Mazda3
-
DE PLUS
- Chassis & Sécherheetséquipement
- Équipementslëscht & Sëtzer
- 2.0 Bensinner roueg a spuersam
-
DE MINUS
- Bensinner net esouvill Dréimoment wéi Turbodiesel
- Navi mat Sproochfeeler
- Klimaautomatik zevill graff
Nom CX5 an deem grousse 6 ass dat hei elo den drëtte Mazda, deen no de sougenannte SkyActiv-Technologien entwéckelt gouf. Gemengt ass domat dat ganz Arsenal vun Ofspeckung an Optiméierung vun alle Beräicher fir den Auto méi spuersam ze maachen.
Beim Gewiicht lant Mazda trotzdem eppes iwwert Golf-Niveau, ëmmerhi mat engem Auto, deen 20 Zentimeter méi laang ass. Iwwert d’Plaz, besonnesch vir kann ee wierklech net kloen. Hei hu mir e Banneraum, deen néierens ze enk wierkt, allerdéngs awer och aus där Extralängt kee Virdeel zitt. Och net bei der Mall, déi de gudden Duerchschnëtt erfëllt.
Dem Trend fir méi héichwäerteg Plastiker gëtt hei Rechung gedroen. An déi heite Japaner kënnen elo Sëtzer bauen, déi europäesch Morphologien op alle wichtege Plaze confortabel ënnerstëtzen.
Beim Infotainment mécht Mazda d’Saachen duebel. En Touchscreen, deen een och mat engem décke Dréiknäppche bedénge kann, wann ee fetteg Fanger huet. Dat hei ass e gutt équipéierten Auto, wouriwwer ee sech freeën soll.
Allerdéngs bedeit Automatik amplaz manuell net ëmmer e Fortschrëtt, besonnesch bei Heizung a Klima. Et stellt een eng Temperatur an, direkt kënnt e Flammewerfer ënnert dem Tableau de Bord eraus, et gëtt ganz séier waarm. An esoubal d’Temperatur erreecht ass, stréimt äiskal Loft eran. Doropshin seet de Fühler, dass et ze frësch ass... an den thermesche Yoyo geet vu vir erëm un.
Wann de Chauffer awer emol seng stabel Betriibstemperatur erreecht huet, gëtt et wéineg ze meckeren. De Mazda3 bitt net nëmmen déi asiatesch Liichtgängegkeet vun de Commanden, e rullt och op engem Chassis, deen op Präzisioun a Fuerspaass getrimmt gouf. An e packt dat ouni iwwerdriwwen haart ze sinn.
Mir wënschen eis nëmmen, wéi bal ëmmer, e bësse méi Réckmeldung vum Steierrad. Déi dynamesch Qualitéite ginn iwweregens vun engem komplette Sécherheetspak ënnerstëtzt. Den 3 ass zum Beispill ee vun deenen Autoen, déi bei Stadvitessen selbststänneg bremsen, wann de Chauffer net op Zack ass.
Et gi Leit, fir déi ass Diesel esou eppes wéi Weiwaasser fir Satanisten. Si géifen esou eppes ni kafen. Fir si gëtt et d’Motorisatioun vum Testauto. En 2-Liter-Bensinner mat 120 Päerd, komplett op Spuersamkeet ausgeriicht. E geet gutt, leeft ganz roueg a suckelt am normale Betrib manner wéi 7 Liter op 100 aus dem Tank.
Den nach méi spuersamen Diesel huet 30 Päerd an e Sak Dréimoment méi. Mä ass dofir ronn 1’700 Euro méi deier. Rentabel gëtt dat erréicht no ronn 80’000 Kilometer a bei der Reprise.
Ausser an der Topfinitioun Sport kascht den Navi eng 700€ extra. Am Franséischen huet d’Madamm awer e Sproochfeeler “a accent aigu 300 mètres, tournez a accent aigu gauche!” Dat nervt, et léisst ee sech besser op Däitsch oder Englesch navigéieren. D’Navigatioun duerch d’Präislëscht fänkt bei 17’500 Euro un fir no 27’600 am Territoire vun den Optiounen unzekommen.
De Mazda3 ass flott ze fueren a gutt équipéiert. An domat konkurrenzfäheg!