• Focus ST

    • Fuerleeschtungen
    • Relativ spuersam
    • Alldagstauglech
  • Focus ST

    • Traktiounsschwächten
    • Net diskret
    • Schuelesëtzer näischt fir déck Leit
  • Astra OPC

    • Coupé-Design
    • Sophistikéierte viischten Train mat Spärdifferential
    • Bequem Sëtzer
  • Astra OPC

    • Verbrauch
    • Motor net esou spontan
    • Vill Knäppercher

De Ford Focus ST an den Opel Astra OPC bidden allebéid vill Power fir wéineg Geld. De Pascal Becker an de Serge Pauly waren sech eens wien de beschten ass.

Autoen dinn normalerweis keng Kapen un. Mä déi heiten zwee géifen se garantéiert mam Stuerz no hannen droen. Den Opel Astra OPC an de Ford Focus ST sti fir eppes, wat an dëse gréngen Hybrid-Premium-Zäite scho bal en Anachronismus ass: erschwéngleche Power fir d’Vollek.

Allebéid dokumentéieren impressionant wat de Fortschrëtt mat der GTI-Iddi gemaach huet. 250 respektiv 280 Päerd, dat war viru guer net esou laanger Zäit Porsche-Territoire. An et ass OK, sech net ze verstoppen, an dat mat Spoiler, Rieserieder a grelle Faarwen ze weisen.

Och d’Équipementslëschten hautzedags kinnten enger aler S-Klass Tréinen an d’Luuchten dreiwen. Lieder, Luxus a Power kombinéiert mat der Polyvalenz vun engem Caddy an nach erschwéngleche Präisser.

Et sollt ee just net ze fett sinn. Well d’Recaros-Schuelesëtzer am Focus halen ee wierklech  ganz fest. Leit, déi net ganz schlank sinn, fillen sech no e puer Stonnen e bësse wéi an engem Domina-Studio. Am Astra sinn d’Sëtzer méi breet. Mä d’Ergonomie leit ënnert deene ville klenge Knäppercher. Opel baut den OPC och nëmmen als dräidierege Coupé. Dat ass wuel schéin. Esoulaang een net méi zu zwee ënnerwee ass. De Focus kritt een dogéint nëmmen als Fënnefdierer oder – an dat ass originell – als Kombi.

Raume mir dat Finanziellt direkt aus de Féiss. Den Astra OPC fänkt bei 29’400 Euro un, de Basis-Focus ass ronn 2’000 Euro méi bëlleg. Béid Testautoe ware mat Optioune kloer iwwer 30’000.

Et ginn Argumenter firwat den Opel méi deier ass: Coupé-Karosserie, 30 Päerd méi a virun allem e méi sophistikéierte viischten Train mat engem Spärdifferential. Dat wierkt, den OPC kritt d’Kraaft besser op de Buedem, dréint manner duerch, et spiert ee wéineg stéierend Aflëss an der Steierung.

Ford huet gemengt, beim ST géif d’Elektronik dat scho méi einfach a méi bëlleg regelen. Déi Rechnung ass net ganz opgaang. D’Traktioun ass méi schlecht, et zappelt am Steierrad wann een op rëtschegem Belag voll ofschlappt. Den Astra kann dat besser.

Dat sollt een elo am Alldag net iwwerbewäerten. De Focus läit ëmmer gutt, ass esouguer méi handlech wéi den Opel. Op naasser Strooss oder um Limit op engem Circuit, do gewënnt den OPC awer bei all Kéier e puer Meter.

Eis zwee Testkandidate gi jo haaptsächlech kaaft, well se Spaass solle maachen. D’Stoppauer spillt am richtege Liewen net d’Haaptroll.

Beim Astra heescht de Spaassknäppchen “OPC”. D’Gaspedal reagéiert da méi gëfteg, Steierung a Fiederung gi méi ferm. Ze ferm esouguer. De Sportsprogramm ass eng Gefor fir Zännplëmp. Et brauch een e Stroossebelag esou glat wéi e Wahlverspriechen fir dat gutt ze fannen.

Beim Focus kann een näischt verstellen. An et brauch een och net. De Standardkompromëss passt, déi direkt Lenkung begeeschtert.

An de Motor vum ST kritt elo e Kapitel fir sech. De 5-Zylinder vum Virgänger hat e Supersound. Mä et ass e bësse wéi e Kosakechouer op Sahara-Tournée. De Klang bezilt ee mat gesondem Duuscht. Den neie 4-Zylinder ass bedeitend méi spuersam. Et kennt een ënnert néng Liter ouni vu Frust ze huerelen. An esouguer de Klang ass net schlecht.

Den Opel versprëtzt gutt 1½ Liter méi an d’Brennreim. A klengt net berauschend, Richtung Stëbssuckeler. Et gëtt een och dat schläichend Gefill net lass, dass de Focus an der Praxis besser geet, obwuel em 30 Päerd feelen. Hmmm... Test!

80 am 3. Gang, ofschlappen. De Ford reagéiert direkt, gewënnt Meteren. Den Astra erwächt eréischt bei méi héichen Touren. An dann ass de Focus scho fort. De Scénario bleift deeselwechten bis an de 6. Gang. Op d’mannst bis bei déi legal 130.

Vläicht schléit dem Astra seng Stonn bei méi héiche Vitessen. Mir brauchen also e Stéck Däitschland. Déi aner Säit vun der Bréck ass legal, wat een hei an de Prisong bréngt. Den Traffic huet maximal 230 erlaabt. A bis dohinner ass den Astra net laanscht kommt. Irrelevant. Wien dacks mat méi wéi 230 ennerwee ass, ass entweder F1-Pilot, en Angeber oder en TGV-Passagéier.

Ëmmerhinn: béid Autoe leien och bei Topspeed stabil. D’Gefor kënnt éischter vum Bord vun der Strooss. Besonnesch fir de grelle Focus. Seng Faarf zitt Radarpistoule magesch un, si heescht “Tangerine Scream”, kascht 1’140 Euro extra, plus Protokoller. Dir sidd gewarnt. E geet grad esou gutt am däischterblo.

Zäit fir eng Conclusioun. Wien sech fir den Astra OPC décidéiert, mécht näischt falsch. Säi Fuerwierk ass ouni Zweiwel méi sophistikéiert, mä dat bréngt bei Alldagsvitesse wéineg Virdeeler. De Focus ass méi handlech, méi bëlleg, geet besser a verbrauch manner. An domat fir eis de Gewënner vun dësem Vergläichstest.

Ford Focus ST & Opel Astra OPC
De Ford Focus ST an den Opel Astra OPC bidden allebéid vill Power fir wéineg Geld. De Pascal Becker an de Serge Pauly waren sech eens wien de beschten ass.