• DE PLUS

    • Handlech & net ze haart
    • Motor (2-Liter-TDI)
    • Finitioun
  • DE MINUS

    • Héich Luedkant
    • Plazeweis haarde Plastik

No Audi A3 a VW Golf ass de Seat León den drëtte Modell op Basis vum Modulare Querbaukasten. De Pascal Becker huet de Copy-Paste-Spuenier probéiert.

Et ass rar, dass e Markenimperium gläich dräi wichteg Modeller am selwechte Joer erneiert. Mä firwat waarden? Seat gouf emol gären de spuenesche Patient genannt, mat Verkafszuelen, déi net ganz den Erwaardungen entsprach hunn. Den neie León ass do wéi frëscht Blutt. Eng nei Spillsaach.

Ech si richteg houfreg drop, dass ech “modulare Querbaukasten” (kuerz: MQB) ka soen ouni ze tuddelen. Iwwersat heescht dat, dass de León e Bensinnsbrudder vu Golf an A3 ass.

De Luuchtendesign erënnert un Audi, d’Technologie ass awer nei. Nëmme méi LED. Ni méi eng Bir wiesselen, si sollen esou laang hale wéi den Auto. An nëmmen 20 Watt brauchen. Fortschrëtt.

Datselwecht Wuert fënnt een erëm, wann een d’Dieren opmécht. Och hei geet et méi germanesch sérieux wéi hispanesch verspillt zou. Wann en däitschen Ingénieur vu Gaudi schwätzt, mengt en domat net d’Sagrada Familia.

RTL

An doriwwer wäerten d’Cliente sech net beschwéieren. De León huet wat d’Geschwëster hunn, inklusiv neien Touchscreen, deen iwweregens gutt funktionéiert. Och bei der Finitioun gëtt et e Quantesprong par rapport zum Virgänger. Et bleift wuel e Respektofstand zu de méi deiere Konzernkonkurrenten, mä dee läit haaptsächlech an der Häert vu bestëmmte Plastiksdeeler. Mä wat d’Funktionalitéit ugeet, do kann een dem León kee Reproche maachen.

Enfin dach, e klengen. Firwat muss d’Luedkant esou héich sinn? Wann et op därselwechter Plattform och anescht a besser geet...

A propos besser goen. De León profitéiert vun der selwechter Ofspeckkur wéi seng Geschwëster. Ronn 90 Kilo manner, dat ass wéi wann de Serge géif doheem bleiwen. Dat mierkt een.

Agréabel vif beschreift d’Fuerverhalen am beschten. Seat huet eng e bësse méi ferm Ofstëmmung gewielt. Mä do wou de Virgänger bei gréissere Wellen nawell gären op Block gaangen ass, huet den neie León berouegend Reserven.

Déi stäerkste Motorisatioune kréie méi eng sophistikéiert hënnescht Achs, mä de Basis-Setup klappt scho gutt. De León fiert sech domat liichtgängeg a präzis. Eisen Testauto hat den neien 2-Liter-TDI. De Motor ass méi liicht ginn. Manner Gewiicht op der viischter Achs ass gutt fir den Handling.

En huet och vill Dréimoment, kënnt gutt aus nidderegen Dréizuelen an dréint awer fräi héich. A mat 150 Päerd huet ee wierklech genuch Leeschtung.

En ass en plus spuersam, schluppt um Pabeier nëmmen eng Colasbéchs méi Diesel wéi de vill méi schwaach 1600er. Esou dass ee sech d’Fro ka stellen, op et wierklech dowäert sollt sinn, déi méi kleng Motoren iwwerhaapt ze bestellen.

De Präis kinnt dobäi natierlech eng Roll spillen. D’selwecht équipéiert kascht en 2-Liter-TDI Style 1’800 Euro méi wéi e 1600er. Mat 22’700 Euro ass dat esou eppes wéi de gëllene Mëttel-Seat.

Wien eng DSG-Boîte wëllt, muss nach emol 1’700 Euro dropleeën. A wéi all anere León-Keefer e bësse Gedold matbréngen. Den Auto kënnt den 12. Januar an d’Garagen. Pénktlech fir de Festival.

An Dir kennt dësen Test roueg späicheren. Als leschte vun der Véierer-Band wäert deemnächst och de Skoda Octavia säi Remix vun deeneselwechte Chasis- a Motorkomponente bréngen.

Seat León
No Audi A3 a VW Golf ass de Seat León den drëtte Modell op Basis vum Modulare Querbaukasten. De Pascal Becker huet de Copy-Paste-Spuenier probéiert.