• DE PLUS

    • Chassis & Suspensioun
    • Look, Sëtzer & Spaass
    • Verbrauch
  • DE MINUS

    • Ze wéineg Dréimoment
    • Power
    • Laang Iwwersetzung

Et ass Summer an och bei eis ass Braderie. Zwee Tester zum Präis vun engem. De Pascal Becker probéiert den Toyota GT86 a.k.a. Subaru BRZ.

Den Toyota GT86 gëtt et och als Subaru BRZ. Et ass deeselwechten Auto. A béis Zonge behaapten, Subaru hätt dee gréissten Deel vun der Aarbecht geleescht...

Esou e Coupé huet zwou Missiounen: gutt ausgesinn a Spaass maachen. Wat d’Ausgesinn ugeet, ginn ech emol dovunner aus, dass Dir e Bild op Ärer Telee hutt. Fir déi, déi en eelere Modell hunn: den Auto ass blo. Et ginn hei vill praktesch Detailer. En Daach, fir dass et net erareent. Luuchte, fir wann et däischter gëtt. Eng Mall fir Saachen, déi net an d’Täsch passen. Eng Réckbänk fir ganz legal chinesesch Zirkusakrobaten ze transportéieren. E Bravo gëtt et fir de Bannendesign mat richtegem Coupé-Flair an déi gutt Sëtzpositioun fir de Chauffer. D’Schuelesëtzer sinn exzellent. Och nach no engem laangen Dag. Esouwäit fir de Pflichtprogramm.

RTL

Komme mir elo zum Kapitel Spaass. Gewiicht spillt dobäi eng grouss Roll. A seng Verdeelung. 53% vir, 47% hannen. Bal perfekt. Och de Schwéierpunkt ass niddereg. Ennert anerem, well hei e Boxermotor agebaut ass. Dat hei ass eng gutt équilibréiert Spillsaach. E Sushimesser, bei deem aner Coupéeen am Verglach wéi stompesch Axte wierken. Et hëlleft natierlech, dass déi viicht Rieder nëmme steiere mussen. De GT ass hanne gedriwwen, wéi deemols de Corolla Typ AE86. Dohir d’Zuel am Numm vum neien Celica.

Well mir hei um Circuit vu Chambley sinn, kann ee sech trauen, un d’Knäppercher spillen ze goe. Esou huet den ESP e Sportmodus.. dee komplett iwwerflësseg ass, well den Chip permanent Herzflatteren huet. Besser alles ausschalten! De GT ass dobäi extrem guttmiddeg a liicht ze kontrolléieren. Op d’mannst am drëschenen.

Et gëtt allerdéngs een Hoer an der schéiner Coupés-Zopp. Leeschtung.  De GT huet wuel 200 Päerd, déi awer gefillt just tëscht 7498 a 7500 Touren untrieden. Wat virun allem feelt, ass Dréimoment. Et muss de GT scho bal brutaliséieren, fir en un d’Rutschen ze kréien. Besonnesch hei mat der automatescher Boite. Déi hëlleft op der anerer Säit am Alldag. Well ouni si misst een zimlech vill schalten fir schëtzeg virun ze kommen. Ennert anerem well d’Iwwersetzung d’Temperament kastréiert. Ech mengen, nëmmen 3000 Toure bei 150 am 6., dat ass e bessen optimistesch. Reng theoretesch kinnt en 375 rennen.

Et kann een natierlech den hellege Subaru ubieden, dass deen en Turbo vun engem Impreza erofschrauwt. Oder dass Toyota e Kompresser am Tirang fënnt. E Scirocco oder Mégane Coupé gi besser. Mä dat ass e bësse wéi ze soen, dass e Buch besser ass, well et méi Buchstawen huet. Et kennt op d’Geschicht un, déi een zielt. Déi vum GT ass originell, iwwerraschend spuersam a virun allem ëmmer erem spannend, och bei relativ legale Vitessen. Fir 30’000 Euro géife mir en als Thriller vum Joer recommandéieren.

Toyota GT86
Et ass Summer an och bei eis ass Braderie. Zwee Tester zum Präis vun engem. De Pascal Becker probéiert den Toyota GT86 a.k.a. Subaru BRZ.