Honda CRV 1.6 i-DTEC
-
DE PLUS
- gudde Confort & vill Plaz
- klengen Diesel kräfteg a spuersam
- clever Ëmklapp-Sëtzer
-
DE MINUS
- mëttelméisseg Traktioun (Bridgestone Blizzak)
- net vill méi bëlleg wéi 2.2 4WD
- Steierung ouni Réckmeldung
Den Honda CRV kënnt mat engem neie klengen Diesel. De Pascal Becker hat net vill Loscht op deen Test, war duerno awer ganz positiv iwwerrascht.
Eisen Test fänkt u mat engem Blues. Net nëmme well ech Fan vum JB Lenoir sinn. Et ass eng perséinlech Saach. Héich Autoen, och wann Dir se massiv kaaft an se doudsécher hir objektiv Virdeeler hunn, loosse mech absolut kal. Wann se dann nach mam klengste Motor an ouni Allrad untrieden, hunn ech de Blues.
Den Honda CRV hat et also net einfach. D’Iwwerzeegungsaarbecht huet schläichend ugefaangen. Mat Proportiounen déi stëmmen. Mat engem Intérieur, dee gutt verschafft ass. Mat enger gudder Sëtzpositioun a Miwwelen déi confortabel sinn.
Et muss ee soen, dass ee gutt a liicht erakënnt an duerno och vill Plaz huet, esouguer als wuelgefidderten, steiwen Tester. Ech ka verstoen, dass dat fir déi meescht Leit méi wichteg ass wéi maximale Grip oder 0 op 100 an zwou Sekonnen.
Bei der praktescher Réckfuerkamera hunn ech fir d’éischt geschmunzelt. Heimatt kann ee kleng Kanner fäerten doen. Gutt! A wéi se dat mam liichten Ëmklappe vun de Sëtzer geléist hunn, ass einfach clever, dat muss een zouginn. Firwat maache vill aner dat esou komplizéiert?

Mä Blues huet ugefaang ze bréckelen. Mä do war jo nach déi Saach mam Motor!
Honda verkeeft déi meescht Autoen an den USA an op asiatesche Marchéen. An do fiert een nach ëmmer léiwer mat Benzin. Menges Wëssens huet Honda bis elo nëmmen zwee Diesele fir Autoen entwéckelt. Deen éischten, en 2.2 huet iwwerrascht well en direkt gutt gaangen ass a roueg gelaf ass. Deen zweeten ass dëse 1600er mat 125 Päerd, an ech mengen och, dat ass e gudden.
Deen u sech klenge Motor stemmt déi ëmmerhin iwwer 1600 Kilo schwéier Karosserie ouni ugestrengt ze wierken. Zum engen ass dat de Verdéngscht vun enger Boîte, déi zimlech kuerz iwwersat ass, zum aneren ass de Motor ganz einfach kräfteg a lafroueg. A spuersam.
Wien einegermoosse Respekt fir de Code de la Route huet, an net bei all rouder Luucht urappt wéi e Bëlles kënnt mat 6 Liter an e puer Drëpsen 100 Kilometer.
An esouguer op der Autobunn mécht de klengen nach ëmmer eng gutt Figur. Kee GTI zwar, mä adäquat.
De Fiederungsconfort ass gutt, de Kaméidi niddereg. An, hei kënnt elo déi éischt negativ Kritik: d’Steierung ass liicht a liwwert wéineg Réckmeldung. Mä si ass ëmmerhi präzis.
D’Traktioun ass mat nëmmen zwee ugedriwwene Rieder natierlech net besser wéi mëttelméisseg, net besser jiddefalls wéi déi vun engem normalen Auto och, wann deen heiten wéi en Jeep ausgesäit. En Deel vun der Schold droen d’Bridgestone-Blizzak-Wanterpneuen vum Testauto, déi mat naasse schmierege Stroossen wierklech net frou waren.
Komme mir bei dat Finanziellt. E vir gedriwwenen Honda CRV mam klengen Diesel gëtt et ab 25’500 Euro. Allrad kascht queesch duerch d’Équipementslëscht 3’200 Euro extra. De méi staarke, mä och manner spuersamen 2.2 Diesel kèënnt dann automatesch mat. Esou gesinn e moderaten Oppräis.
Wien awer just e groussen, confortabelen an héichen Auto ouni Offroad-Ambitioune sicht, kann och scho mam 1600er glécklech ginn. Ouni de Blues ze sangen.