• DE PLUS

    • Handling & Stroosselag
    • Finitioun
    • Sëtzer
  • DE MINUS

    • Motor net diskret
    • Mëttelméisseg Leeschtung (fir dee Präis)
    • Präis & vill Optiounen

Déi nei A-Klass huet net méi vill mam ale Modell ze dinn. Si ass virun allem méi niddereg. Dat gefält dem Pascal. Den Diesel an d'Präisser manner.

D’Geld läit anscheinend op der Strooss. D’Leit ginn ëmmer méi Suen aus fir sougenannte Premium-Kompakt-Autoen. An elo mat der neier A-Klass ass och Mercedes bereet sech ze bécken fir ze opzerafen. Wuertwiertlech.

D’Firma huet endlech décidéiert, déi onnéideg gakeg Modeller ze käppen. Deen neien A ass niddereg, wéi en normalen Auto. Mir fannen dat gutt. Mä Pampersbomberpiloten a Leit mat Arthrose am Hëftgelenk, déi déi héich Sëtzpositioun vum Virgänger geschat hunn, mussen elo op d’B-Klass ëmklammen.

De Bannendesign ass aus därselwechter Schoul. Lüftungsdüse vum SLS, falsche Karbonfaser an en iPad-ähnleche Schierm, deen allerdéngs just en Display a keen Touchscreen ass. De Radio kléngt gutt, d’Réckfuerkamera ass eng Optioun.

Hanne setzt een net schlecht, et gëtt genuch Plaz fir d’Been. Fir de Kapp gëtt et allerdéngs méi enk, de Plafong ass no. An och déi déck Kappstützen hëllefen net géint Klaustrophobie. Et kann een se net verstellen. Vir ass dat kee Problem, hannen si se fir mech ze niddereg. Mall a Variabilitéit si klassenüblech. Net méi, net manner.

Eent war eis scho bei der B-Klass opgefall. Mercedes baut an der Tëschenzäit ganz gutt vir gedriwwe Chassisen. Och den A huet direkten Uschloss un d’Spëtzt an dëser Kategorie. Handling a Fiederungsconfort sinn ouni Zweiwel gelongen.

RTL

Beim Motor gëtt et elo méi nuancéiert. Den 1800er Turbodiesel gëtt et an zwou Leeschtungsvarianten. 109 an 136 Päerd. Wann ee weess, dass d’Premiumkonkurrenz vun Audi a BMW Maschinne mat däitlech iwwer 170 Päerd ubitt, da feelt hei eppes.

D’Iwwersetzung ass clever gewielt, déi véier éischt Gäng si kuerz – fir d’Dynamik. 5 a 6 si laang – fir d’Spueren. Ënner 6 Liter si kee Problem. De Motor mécht seng Aarbecht also objektiv korrekt, mä et géif een elo net op de Gedanke kommen, nuets opzestoen fir an d’Garage ze goen an en ze heemelen. Besonnesch wat de Kaméidi ugeet, vergësst een hei nie, dass ee mat engem “Selbstzünder” ënnerwee ass. Aner Diesele lafe bedeitend méi roueg.

Sécher, am 6. Op der Autobunn ass d’Geräischkuliss OK. Mä wann ee Premiumpräisser wëllt froen, da muss een sech och Premiumuspréch stellen. D’Präislëscht fänkt bei ronn 23’500 Euro un, da kommen déi léif Optiounen. Eng Kamera, déi Vitesseschëlder erkennt, ass schéin a gutt, en Ofstandswarner net schlecht. Béid Funktioune kënnen awer vum Chauffer sengem A erfëllt ginn – gratis! Eisen Testauto war iwwer 35’000 Euro deier. Ouni iwwerdriwwen équipéiert ze sinn.

Am Fazit kann ee soen, dass déi nei A-Klass wuel op der Héicht vun der Konkurrenz ass, mä näischt besser kann. Look a Stär sinn also Entscheedungsgrond fir déi, déi allergesch op Réng a Propeller sinn.

Mercedes-Benz A-Klass
Déi nei A-Klass huet net méi vill mam ale Modell ze dinn. Si ass virun allem méi niddereg. Dat gefält dem Pascal. Den Diesel an d'Präisser manner.