• DE PLUS

    • Confort
    • 5-Zylinder-Diesel D3
    • Serieméisseg Sécherheetséquipementer
  • DE MINUS

    • Grousse Wendekrees
    • Vill Knäppercher & kleng Mall
    • Net bëlleg

De V40 gëtt dem Sécherheets-Image vu Volvo absolut gerecht. De Pascal Becker huet erausfonnt, wat den neie schwedesche Kompaktwon nach drop huet.

Volvo gehéiert jo eigentlech chineseschen Aktionären. An op Basis vun deem, wat d’Firma an de leschte Joere geliwwert huet, muss ee soen, dass d’Chinese virsiichteg mam Familljesëlwer ëmginn.

Esou huet de V40 eng vun de längste Leschte vu Sécherheetséquipementer, déi an dëser Klass ze fanne sinn. Et ass net nëmmen en Auto, deen automatesch bremst, wann e Foussgänger virun d’Nues spréngt. En huet och als éischten en Airbag, deen hannert dem Capot erausspréngt an déi haart Fenstermontanten ofdeckt, wann een dann onglécklecherweis eng Persoun sollt ustoussen. Am Look gëtt et en definitiven “air de famille” mat senge grousse Bridder. Wéi si gëtt de chinesesche Schwed an der Belsch gebaut. Wëllkomm an enger globaliséierter Welt.

Souzesoen zum DNA gehéiere confortabel Setzer an en opgeraumte Bannendesign. Mä vill Knäppercher bleiwe vill Knäppercher, och wann een se schéi placéiert. Et ginn Autoen, déi den Ëmgang mat der viller Elektronik méi transparent geléist hunn.

RTL

Esou verstoppt de V40 säi Partytrick an engem ëmständleche Menü. Et huet een d’Wiel tëschent dräi Tableausdesigns, vun traditionell iwwert eco bis sportlech. E bësse wéi wann een d’Tapéit op Knappdrock kinnt wiesselen. A jiddwer Muster mat sengem eegene Charme.

Déi grouss Volvoe gi gäre kaaft fir d’Kanner an d’Schoul ze féieren. Och de V40 transportéiert revolutionär Familljendissidenten hannen a kapitalisteschem Confort. Et sollt een e just net mat senge grousse Kombibridder verwiesselen. D’Mall ass net besonnesch grouss.

Kommerziell spréngt de V40 an en Aquarium voller hongereger Piraniaen. A kengem aneren Automobilsegment ass d’Konkurrenz momentan esou grouss. De Volvo punkt net nëmme mat sengem komplette Sécherheetspackage. Och de Kompromëss tëschent Confort a Fuerdynamik ass gelongen. E verzicht op iwwerdriwwe sportlech Ambitiounen, mä de viischten Train liwwert genuch Präzisioun a Réckmeldung fir dass een sech op Kéiere freeë kann.

Wann dat net duer geet fir sech vun der Mass ofzesetzen, dann zitt de V40 en Tromp ënnert dem Capot eraus. Den D3 huet näämlech fënnef Zylinder. An deen een Zylinder méi geet duer fir de V40 op d’mannst akustesch eng Kategorie méi héich ze katapultéieren. Leeschtungsméisseg ass den 2-Liter absolut op der Héicht vun der Konkurrenz.

150 Päerdc an e fetten Dréimomentbierg liewen hei an enger glécklecher Hochzäit mat der optioneller Automatik. Si dréit e gudden Deel zum Confortandrock bäi, mä kascht 1’900 Euro.

Mir fannen dass et e sënnvollen Extra ass, vläicht méi sënnvoll wéi nach emol 2’500 Euro méi déif an d’Täsch ze gröifen fir en 177-PS-staarken D5. Den D3 geet gutt genuch. Mat knapp 24’000 Euro ass e wuel 1’700 Euro méi deier wéi d’Basis, mä et si gutt investéiert Suen. Op et sech duerno lount weider fënnef Risen an d’Top-Finitioun Summum ze stiechen an dann d’Optiounslëscht unzegräifen, décidéiert Dir am beschte mat Ärem Banquier.

Volvo V40
De V40 gëtt dem Sécherheets-Image vu Volvo absolut gerecht. De Pascal Becker huet erausfonnt, wat den neie schwedesche Kompaktwon nach drop huet.