BMW i3
-
DE PLUS
- Fuerleeschtungen
- Ambiance & Raumgefill
- agréabel ze fueren
-
DE MINUS
- Autonomie
- vill Optiounen
- hënnescht Dieren net optimal
Dat hei ass d’Landung vu BMW um Planéit Elektro. Am Verglach mat den Elektroween, déi de Pascal Becker virun 3 Joer getest huet, ass de Fortschrëtt enorm.
Den i3 gouf vun Ufank un als reng elektrescht Gefier konzipéiert. Dat erlaabt Fräiheeten. Keen Auspuff, keng Kühler, keen Tank, keng déck Boîte. Et erlaabt et Batterien an engem flaache Buedem tëscht de Rieder anzebauen, an uewendrop eng liicht Karosserie aus Karbonfaser ze setzen. Wat zesummen en nidderege Schwéierpunkt an eng gutt Stroosselag garantéiert.
Den 125-Kilowatt-staarke Motor (also 170 Päerd) sëtzt direkt tëscht den hënneschte Rieder. Well den i3 mat véier Meter relativ kuerz geroden ass an trotzdem en exzellent Raumgefill bitt, huet e mussen an d’Héicht goen.
Bei den Dieren huet BMW eng onkonventionell Léisung gewielt. Déi viischt gi klassesch op, déi hënnescht awer den anere Wee. Sou kënnt ee confortabel op déi hënnescht Plazen. Nodeel awer ass, dass d’Passagéier net méi vum selwen erauskommen. Déi viischt Dier muss fir d’éischt op sinn. Net praktesch, wann een d’Kanner moies bei der Schoul erausloosse wëllt. Mä wéinstens kënnen si net bei enger rouder Luucht fortlafen.
Um Intérieur kann dat iwweregens net leien. Elegant a minimalistesch sinn zwee vill strapazéiert Wieder, mä hei passen se. D’Sëtzer si schlank an trotzdem richteg confortabel. Och an der zweeter Rei huet een nach gutt Plaz.
Texturen a Materialien solle weisen, dass hei nohalteg geplangt gouf. D’Lieder gëtt mat engem Olivenextrakt gegierft, d’Eukalyptusholz wiist séier no an d’Woll kënnt vu gléckleche Schof. A wat ausgesäit wéi recycléiert Cabinetsdeckelen ass a Wierklechkeet eng Pflanzefaser. Dat alles liwwert net nëmme Marketingmunitioun, et funktionéiert och!
Den i3 bréngt och all déi gewinnte Funktionalitéite vun engem Premiumauto mat. Confortméisseg brauch een op näischt ze verzichten... esoulaang ee sech déi vill Optioune leeschte kann.
Ënnert dem Elektroauto ass de BMW i3 esou eppes wéi e GTI. Nom Tesla S deen zweetséiersten, dee mir bis elo getest hunn. D’Elektronik erlaabt 150 km/h. Mat 170 Päerd wier wuel nach méi méiglech, mä d’Batterie wier da ganz séier eidel gesuckelt. Am Alldag méi wichteg sinn déi knapp 7 Sekonne vun 0 op 100 mat deenen een aner Autoen ëmmer erëm iwwerrascht.

Wéi déi meescht voltgedriwwe Gefierer leit awer och den i3 ënnert enger Form vun automobilem Coitus Interruptus. Wann et grad flott gëtt, ass et scho bal eriwwer. De Prospekt versprécht 160 Kilometer Autonomie. Vläicht wann ee lues fiert a keng Heizung umécht. Wie bei Minustemperaturen net erfréiere wëllt an normal am Verkéier matschwëmmt, soll realistesch 110 Kilometer plangen. Wat ëmmerhi méi ass, wéi déi allermeescht vun eis pro Dag fueren.
Déi begrenzt Autonomie ass also zum Deel e psychologesche Problem. Deen ënnert anerem mat enger besserer Infrastruktur geléist kinnt ginn. Op enger Gläichstroumborne kinnt een dem i3 seng Batterie näämlech an enger halwer Stonn oppäppelen. Just dass déi nach esou rar wéi Héngerzänn sinn. Eng normal Steckdous brauch sechs bis aacht Stonnen, eng Wallbox mat héichem Ampérage fir doheem anzebauen packt et an dräi Stonnen.
Ängstlech Nature kënne fir 5’000 Euro extra e Range-Extender bestellen. En agebauten Zwee-Zylinder-Bensinner, deen e Generator undreift. Esou kënnt ee mat reduzéierter Leeschtung wéinstens ëmmer heem.
Den i3 ass vive, handlech a flott ze fueren. De Grip allerdéngs net enorm. Seng speziell schmuel Pneuen spuere Rullenergie. Awer leider kee Geld. 229 Euro d’Stéck. Aua!
Bis elo hu mir nach net iwwert Geld geschwat. Wéivill Équipementsluxus ee wëll oder ka bezuelen, muss ee selwer décidéieren. 33’750 Euro kascht jiddefalls en Antrëtts-i3, minus d’Prime vu 5’000 Euro déi jo fir 2014 verlängert soll ginn. Am Elektroëmfeld ass dat korrekt, well anescht wéi bei verschiddene Konkurrenten musse een d’Batterie beim i3 net leasen. Si ass am Präis dobäi. BMW gëtt dorop aacht Joer oder 100’000 Kilometer Garantie. Dat misst Technophobe berouegen.
Nach spuert ee mat Elektromobilitéit kee boert Geld. Mä eisen éischten Elektrovehikel am groussen Test huet virun nëmmen dräi Joer méi kascht wéi haut den i3... an huet däitlech manner gebueden. De Fortschrëtt ass also ënnerwee, just nach net ganz ukomm.