Jeep Cherokee
-
DE PLUS
- Stroosselag & Confort
- Verbrauch (140PS/2WD)
- Basiséquipement
-
DE MINUS
- Präis
- Finitioun
- kee richtegen Offroader méi (ausser Trailhawk)
Beim neien Jeep Cherokee denkt Pascal direkt un e Spaghetti-Western. Et ass eng italienesch Interpretatioun vun engem amerikanesche Klassiker.
Den originalen Jeep Cherokee war eigentlech de Virreider vum aktuelle SUV-Boom. Kompakt, liicht ze fueren, en Hauch vu Gran-Canyon-Chic fir an d’Groussgaass.
Deen heite Modell ass esou eppes wéi e Spaghetti-Western, d’Interpreatioun vun engem amerikanesche Klassiker duerch italienesch Realisateuren. Jeep gehéiert jo haut Fiat. D’Silhouette vum éischten Jeep Willys vun 1941 an der Fënsterrumm ass e Clin d’Oeil mä si leet eng falsch Pist. Well obwuel vu baussen näischt drop hindeit, ass de Cherokee e Chassis-Bluttsbrudder... vun der Alfa Giulietta.
D’Sëtzpositioun ass héich a verstellbar, just de Säitenhalt ass defizitär wat ëmsou méi opfält, well den neien Cherokee eng Affinitéit fir Kéieren huet. Méi dozou méi spéit.
Hannen dogéint sëtzt ee first Class, well d’Bänk net ze déif ass an d’Been ganz opleien. Wierklech gutt. D’Variabilitéit ass klassesch an d’Mall héich vum Buedem. Eng gutt Iwwerraschung ass dat vollwäertegt Ersatzrad, eppes wat ëmmer méi Constructeuren haut ewechspueren, wéi wann et keng Platte méi géif ginn.
D’Finitioun ass e bëssen italo-amerikanesch. Beim Testauto eng Radiosantenne, déi net gehalen huet a Plastiker, déi op engem waarmen Testdag extrem ausgedonst hunn. Mä dat verflitt jo hoffentlech. Wat bleift, ass awer insgesamt kee schlechten Androck.
Et gëtt eng clever Stopp ënnert dem Passagéiersëtz. A virun allem de ganzen Infotainment funktionéiert gutt, intuitiv via Touchscreen. Ech konnt esouguer mäin Telefon undocken, ouni d’Gebrauchsanweisung ze liesen. Onverständlech just, firwat ënnert den 13 Knäppercher um Steierrad keen ass, fir de Radio méi lues oder méi haart ze maachen.
Net dass een d’Musék elo misst bis hannen opdréinen. De Cherokee ass roueg bannendran, den 2-Liter-Fiat-Turbodiesel ënnert dem Capot akustesch diskret. A mat ëm déi 7 Liter och net iwwerdriwwen duuschtereg.
140 Päed an engem décken Auto ginn net duer fir dynamesch Explosiounen, mä si sinn adäquat. Déi wierklech gutt Iwwerraschung kënnt vun der Stroosselag. Hei fënnt een d’Alfa-Gene vun der Plattform. De Cherokee ënnersteiert spéit, zierkelt präzis ëm Kéieren – dat mécht Spaass. An en ass esouguer confortabel!
Net wéi en amerikanesche Schwabbelpudding, mä éischter progressiv-ferm. Fir mech e gelongene Mix. Mam Numm Jeep verbënnt ee jo historesch Offroad-Kompetenz, déi eisen Test-Cherokee leider net hat. Als Antrëttsmodell warr hien nëmme vir gedriwwen. An huet dach scho 35’000 Euro kascht. 37’300 wiere fir den éischten Allrad fälleg.
Domatter lant de Cherokee matzen an engem Haifëschbasseng wou ënne gutt verschaffte Koreaner mat siwe Joer Garantie op der Juegd sinn, besse méi héich lauere Japaner mat besserer Finitioun an zum Deel méi Leeschtung während uewen um Bord déi éischt plakeg däitsch Premiumproduiten no Clienten fëschen.
Wéivill vun deene wierklech Hardcore-Allrad mat Spären a Redukter brauchen, sief dohi gestallt. Den eenzeg richtege Kloter-Artist an der Gamme ass d’Trailhawk-Versioun. Déi et awer nëmme mat V6-Bensinner gëtt – eppes fir Amerikaner.
Och als Basis-Modell ass de Cherokee schonn zimlech komplett équipéiert an am Alldag en agréabele Begleeder. Leeschtungsfetischisten musse fir 30 Diesel-Päerd méi 6’000 € op den Dësch leeën. Zimlech happeg, och wann dann Allrad an eng 9-Gang-Automatik (jo, néng!) obligatoresch matkommen.