• DE PLUS

    • agréabel ze fueren
    • Autonomie
    • Basiséquipement
  • DE MINUS

    • Präis?
    • visuell banal
    • net laangstreckekompatibel

VW bréngt mam GTE net nëmmen en Hybrid-Golf mä mam e-Golf och e komplett elektresche Golf. De Pascal Becker fënnt den e-Golf ganz erstaunlech.

De Flughafe vun Tempelhof, an den 30er Joere vun den Nazien gebaut, ass haut pensionéiert. Mä et ass nach ëmmer eent vun de gréisste Gebeier vun der Welt, 1200 Meter laang.

Et war emol eng Zäit wou een sech net getraut hätt, laanscht dëst Gebei op an of ze fueren. Net nëmme wéinst de Bedreiwer, mä well bei Elektroautoen d’Batterien net laang gehalen hunn.

VW versprécht fir den neien e-Golf 190 Kilometer mat enger voller Charge. Dat ass méi wéi seng präislech Konkurrenten a gëtt duerch en Zesummespill vu ville Moosnamen erreecht.

Motor a Batterie sinn eng Eegenentwécklung. Mat 24,2 kWh ass de Stroumspäicher méi déck wéi zum Beispill, dee vun engem BMW i3. De Motor ass mat 115 Päerd definitiv op Energieeffizienz getrimmt.

Well d’Batterien ënnert dem Auto agebaut sinn, klauen se weder der Mall nach de Passagéier Plaz. D’Raumgefill ass wéi bei all den anere Golfen. Vu bausse weise just diskret Logoen, spezifesch Felgen an LED-Lucuhten drop hin, dass dëse Golf näischt aus dem Auspuff bléist. Sou mierken d’Noperen net direkt, wéi gréng a progressiv een eigentlech fiert. Wat eigentlech e bësse schued ass.

Banne kënnt den e-Golf serieméisseg mam schéinsten, décksten Navi an den néidegen Instrumenter fir den Elektrohaushalt ze iwwerwaachen. Et ginn divers Fuerprogrammer, déi e ganz reellen Afloss op d’Autonomie hunn. Am maximale Spuermodus versprécht de Compteur 187 Kilometer. Heizung, Klima, Heckscheif a Powermodus all zesummen dreiwen d’Prognose drastesch no ënnen.

Béi all Golf kann och den "e" mat engem Radar- a Sécherheetsarsenal ausgerüst ginn op deen d’Stasi houfreg gewiescht wier. De Chauffer kann esouguer sengem Auto vun doheem aus nospionéieren. Iwwert eng App um Smartphone kann ee liesen, wéivill Jus grad am Akku ass, an esouguer Klima an Heizung aschalten.

Fir et direkt ze soen: Am Groussstadverkéier ass den Elektro-Golf sengen Diesel- a Benzinsbridder iwwerleeën. Net nëmmen an de Spritkäschten, neen och am Fuerpleséier. Roueg, vibratiounsfrài, untrëttstaark, relax!

Am kale Krisch vum urbanen Dschungel gewënnt Elektro kloer viru Verbrennung, och bei den Touristen um Checkpoint Charlie, déi en emol net héieren ukommen.

Op den éischter schlechte Berliner Stroosse fält op, dass dem Volt-Golf seng Fiederung mat méi héichem Widderstand schafft. Net onconfortabel, just straff. En Tribut un d’Gewiicht vun der Batterie.

Den Navi melt, dass en Elektromobilfuerer zu Berlin op ronn 200 ëffentlech Luedstatiounen ziele kann. Mä nach ass an der Bordspannung alles am gréngen. Zäit fir en Ausfluch! Den Elektrogolf ass op 140 Spëtzt limitéiert. Méi wéi genuch fir d’Autobunn.

Esou en Elektroauto erënnert een ëmmer erëm un d’Fundamentalgesetzer vun der Physik. Zum Beispill, dass de Loftwidderstand am Quadrat vun der Vitesse klëmmt, duebel esou séier kascht 4 mol méi Power.

E séieren Autobunnskilometer kascht da mol gären 3 Kilometer Autonomie, de Chauffer huet also e groussen Afloss op d’Längt vun der Rees.

Iwwert déi heite Bréck hunn am Kale Krisch Osten a Westen hir Spiounen ausgetosch. Op den Elektro-Golf sech lount fir an d’elektrescht Lager iwwerzelafen, ass elo nach schwéier soen.

An Däitschland huet e Keefer automatesch Locatiounsautoen fir laang Strecken ze gutt. Fir Lëtzebuerg ass dat nach an der Diskussioun, grad ewéi den Endpräis, iergendwou tëscht 30 a 35’000 Euro kréie mir gesot.

Vum finanzielle Flou emol ofgesinn, ass den E-Golf als Gefier iwwerzeegend. Och well en nom exoteschen Tesla S deen Elektroauto ass, mat deem mir bis elo am wäitste komm sinn. Iwwert 150 Kilometer a reelle Konditiounen an d’Batterie war nach ëmmer net eidel. E Wieder wou ee weder Klima nach Heizung gebraucht huet, ass dorunner wuel net onschëlleg. Den "e" virum Golf steet trotzdem och e bësse fir “erstaunlech”.

VW e-Golf
VW bréngt mam GTE net nëmmen en Hybrid-Golf mä och e komplett elektresche Golf. De Pascal Becker fënnt den e-Golf ganz erstaunlech.