• DE PLUS

    • Raumgefill
    • Confort ouni Armut
    • Sympatheschen 3-Zylinder
  • DE MINUS

    • Variabilitéit
    • Fuerleeschtungen & Verbrauch
    • net esou bëlleg

Den neie Citroën heescht Cactus, obwuel e guer net picke wëllt. Mä de Pascal Becker huet trotzdem Paralellen tëscht Auto a pickeger Planz fonnt.

E Cactus ass eng Planz, déi op Plaze blitt, wou et net vill Flësseges gëtt. An déi meescht Cactussen hunn eng speziell Haut, déi se viru verfroossenen Ugräifer soll schützen. Wat Flësseges ugeet, zielt Citroën op eng spuersam Clientèle.

A wat d’Haut ugeet, musse mir direkt vum AirBump schwätzen. Déi Säitepanneauen aus mëllem Plastik schützen de Cactus viru Parkingstéitschen, a sollen en Autosliewe laang halen. Ästhetesch hänkt den Effekt staark vun der Kontrastfaarf vun der Karosserie of. Praktesch ass et och. Mä wien ze laang Cactus fiert, kritt doduerch schlecht Gewunnechten. Normal Autosdiere verzeie kee Mauerkontakt.

De Cactus fänkt bei knapp 14’000 Euro un. Wann een e relativ groussen Auto fir esou eng Zomm wëllt ubidden, ginn et zwou Méiglechkeeten. Et recycléiert een d’Technologie vum grousse Brudder a baut do wou d’Léin ganz niddereg sinn, dat mécht Dacia.

Citroën probéiert hei de Wee vum clevere Minimalismus a net dee vum Second-Hand-Kostüm. Et ass en duebele Spuereffekt. Wat net verbaut gëtt, kascht näischt a weit näischt. E liichten Auto brauch keen décke Motor an och net vill Sprit.

Dofir kann een hei zum Beispill déi hënnescht Fënsteren nëmmen opklappen. Och bei der Mall mierkt een, wou de roude Stëft ugesat gouf. Den ënneschte Bord vun der Mall ass héich. Wat gutt fir d’Karosseriesteifegkeet ass a Gewiicht spuert. Mä et bedeit, dass een héich muss hiewen.

D’Mall selwer ass grouss genuch. D’Réckbänk léisst sech nëmmen an engem Stéck ëmleeën an et bleift en onprakteschen Ofsaz. Dat hätten se méi clever kinnte léisen.

De Banneraum ass awer soss eng Réussite. Minimalismus muss net bëlleg wierken. Do wier zum Beispill de Multifunktiounsécran, dee gutt funktionéiert an déi meescht Knäppercher iwwerflësseg mécht. Och d’Instrumenter gi sech ästhetesch Méi.

Et sëtzt ee gutt am Cactus, vir wéi hannen. Jiddefalls bei menger Gréisst. Aner Morphologien mussen domat liewen, dass d’Steierrad net an der Déift bougéiert. Richteg clever ass et, de Passagéier-Airbag am Plafong ze verbauen. De Cactus huet doduerch eng grouss praktesch Händchekëscht.

Chassisméisseg sinn d’Wuerzelen déi vun aneren C-Modeller, net ze mëll, mat guddem Confort a limitéierten dynameschen Ambitiounen. Wat net schlëmm ass. Zum enge well de Cactus entspaant roueg bannendran ass an e gudde Radio huet. Zum anere well et manner op de Chrono a méi op d’Aart a Weis ukënnt.

Eise Cactus hat nëmmen 1200 Kubik an dräi Zylinder. Et ass e klenge Motor, deen zefridde schnurrt wöi eng Kaaz bei der Mëttesrascht an ouni Turbo 82 Päerd mobiliséiert. Am Stadverkéier ass een agréabel iwwerrascht, iwwert wéivill Dréimoment dës Maschinn scho bei nidderegen Dréizuele bitt.

Op fräier Gewan huet een d’Wiel. Gedold oder fläisseg schalten. No 15 Sekonnen taucht 100 op, den däitschen Autobunnshorizont läit bei 170. Also duerchaus laangstreckentauglech. Et gi méi staark Motoren am Katalog.

Wat de Verbrauch ugeet, kënnt ee wann ee brav ass mat 6 Liter an e puer Drëpsen 100 Kilometer wäit. Fir déi Fabelwäerter aus dem Katalog muss een e Zen-Mönch sinn, deen d’Gaspedal mat enger Helium-gefëllter Fieder këddelt, am Biergof, mat Réckewand.

Diesele si méi spuersam. Mä och méi deier an eréischt no ronn 47’000 Kilometer rentabel. Eisen Test-Cactus war net schlecht équipéiert, an huet dofir 17’000 Euro kascht. Richteg bëlleg ass dat net. Mä dofir kritt ee jo sympathesche Minimalismus ouni Discount-Aroma.

VIDEO: Citroën C4 Cactus
Den neie Citroën heescht Cactus, obwuel e guer net picke wëllt. Mä de Pascal Becker huet trotzdem Paralellen tëscht Auto a pickeger Planz fonnt.