• DE PLUS

    • Confortabel
    • Gutt duerchduecht a verschafft
    • Spuersam a kräfteg
  • DE MINUS

    • "klassesch" a wéineg opreegend
    • vill Optiounen

7 ass eng gutt Ziffer. 7 Weltmierer, 7 Zwergen, 7 Doudsënnen, 7 Weltwonner. An elo 7 Golfen. De Pascal Becker huet de Golf VII op Sardinien probéiert.

Ech wees, wat Dir Iech sot. E gläicht deem alen. Vläicht well VW mat engem kohärenten an evolutiven Design 29 Millioune Golfe verkaaft huet. An do iwwerleet een sech, op den neie wierklech e Piercing an en Irokese-Schnëtt brauch fir opzefalen. Dat kinnt méi al Keefer vergraule wéi neier unzéien. D’Queen ass och ëmmer d’selwecht ugedoen. Klassiker hu Standarden.

Dat ass e bësse schuet, well een esou net direkt erkennt, dass dat hei e komplett neien Auto ass. Modularquerbaukasten nennt VW seng Legos-Këscht, mat där nach eng etlech Modeller nieft dem Golf gebaut kenne ginn.

Als Keefer huet een dovun en Auto, dee banne méi Plaz bitt an trotzdem 100 Kilo ofgespeckt huet. Gutt fir Dynamik a Verbrauch. En ass och méi bëlleg ze bauen. An dofir net méi deier wéi deen alen.

De Prinzip vum evolutive Klassizismus dominéiert och bannen. Materialqualitéit a Finitioun sinn top. Bei de Sëtzer ginn d’Meenungen ausernee. De Kameramann huet déi brong Faarf cool fonnt, ech fannen se schrecklech. Mä mir sinn eis eens, dass een exzellent drop sëtzt.

Iwwerall gouf u Verbesserunge gefeilt. Den neie groussen Touchscreen ass e reelle Fortschrëtt, d’Manipulatioun och fir Journalisten, déi nie eng Gebrauchsanweisung liesen, ganz intuitiv.

Et gëtt genuch Plaze fir Handy a Kreemchen, esouguer fir déi heiansdo lästeg Mallenofdeckung hunn se hannen eng clever Léisung fonnt. An da komme mir bei d’Assistenzsystemer.

Den neie Golf huet méi Sensore wéi d’Raumschëff Entreprise. En iwwerwaacht de Loftraum op 360 Grad, fir dass ee beim Parke keng Schréipsen dra mécht. Säin adaptive Cruise-Control hält automatesch Ofstand zum Auto virdrun, bleift esouguer am Stau stoen a fiert vum selwen erëm un wann et erëm viru geet. Esou Saache ware viru kuerzem nach de Privilège vun der Luxusklass.

Déi schéi Spillsaache sinn natierlech net gratis. Serieméisseg kritt een awer am Golf VII nei Motoren, déi bis zu 20 Prozent méi spuersam solle sinn. Eisen Testauto hat en 2.0 TDI mat 150 Päerd. Roueg, kräfteg, net duuschtereg an e gudde Partner fir déi 6-Gang-DSG-Boîte, déi elo nëmme méi 1’300 Euro extra kascht. Si ass se wäert. Well si verstäerkt déi allgemeng Liichtegkeet am Ëmgang mat dësem Auto.

Op Kéiere lues oder séier, cruisen oder gasen, de Golf VII ass ëmmer à l’aise. Wien 880 Euro an en adaptiivt Fuerwierk investéiert, kann d’Perséinlechkeet beaflosse vun Eco bis Sport. Do hunn héichqualifizéiert Ingénieure an Testpilote joerelaang getüftelt fir den optimale Kompromëss ze fannen. Mam Resultat, dass d’Positioun “normal” am beschte funktionnéiert. Haart wann et muss sinn an de Recht vun der Zäit bitt dësen Auto e Fiederungs- a Geräichsconfort, dee fir dës Klass erstaunlech ass. Dat ass de Golf-Effekt. Wat ee méi domat fiert, wat een eigentlech mierkt, dass bal alles passt. Ausser dass d’Spigele e bësse kleng sinn.

Natierlech kann een dat langweileg fannen, esou fuerchtbar raisonnabel. Mä d’Ëmgangsqualitéite bleiwe laang nodeems iergendeen ästhetesche WOW-Facteur scho laang erëm aus der Moud gefall ass. D’Chance si grouss, dass am Joer 2300 en Android-Tester dat selwecht vum Golf 70 behaapt.

Good vibrations och zum Schluss. VW huet d’Präisser am Verglach mam Virgänger net an d’Luucht geschrauft. 16’000 Euro markéieren den theoreteschen Antrëtt an d’Golf-Klass, 23’500 dee realisteschen fir en 2.0 TDI.

VW Golf VII
7 ass eng gutt Ziffer. 7 Weltmierer, 7 Zwergen, 7 Doudsënnen, 7 Weltwonner. An elo 7 Golfen. De Pascal Becker huet de Golf VII op Sardinien probéiert.