Hyundai i10
-
DE PLUS
- Équipement, Confort, Präis
- Rouege Motor
- Qualitéitsandrock
-
DE MINUS
- "braven" Handling
- Ofsaz an der Mall
- Bei Autobunnsvitessen net grad spuersam
No de Feierdeeg huet de Pascal Becker sech dës Kéier éischter méi liichte Kascht bestallt. Hien probéiert de klengen Hyundai i10.
Den Numm vum Restaurant ass zwar koreanesch, mä de Menu i10 gouf an Europa fir Europa entwéckelt... a gëtt an der Tierkei gekacht. A ville Faarwen, net nëmmen an dësem Blo.
D’Form mécht Appetit, un der Pai vum Designer gouf net gespuert. D’S-Wuert, “spueren”, ass jo grad dat wat een net wëllt eraus schmaachen, weder beim Plat du Jour, nach bei präiswäerte klengen Autoen. An en i10 kritt een ëmmerhi scho fir manner wéi 10’000 Euro.
Vun der Basis un heescht dat, dass véier Erwuessener gutt sëtzen, net ëmmer evident an dëser Kategorie. Virun allem awer gi se empfaang an engem Raum ouni cheap Excusen. De Plastik ass wuel nach haart, mä d’Passqualititéit a Finitioun sinn ouni Reproche, d’Instrumenter scho bal nobel. A wien e puer Euro drop leet, gëtt verwinnt mat enger Équipementslëscht, déi bei de klenge rar ass.
ESP hu se alleguer, den Testauto hat automatesch Klima, gehëtzte Sëtzer, e gudde Radio mat allen Uschlëss, Tempomat, KeylessGo an d’iwwerwaachvung vum Pneue-Loftdrock, sechs Airbags. Wéi e vill méi groussen. Just den Navi muss ee selwer matbréngen. An e klengt Hoer an der Zopp liwwert den onprakteschen Ofsaz, dee beim Ëmklappe vun de Sëtzer bleift.
Soss bitt den i10 vill gutt Iwwerraschungen a berouegend fënnef Joer Garantie, eppes woumat déi besonnesch déi europäesch Konkurrenz ëmmer nach gäizt. Wéi wa se der Qualitéit vun hirer Produktioun net ganz géifen trauen.
De Cliché seet, dass kleng Autoen an der Stad doheem sinn. Den i10 ass flénk an iwwersiichtlech, mat liichtgängege Commanden. En ass awer och erstaunlech roueg bannendran, méi roueg wéi een et an dëser Kategorie gewinnt ass. An dat betrëfft esouwuel Motor wéi Ofrullgeräicher. Witzer iwwert Yoghurtsbechere kann een hei vergiessen.
Den 1200er Véierzylinder vum Testauto liwwert 85 Päerd, wat gutt duergeet. Dëse Motor kann zwar net mam breede Dréimomentbockel vun engem Turbodiesel verwinnen, mä e leeft dofir awer esou roueg a vibratiounsfräi wéi eng kleng Bitzmaschinn. Dat ass gutt!
En i10 ka sech ouni Angscht a mat guddem Confort op Laangstrecken trauen. Autobunnsvitessen a nëmme fënnef Gäng bedeiten, dass de Motor da mat méi héichen Dréizuele schafft. Wat akustesch kee Problem ass, de Verbrauch awer iwwer siwe Liter dreiwe kann. Woumat dee klengen dann ënnert Emstänn manner spuersam ass wéi e groussen.
Allerdéngs erënnert och de Gesamtqualitéitsandrock u méi e groussen Auto. D’Stroosselag ass berouegend defensiv, mä leider ouni fuerdynamesch Reizer. Mam i10 wäert ee wuel kaum op eng Biergcourse fueren, aner kleng Autoen do méi eng frech, peppeg Chassisnatur.
Hyundai huet hei bewosst op méi breet gefächert Alldagsqualitéite gesat. A wann de Slogan net scho vun engem Konkurrent benotzt gi wier, kinnt ee soen, den i10 hätt alles vun engem groussen... ausser de Präis. Knapp 13’000 Euro fir eise volléquipéierten Testauto. Dat schmaacht.