AlfaRomeo 4C
-
DE PLUS
- Design & Klassikerpotential
- Fuerleeschtungen & Sensatiounen
- Relativ spuersam
-
DE MINUS
- haart, enk, onpraktesch
- Turbogedenksekonn
- Finitiounsschwächten am Intérieur
De Pascal Becker hat e Rendez-vous. Mat enger Diva, mat där ee wonnerbar Momenter erliewe kann, mä déi fir den Alldag e bëssen ustrengend ass.
Et war eng beweegten Nuecht mat onrouegem Schlof, mä mueres war den Dram nach do. A mir haten de Schlëssel!
Den Alfa 4C ass am gaange fir AlfaRomeo dat ze maachen, wat Viagra fir Männer an engem bestëmmten Alter mécht: et fillt een sech erëm jonk, sportlech, vive, ausdauernd an haart.
Naass a schmiereg Stroosse maachen, dass een sech emol virsiichteg erun taascht. D’Steierung schafft ouni Servo a liwwert dofir méi Informatioune wéi e Paparazzo nom zéngten Espresso. De 4C ass erstaunlech kompakt an direkt, dat schaaft Vertrauen. Och wann d’Gripkonditioune schappeg sinn.
Et ass zimlech séier kloer, dass dat hei keen normalen Test ka ginn. Net mat engem Auto, deen esou ausgesäit, esou kléngt, esou geet, an anengems objektiv eng gewësse Leidensfähegkeet verlaangt. Eng Fra mat där ee wonnerbar Momenter verbréngt, mä déi fir den Alldag e bëssen ustrengend ass.
D’Biller weisen net richteg, wéi déif den Auto ass. Wéi no d’Karbonsnues iwwert an heiansdo och op de Buedem schruppt.
Karbon ass hei e wichtegt Wuert. De ganze Chassis ass aus Kuelefaser. Extrem resistent, rascht garantéiert net an ass virun allem extrem liicht. De 4C bréngt dreschen knapp 900 Kilo op d’Wo, wat hautzedags wéi en ausgehéngerte Mannequin kléngt. Et gëtt eng Klimaanlag an e Radio. Mä de Recht duerno ass der Juegd nom leschte Gramm zum Affer gefall. Dat hei soll sech uspieren wéi eng Rennmaschinn fir d’Strooss. Komplett mat Mëttelmotor, symbolescher Mall an inexistenter Iwwersiicht no hannen.
Et gëtt keng elegant Manéier fir erauszeklammen, och net fir e chinesesche Konschtturner. De Passagéiersëtz léisst sech net verstellen, et brauch een en Tournevis fir Wäschwaasser nozefëllen an d’Mall vum Testauto war net komplett dicht. E Gran Turismo ass dat hei net.
Mä hutt Dir e scho gekuckt? Dat si Bagatellen. Bestellt einfach de RacingPack, well Hardcore passt!
Konzeptuell a präislech misst ech elo de Porsche Cayman als Konkurrent an d’Gespréich bréngen. En Auto, dee mir immens gären hunn, en Auto, deen an de meeschten objektive Kritäre besser ass, besser verschafft, méi confortabel, méi polyvalent. An zéng Joer ass de Cayman eng gutt Occasioun. An den Alfa e Klassiker. Basta!
Schued just, dass se eis ausdrécklech verbueden haten, en iwwert eng Rennstreck ze beetschen. Si bräichten en nach fir aner Tester. Esouwäit fir d’Vertrauen an eis Fuerkënscht.
Ëmmerhi packt dësen Auto de Sprint vun 0 op 100 a 4½ Sekonn. 240 Päerd sinn um Pabeier haut net méi beandrockend, mä an engem liichte Chassis gutt fir Sensatiounen. Den 1800er Turbo huet zwar nëmme véier Zylinder, mä kléngt wéi e Grupp-A-Rallyesauto.
En zischt, päift, knurrt wéi eppes war gerappten Hamstere misst gefiddert ginn. Flott. Mä no 100 Kilometer op der Autobunn wënscht ee sech eppes méi Roueges.
D’Sportfiederung huet op schlechte Stroossen d’Kompromëssbereetschaft vun AlKaida, déi viischt Pneue schnoffelen all Asphaltrillen no wéi e Juegdhond op Koks, den Turbo leescht sech heiansdo eng Gedenksekonn an d’6-Gang-DSG funktionéiert am beschte wann ee manuell agräift.
Wat an enger Excel-Tabell just Kritik wier, summéiert sech fir de Chauffer zu engem intensiven Erliefnes. Mental sinn ech hei mam Lancia Stratos vu mengen Dreem op der Monte ënnerwee.
Dir hutt tëscht 49 a 57’000 Euro fir e Mëttelmotor-Coupé? Wann et Ären eenzegen Auto soll sinn an Dir gäre Radio lauschtert, kaaft Iech e Cayman. Wann Dir awer regelméisseg Är perséinlech Bensinsoper wëllt genéissen, kaaft Iech den Alfa, a spuert schonn emol fir e Panda.