht haaptsächlech eng Juegd op all iwwerflëssege Gramm Gewiicht. Liicht Auto gi besser, leie besser, brauche manner Sprit. Mä kann dat och bei engem Softroader funktionéieren?
An engem Wuert: jo! Den CX5 ass ee vun de liichsten a senger Kategorie, an dat spiert een. D’Stroosselag ass richteg gutt, de Mazda hellt Kéiere präzis an ouni Säitenneigung, déi ee vun héichen Autoen eigentlech erwaart.

E mécht also Spaass. Dee kënnt och zu engem groussen Deel vum Motor. Den 2.2-Liter-Turbodiesel ass fonkelnei. En dréint ongewéinlech fräi héich fir en Diesel, huet massiv Dréimoment an 175 Päerd. An e léisst sech am Alldag mat eppes iwwer 7 Liter beweegen. Wat net schlecht ass fir en héiche 4x4 mat Automatik.
D’Boite huet zwar nëmme sechs Gäng, wat haut esou eppes wéi de Minimum ass. Mä si passt immens gutt zum Motor a si ass virun allem clever gesteiert. Si huet bal ëmmer instinktiv dee richtege Gang parat.
Wien Zännrieder léiwer manuell sortéiert, spuer zwar 1’900 Euro an 8 Gramm CO2, mä d’Automatik ass e grousse Confortgewënn ouni richteg Nodeeler. Dynamesch ass dat hei ee vun de beschten aus senger Kategorie. An en ass emol net méi deier wéi d’asiatesch Konkurrenz.
En éischten CX5 gëtt et mat Bensin vu knapp 23’000 Euro un. Den Top-Diesel inklusiv Automatik ass der 34’700. Dat ass OK.